5 minute read

SCHENGEN

Next Article
FOTOSZALOT

FOTOSZALOT

MICHEL GLODEN

Mir erliewen de Moment iwwerall op der Welt eng schwéier Zäit.

De Coronavirus huet d’ganz Gesellschaft fest am Grëff a ganz vill Leit maache sech Suergen, wéi alles weidergeet. Wat ass fir Iech an dëser Zäit dat Wichtegst, wéieng Roll spillen an dëser schwiereger Zäit d’Gemengen?

D’Gemenge waren a si weiderhi fir hir Bierger do. Vill Aarbechten hu missen erleedegt ginn an dorunner huet och d’Pandemie näischt geännert. Verschidde Servicer hu leider missen zäitweis zougemaach an duerno un déi aktuell Situatioun ugepasst ginn. Mä d’Gemeng wäert och weiderhi sou gutt et geet fir hir Awunner disponibel sinn an d’Leit beschtméiglechst um Lafenden halen.

Wéi hëlleft Är Gemeng sengen Awunner, senge Betriber a Veräiner duerch dës schwéier Zäit vun der Pandemie?

Amplaz vun der Feier fir den 3. Alter hu mir de Leit e Bong geschéckt fir an e Restaurant an der Gemeng eppes äessen ze goen. Fir Nationalfeierdag hu mir all Stot e Set mat 2 Glieser an enger Fläsch Wäi geschenkt. D’Schoulkanner hunn e Vakanzepackage mat Bonge kréit fir Minigolf spillen, iessen, an d’Schwämm an an de Kino ze goen. Wärend der Pandemie hu mir och verschidde Concoursen organiséiert an d’Gewënner krute Präisser vu Betriber aus der Gemeng. Mir hunn als Gemeng och decidéiert, de Restauranten, Caféen an anere Betriber, déi eis Gebaier gelount hunn, de Loyer fir 3 Méint auszesetzen.

Wéi gesäit de Moment d‘Veräinsliewe bäi Iech an der Gemeng aus?

D‘Veräinsliewen an der Gemeng huet natierlech an de vergaangene Méint ganz vill gelidden. Vereenzelt hu verschidde Generalversammlunge stattfonnt, ganz vill Veräiner, Museken, Sportveräiner a Jugendveräiner stinn an de Startlächer a freeë sech lo scho fir nees eppes ze organiséieren.

Ginn et Geleeënheeten an Ärer Gemeng wou d’Leit sech, trotz der schwiereger Situatioun, ënnert deene virgeschriwwenen Hygiènesmesurë begéine kënnen an hir sozial Kontakter fleege kënnen? An ass de Moment eppes an Ärer Gemeng wärend der Adventszäit geplangt?

Et wäerte verschidden Aktiounen dobaussen organiséiert ginn. Ënnert anerem verkeeft de Fussball Chrëschtbeemercher an de Fëscherveräin gereecherte Saumon. An der Fondatioun Valentiny sinn eenzel Ausstellunge geplangt.

© Raymond Gloden

Steckbréif Gemeng Schengen

DIERFER Bech-Maacher, Biermereng, Éimereng, Elweng, Rëmerschen, Schengen, Schwéidsbeng, Welleschten, Wentreng FLÄCH 3.142 ha AWUNNER OP DEN 1. JANUAR 2020 4.920 AWUNNER BIS HAUT 4.946 NATIONALITÉITEN 69 BUERGERMEESCHTER Michel Gloden SCHÄFFEN Jean-Paul Muller, Tom Weber GEMENGERÉIT Pierre Breda, Fränz Goldschmit, Pierre Hirtt, Josée Funk-Kiesch, Aline Pütz, Marc Rasic, Annette Willems-Kirsch, Raphael Wilmes

Vill Betriber haten et wärend dem Lockdown net einfach oder hunn elo nach Schwieregkeete mat der aktueller Situatioun iwwert d’Ronnen ze kommen. Wéieen Impakt hat de Lockdown op d’Gemengefinanzen, wäerte geplangte Projeten an der Gemeng net kënnen ëmgesat ginn?

