8 minute read
GREVENMACHER
from Muselzeidung mz480
by Presss sarl
GRÉIWEMAACHER
Interview mam Buergermeeschter LÉON GLODEN
Steckbréif
Stad Gréiwemaacher
DIERFER Gréiwemaacher FLÄCH 1.648 ha AWUNNER OP DEN 1. JANUAR 2020 4.930 AWUNNER BIS HAUT 4.934 NATIONALITÉITEN 84 BUERGERMEESCHTER Léon Gloden SCHÄFFEN Monique Hermes, Marc Krier GEMENGERÉIT Tess Burton, Martine Cognioul-Loos, Liane Felten, Patrick Frieden, Lynn Mantz, Carine Sauer, René Sertznig, Claude Wagner
Mir erliewen de Moment iwwerall op der Welt eng schwéier Zäit. De Coronavirus huet d’ganz Gesellschaft fest am Grëff a ganz vill Leit maache sech Suergen, wéi alles weidergeet. Wat ass fir Iech an dëser Zäit dat Wichtegst, wéi eng Roll spillen an dëser schwiereger Zäit d’Gemengen?
Dat Wichtegst ass am Moment d’Gesondheet vun eise Bierger, Biergerinnen, Mataarbechter, wei och déi vun eise Veräiner a Betriber. Andeem mir geféierlech Situatioune vermeiden, de Maacher Leit déi aktuellst Informatioune kloer kommunizéieren an d’Sécherheetsmesurë strikt anhalen, kënne mir et zesumme packen. D’Maacher loossen sech net sou séier ënnerkréien, dat hunn déi lescht Méint bewisen. De Miseler Way of Life wäert de Kampf géint de Covid-19 gewannen. Besonnesch stolz sinn ech, dat mir am Ufank vun der Pandemie de Centre Culturel als Centre de soins avancés (CSA) ëmfunktionéiere konnten. Souguer d’Mataarbechter vun de verschiddene staatleche Verwaltunge waren iwwerrascht, dat mir, dank enger gudder Zesummenaarbecht tëschent Staat, Gemeen, Betriber a ville Fräiwëllegen, esou séier opgeriicht kruten. En décke Merci u jiddereen, dee gehollef huet, sou wéi un déi vill Leit, déi d’Patiente betreit hunn. Dëst huet kloer bewisen, datt mir endlech dezentral Gesondheetsstrukturen am ländleche Raum brauchen.
Wéi hëlleft Är Gemeng hiren Awunner, hire Betriber a Veräiner duerch dës schwéier Zäit vun der Pandemie?
D’Stad Maacher huet, vun Ufank vun der Kris un, hir Awunner mat enger klorer Informatiounspolitik an duerch ënnerstëtzend Servicer begleet. Sou gouf direkt am Ufank vun der Kris en Akafsservice fir vulnerabel Leit ageriicht. D’Stad Gréiwemaacher këmmert sech och elo erëm ëm d’Akeef a liwwert se bei déi betraffe Leit heem. Eng speziell Internetsäit, déi all Informatioune ronderëm d’Coronakris regroupéiert, ass ageriicht ginn, hei fannen d’Bierger vu Kontaktdate bis zu Restauranten déi heemliwweren, alles wat se brauchen. Ausserdeem huet d’Gemeng nach virun der Regierung all Awunner Masken ausgedeelt. Als Trouscht fir dat ofgesoten Drauwen- a Wäifest huet all Haushalt e Coffret mat enger Fläsch Cuvée de la Reine an Drauwejus kritt.
Wéieng Betriber aus Ärer Gemeng ware wärend dem Lockdown besonnesch innovativ oder hunn der Gesellschaft op iergendeng Aart a Weis am Alldag gehollef?
Vill vun eise Restaurateuren hu ganz séier reagéiert fir een Ofhuel- oder Liwwerservice op d’Been ze setzen. Dat huet besonnesch eisen eelere Matbierger gehollef. Et sënn awer och Geschäftsleit, déi probéiert hunn, hier Produiten iwwert eng national Verkafsplattform am Internet unzebidden. Och d’Veräiner a Betriber sinn duerch Subside vun der Stad Gréiwemaacher ënnerstëtzt ginn, fir hire Verloschter vun dësem Joar entgéintzewierken. Mir meeschteren d’Coronakris zesummen.
Wéi eng Betriber aus Ärer Gemeng ware wärend dem Lockdown besonnesch innovativ oder hunn der Gesellschaft op iergend eng Aart a Weis am Alldag gehollef?
D’Firma Euroline huet am Ufank vun der Kris séier reagéiert a Sécherheetsmaterial wéi Plexiglas-Trennwänn fir
Betriber am ganze Land produzéiert. Dës Weideren hu vill Betriber sech der Situatioun ugepasst, andeem se OnlineShopping a -Booking fir hire Betrib agefouert hunn. D’Restaurateuren hunn e Liwwerservice ugebueden an d’Veräiner ware kreativ, andeems se sech online getraff hunn, fir zesumme Videoen opzehuelen oder och Coursen ze ginn.
Wéi gesäit de Moment d‘Veräinsliewe bei Iech an der Gemeng aus?
D’Veräinsliewen ass natierlech zeréckgeschrauft ginn. Duerch déi verschidden, awer néideg Mesuren ass et net einfach Ekippesport oder Museksprouwen ofzehalen. Mir hunn awer decidéiert, eis Kultur- a Sportsinfrastrukturen net zouzemaachen. Vill Veräiner hunn d’Zäit genotzt, fir Internetsäiten ze aktualiséieren, an och vill flott Projeten iwwer Internet ze realiséieren (Prouwen, Visitten, a.s.w.).
Ginn et Geleeënheeten an Ärer Gemeng wou d’Leit sech, trotz der schwiereger Situatioun, ënnert deene virgeschriwwenen Hygiènesmesurë begéine kënnen an hir sozial Kontakter fleege kënnen?
De Maacher Moart bleift an dësen Deeg nach eng vun de sécherste Plaze fir anzekafen, Plaze wéi de Päiperleksgoart an de Kulturhuef Kino sinn op d’Coronamesuren agestallt a kënnen a Sécherheet besicht ginn. Ausserdeem ginn et zu Maacher flott Wanderweeër duerch de Bësch oder laanscht d’Musel, déi besonnesch dëst Joar vill genotzt ginn.
Ass de Moment eppes an Ärer Gemeng wärend der Adventszäit geplangt?
Wéi all Joar wäert zu Gréiwemaacher an der Adventszäit nees eng flott Chrëschtdagsbeliichtung opgehaange ginn, an der Foussgängerzon leeft Chrëschtmusek, an d’Geschäfter lackele mat flotte Wanteraktiounen. Och de Kleesche wäert dëst Joar nees säi Wee op Maacher fannen, och wann et anescht wäert sinn, d’Kanner ginn net vergiess. E Chrëstmoart wäert et dëst Joar net ginn.
Vill Betriber haten et wärend dem Lockdown net einfach oder hunn elo nach Schwieregkeete mat der aktueller Situatioun iwwert d’Ronnen ze kommen. Wéi een Impakt hat de Lockdown op d’Gemengefinanzen, wäerte geplangte Projeten an der Gemeng net kënnen ëmgesat ginn?
Wéi all Gemeng kritt och d’Gemeen Maacher manner Recettë vum Staat, bedéngt duerch d’Coronakris, ongeféier 3.600.000 €. Eng Rei “nice to have-Projeten”, wéi zum Beispill eng “Bike-Waschanlag” wäerten zu dësem Zäitpunkt net kënne realiséiert ginn. Mir hunn déi lescht Jore ganz vill a strukturell nohalteg Infrastrukturen investéiert. Dës Investissementer wäerten och virugefouert ginn. Den Haaptprojet ass a bleift d’Erneierung vum Centre Culturel mat ënnerierdeschem Parking, der neier Busgare an d’Neigestaltung vum Schwäinsmoart. An dëse wirtschaftlech schwéieren Zäite fir is Betriber hunn d’Gemengen, an och de Staat, eng besonnesch Verantwortung, fir d’Wirtschaft ze ënnerstëtzen. D’Maacher Gemeen iwwerhëlt dës Verantwortung. Dofir gëtt och weider zum Beispill a modern Stroosseninfrastrukturen investéiert. (zum Beispill 2. Phas vun der Kellereistrooss). All Projeten, déi schonn ugelaf sinn, ginn natierlech fäerdeg gemaach. Eis D‘ganz Equipe vum CIGR Canton Grevenmacher wënscht Iech schéi Feierdeeg an e glécklecht neit Joer
Servicer
- Hecke schneiden - Gaart gruewen - Beem schneiden - Ronderëm d’Haus propper maachen - Wanterdéngscht - Griewer botzen - Am Stot hëllefen - a villes méi
Gréiwemaacher | Mäertert | Wormer | Fluessweiler | Manternach | Biwer | Bech
Ëffnungszäiten: Méindes-Freides 8.00-16.00
3 rue de Flaxweiler L-6776 Grevenmacher proximite@grevenmachercig.lu Tél. : 26 74 63 853
D’Gemeen Gréiwemaacher wënscht schéi Feierdeeg an e goude Rutsch an dat neit Joar!
HEURES D’OUVERTURE ËFFNUNGSZÄITEN www.grevenmacher.lu/fr/Pages/Contact.aspx
Ëffnungszäiten op Hellegowend a Silvester: 24. & 31.Dezember: 08h30 - 11h40
6 pl. du Marché , 6755 Grevenmacher Tél. : 750311 - 1 | www.grevenmacher.lu facebook.com/grevenmacher
Interview mam Buergermeeschter
Och wann di Zäit vun der Pandemie net einfach ass, goufen et awer och positiv Aspekter. War hei eppes Extraes an Ärer Gemeng wat een erwäne kann?
Den Zesummenhalt vun de Maacher Awunner, hire Veräiner a Betriber ass dës Joar besonnesch opgefall. D’Betriber hunn sech beméit, trotz Corona, hire Clientë souwäit et méiglech war, en normale Service unzebidden, d’Veräiner hu gehollef wou se konnten, zum Beispill wann et drëm gaangen ass Informatiounsblieder auszedeelen, oder och en Hamburger-Takeout unzebidden oder den Hämmelsmarsch duerch d’Maacher Stroosse spillen ze goen. D’Regional Maacher Musekschoul, d’Monique Hermes an de Georges Urwald hunn ausserdeem ënnert dem Numm “Miseler Way of Life doheem” eng ganz Rei flott Videoe publizéiert, déi d’Zäit wärend dem Lockdown verkierzt hunn. Dës Aktioune sinn net selbstverständlech an ech soe jidderengem, dee sech sou fir seng Matbierger agesat huet, Merci.
Konnten trotz der Pandemie Projeten an Ärer Gemeng fäerdeggestallt ginn?
Trotz der schwiereger Situatioun konnten d’Aarbechten um Centre Culturel, dee komplett erneiert gëtt, ufänken. D’Regional Maacher Musekschoul freet sech och, dat d’Baustell am Osburg-Haus virukomm ass, bis Mëtt 2021 wäerten dës Aarbechten ofgeschloss sinn. Ausserdeem sinn d’sozial Wunnengen am Kahlebierg ofgeschloss, et gouf e Fitness-Parcours fir eeler Matbierger bei der Schwämm opgebaut a vill weider Stroosseninfrastruktur-Projete si fäerdeg ginn oder hunn ugefaangen. Mir haten och eng Informatiounsversammlung fir d’Bierger ofgehalen, wou déi nei Projete virgestallt gi sinn. Dës Versammlung ass och per Live-Stream am Internet gewise ginn, wou sech iwwer 200 Leit ageschalt hunn. De Feedback war ganz positiv.
Duerch d’Pandemie war de Summer dëst Joar anescht. Vill Leit hu Vakanz Doheem gemaach. Wéi war den Zoulaf un Touristen dëst Joar bäi Iech an der Gemeng?
Wärend der Pandemie huet Gréiwemaacher sech als eent vun de wichtegste Vakanzenziler fir d’Lëtzebuerger erausgestallt, Ausstellungen a Féierungen hate groussen Zoulaf, de Camping an d’Vakanzewunnenge ware gréisstendeels ausgebucht. E grousse Virdeel huet d’Stad Gréiwemaacher mat hirer oppener Schwämm, déi trotz ville Sécherheetsmesuren opmaache konnt. D’Personal vun der Schwämm an de Service technique vun der Gemeng hunn onermiddlech geschafft fir e Wee ze fannen, d’Schwämm opzehalen, déi och dës Joar ausnamsweis réischt Enn September zougemaach huet.
Vill Leit hunn am Lockdown och de Vëlo fir sech ent-
deckt. Wéi ass Är Gemeng © Alain Goedert
opgestallt fir Vëlostouren oder Wandertouren ze maachen?
Gréiwemaacher huet eng ganz Rei u flotte Vëlos- a Wanderweeër, déi dës Joar vill gefrot waren. Besonnesch wat d’Vëloe betrëfft, ënnerstëtzt d’Stad Gréiwemaacher hir Awunner mat engem Subsid op Vëloen an E-Bikes, fir d’Mobilitéit ouni Auto an der Muselmetropol ze stäerken.
D’Joar geet sou lues op en Enn, mir hunn alleguer Momenter erlieft, déi mir sou nach net kannt hunn a mir sinn nach net doduerch. Wiem wëllt Dir haut Merci soen?
E grousse Merci geet un is Mataarbechter, un d’Schoulpersonal, un d’Maison Relais, d’Crèchen an un d’Museksschoul, sou wéi och un d‘Maacher Veräiner an d’Personal vum HPPA. Ech soen och der staatlecher Verwaltung, der Arméi, an all deenen, déi beim CSA gehollef hunn, sou wéi de Betriber an deene ville Fräiwëllegen, déi eng Hand mat ugepaakt hunn Merci. Si all hunn sech agesat, fir dat de Miseler Way of Life net ënnergeet.
Wat wënscht de Buergermeeschter sengen Awunner a Betriber aus senger Gemeng fir d‘Chrëschtzäit?
Fir d’Chrëschtzäit an duerno wënschen ech den Awunner an de Betriber vu Gréiwemaacher vill Courage fir dës schwiereg Zäit. Bleift gesond a passt op Iech an Är Nächst op fir datt mir 2021 nees zesumme feieren, an dës Kris sou schnell wéi méiglech hannert eis loosse kënnen.