GRÉIWEMAACHER Interview mam Buergermeeschter
LÉON GLODEN
Mir erliewen de Moment iwwerall op der Welt eng schwéier Zäit. De Coronavirus huet d’ganz Gesellschaft fest am Grëff a ganz vill Leit maache sech Suergen, wéi alles weidergeet. Wat ass fir Iech an dëser Zäit dat Wichtegst, wéi eng Roll spillen an dëser schwiereger Zäit d’Gemengen? Dat Wichtegst ass am Moment d’Gesondheet vun eise Bierger, Biergerinnen, Mataarbechter, wei och déi vun eise Veräiner a Betriber. Andeem mir geféierlech Situatioune vermeiden, de Maacher Leit déi aktuellst Informatioune kloer kommunizéieren an d’Sécherheetsmesurë strikt anhalen, kënne mir et zesumme packen. D’Maacher loossen sech net sou séier ënnerkréien, dat hunn déi lescht Méint bewisen. De Miseler Way of Life wäert de Kampf géint de Covid-19 gewannen. Besonnesch stolz sinn ech, dat mir am Ufank vun der Pandemie de Centre Culturel als Centre de soins avancés (CSA) ëmfunktionéiere konnten. Souguer d’Mataarbechter vun de verschiddene staatleche Verwaltunge waren iwwerrascht, dat mir, dank enger gudder Zesummenaarbecht tëschent Staat, Gemeen, Betriber a ville Fräiwëllegen, esou séier opgeriicht kruten. En décke Merci u jiddereen, dee gehollef huet, sou wéi un déi vill Leit, déi d’Patiente betreit hunn. Dëst huet kloer bewisen, datt mir endlech dezentral Gesondheetsstrukturen am ländleche Raum brauchen.
© Emile Krier
Wéi hëlleft Är Gemeng hiren Awunner, hire Betriber a Veräiner duerch dës schwéier Zäit vun der Pandemie?
Steckbréif
Stad Gréiwemaacher DIERFER Gréiwemaacher FLÄCH 1.648 ha AWUNNER OP DEN 1. JANUAR 2020 4.930 AWUNNER BIS HAUT 4.934 NATIONALITÉITEN 84 BUERGERMEESCHTER Léon Gloden SCHÄFFEN Monique Hermes, Marc Krier GEMENGERÉIT Tess Burton, Martine Cognioul-Loos, Liane Felten, Patrick Frieden, Lynn Mantz, Carine Sauer, René Sertznig, Claude Wagner
34 MUSELZEIDUNG
D’Stad Maacher huet, vun Ufank vun der Kris un, hir Awunner mat enger klorer Informatiounspolitik an duerch ënnerstëtzend Servicer begleet. Sou gouf direkt am Ufank vun der Kris en Akafsservice fir vulnerabel Leit ageriicht. D’Stad Gréiwemaacher këmmert sech och elo erëm ëm d’Akeef a liwwert se bei déi betraffe Leit heem. Eng speziell Internetsäit, déi all Informatioune ronderëm d’Coronakris regroupéiert, ass ageriicht ginn, hei fannen d’Bierger vu Kontaktdate bis zu Restauranten déi heemliwweren, alles wat se brauchen. Ausserdeem huet d’Gemeng nach virun der Regierung all Awunner Masken ausgedeelt. Als Trouscht fir dat ofgesoten Drauwen- a Wäifest huet all Haushalt e Coffret mat enger Fläsch Cuvée de la Reine an Drauwejus kritt. Wéieng Betriber aus Ärer Gemeng ware wärend dem Lockdown besonnesch innovativ oder hunn der Gesellschaft op iergendeng Aart a Weis am Alldag gehollef? Vill vun eise Restaurateuren hu ganz séier reagéiert fir een Ofhuel- oder Liwwerservice op d’Been ze setzen. Dat huet besonnesch eisen eelere Matbierger gehollef. Et sënn awer och Geschäftsleit, déi probéiert hunn, hier Produiten iwwert eng national Verkafsplattform am Internet unzebidden. Och d’Veräiner a Betriber sinn duerch Subside vun der Stad Gréiwemaacher ënnerstëtzt ginn, fir hire Verloschter vun dësem Joar entgéintzewierken. Mir meeschteren d’Coronakris zesummen. Wéi eng Betriber aus Ärer Gemeng ware wärend dem Lockdown besonnesch innovativ oder hunn der Gesellschaft op iergend eng Aart a Weis am Alldag gehollef? D’Firma Euroline huet am Ufank vun der Kris séier reagéiert a Sécherheetsmaterial wéi Plexiglas-Trennwänn fir