De Lockdown huet e groussen Impakt op d‘Gemengefinanzen. Et muss een natierlech ofwaarde wéi en Impakt mëttelfristeg d‘Covidkris op Gemengendotatiounen huet.

Och wann di Zäit vun der Pandemie net einfach ass, goufen et awer och positiv Aspekter. War hei eppes Extraes an Ärer Gemeng wat een erwäne kann?

Den Zesummenhalt vun der Populatioun, grad sou wéi de Respekt vun de Reegele wärend dem Confinement, ware ganz luewenswäert.

Konnten trotz der Pandemie Projeten an Ärer Gemeng fäerdeggestallt ginn?

Projeten déi scho geplangt waren, wäerten och realiséiert ginn. Zukünfteg Realisatioune ginn och weiderhi ganz genee op hir Noutwendegkeet gepréift. Wärend der Pandemie gouf villes an der Gemeng frësch gemaach a gebotzt, Hecke geschnidden, Beem a Form bruecht a Schëlder ersat. Mir hunn eis Zäit geholl fir um Klimapakt ze schaffen a mir hunn zum Beispill eise Fitnessparcours zu Elweng a Stand gesat an ageweit.

Duerch d’Pandemie war de Summer dëst Joer anescht. Vill Leit hu Vakanz Doheem gemaach. Wéi war den Zoulaf un Touristen dëst Joer bäi Iech an der Gemeng? Vill Leit hunn am Lockdown och de Vëlo fir sech entdeckt. Wéi ass Är Gemeng opgestallt fir Vëlostouren oder Wandertouren ze maachen?

Ganz vill Leit si wärend de Summerméint op d‘Baggerweiere komm. Vill Leit hunn och profitéiert fir wanderen ze goen, zum Beispill am Haff Réimch oder op der Traumschleife zu Schengen. Iwwerhaapt ware vill Leit zu Fouss a mam Vëlo an der Natur oder laanscht d’Musel ënnerwee. Mir hu wärend der Pandemie och en neie Fitnessparcours zu Elweng fäerdeggestallt an ageweit.

D’Geschäfts- an d’Handwierksleit aus der Gemeng Schengen

wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2021

UND DIE ARZTPRAXIS REMERSCHEN WÜNSCHEN IHNEN SCHÖNE FESTTAGE 46, Wäistrooss L-5440 Remerschen

BLUTENTNAHME Vorläufige Öffnungszeiten Dienstag und Freitag von 6:30 bis 11:00 Uhr 285 777-1 SPRECHSTUNDE Nach Vereinbarung Montag bis Freitag 28 80 93-1 www.maindokter.online.lu

D’Joer geet sou lues op en Enn, mir hunn alleguer Momenter erlieft, déi mir sou nach net kannt hunn a mir sinn nach net doduerch. Wiem wëllt Dir haut Merci soen? Wat wënscht de Buergermeeschter sengen Awunner a Betriber aus senger Gemeng fir d‘Chrëschtzäit?

Ech wënschen den Awunnerinnen an Awunner, datt jidderee gesond bleift an datt mer schnellstméiglech nees iist normalt Liewen zeréckkréien. De Miseler „Way of Life“ feelt is alleguer. De Betriber wënschen ech, datt hir Cliente se weiderhin ënnerstëtzen. Et ass wichteg fir d‘Gemengen, datt et eng intakt Geschäftswelt gëtt.

Fenster - Haustüren - Rollläden - Raffstore - Garagentore Insektenschutz Systeme - Outdoorliving Systeme - Markisen Terrassenüberdachungen - Innentüren

Schöne Feiertage

Schéi Feierdeeg

5, Elwengerwee L-5495 Wintrange Tel: 00352 24 55 88 - 20 info@dundl.eu

www.dundl.eu

www.bionext.lu

Etablissements

Jos. Kass et Fils

s.àr.l. CHARPENTE - COUVERTURE - FERBLANTERIE 14, rue Nicolas Brucher L- 5692 Elvange Telefon: 23 66 46 67 E-Mail info@etskass.lu www.etskass.lu Mir wënschen Iech schéi Feierdeeg an e gudd neit Joer 2021

This article is from: