Muselzeidung mz480

Page 62

MANTERNACH Interview mam Buergermeeschter

JEMPI HOFFMANN

Mir erliewen de Moment iwwerall op der Welt eng schwéier Zäit. De Coronavirus huet d’ganz Gesellschaft fest am Grëff a ganz vill Leit maache sech Suergen, wéi alles weidergeet. Wat ass fir Iech an dëser Zäit dat Wichtegst, wéi eng Roll spillen an dëser schwiereger Zäit d’Gemengen? Dat Wichtegst ass natierlech d´Gesondheet vun de Leit, an awer och hiert Wuelbefannen innerhalb vun der Gemeng. Eng Gemeng kann de Leit op verschidden Aart a Weisen hëllefen. Wichteg ass, dass eng Gemeng och an dëse schwieregen Zäiten hir Servicer ubitt an doriwwer eraus awer och nach weider Aktioune lancéiert, wéi beispillsweis een Akafsservice. Weiderhi waren d´Gemengen e wichtegen Acteur bei der Verdeelung vun de Masken. Wéi hëlleft Är Gemeng sengen Awunner a senge Veräiner duerch dës schwéier Zäit vun der Pandemie?

D’Geschäfts- an d’Handwierksleit aus der Gemeng

Manternach wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2021

Steckbréif

Gemeng Manternach DIERFER Berbuerg, Manternach, Mënjecker, Lelleg FLÄCH 2.768 ha AWUNNER OP DEN 1. JANUAR 2020 2.113 AWUNNER BIS HAUT 2.154 NATIONALITÉITEN 47 BUERGERMEESCHTER Jempi Hoffmann SCHÄFFEN Alix Klein-Ungeheuer, Claude Theisen GEMENGERÉIT Fränky Hellers, Henriette Klein-Seil, Isabelle Krier-Steinmetz, Rosy Lehmann-Thoss, Roby Mehlen, Alice Schram-Petri

62 MUSELZEIDUNG

Als kleng Gemeng ass dat natierlech net sou evident. Mir hunn awer versicht, fir duerch verschidde Mesurë wéi duerch den Akafsservice, dee mir zesumme mat fräiwëllege Bierger gestart hunn, besonnesch den eeleren a vulnerabele Leit ze hëllefen. Fir d´Veräiner, déi fir mech e ganz wichtege Pilier vum soziale Liewe sinn a ganz wäertvoll Aarbecht leeschten, zemools fir eis Jugend, hu mir am Gemengerot en extraordinäre Subsid gestëmmt fir hinnen an dëser schwéierer Zäit ze hëllefen. Och soss probéiere mir permanent fir eis Bierger a Veräiner do ze sinn. Wéi gesäit de Moment d‘Veräinsliewe bäi Iech an der Gemeng aus? Mir hunn zesumme mat de Veräinsvertrieder, besonnesch mat de Sportsveräiner, Konzepter ausgeschafft fir dës Aktivitéiten sou weit wéi méiglech weider lafen ze loossen, well se wichteg fir d‘Gesondheet an déi sozial Kohäsioun sinn. Leider si mëttlerweil rëm nei Restriktioune komm. Déi meescht Manifestatiounen hunn natierlech missen ausfalen, mee vill Veräiner hunn sech aus deem Grond flott Alternativen afale gelooss. Ass de Moment eppes an Ärer Gemeng wärend der Adventszäit geplangt? Eis Seniorekommissioun huet sech, well déi geplangten Adventsfeier ausfale wäert, eng kleng Iwwerraschung fir eis eeler Matbierger afale gelooss. Fir de Rescht leider net vill. Mir kënne just hoffen, dass sech d´Situatioun séier verbessert. Vill Betriber haten et wärend dem Lockdown net einfach oder hunn elo nach Schwieregkeete mat der aktueller Situatioun iwwert d’Ronnen ze kommen. Wéieen Impakt hat de Lockdown op d’Gemengefinanzen, wäerte geplangte Projeten an der Gemeng net kënnen ëmgesat ginn? Déi aktuell Situatioun wäert leider e grousse finanziellen Impakt op d´Gemengefinanzen hunn. Aus deem Grond fannen ech et och schued, dass d´Regierung do kaum eppes ënnerhëlt fir de Gemenge finanziell ze hëllefen. D´Gemenge sinn e wichtegen ekonomeschen Acteur, déi mat dofir suergen, dass eis kleng a mëttelstänneg Betriber gutt funktionéieren. Trotz de Schwieregkeete wëlle mir eis Projeten, déi natierlech lo schonn e puer Méint Retard kréien, weiderféieren, noutfalls mat engem Emprunt. Grad a Krisenzäiten ass et wichteg an d´Zukunft vun der Gemeng ze investéieren.


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.