Muselzeidung mz480

Page 104

SCHENGEN Interview mam Buergermeeschter

MICHEL GLODEN

Mir erliewen de Moment iwwerall op der Welt eng schwéier Zäit. De Coronavirus huet d’ganz Gesellschaft fest am Grëff a ganz vill Leit maache sech Suergen, wéi alles weidergeet. Wat ass fir Iech an dëser Zäit dat Wichtegst, wéieng Roll spillen an dëser schwiereger Zäit d’Gemengen? D’Gemenge waren a si weiderhi fir hir Bierger do. Vill Aarbechten hu missen erleedegt ginn an dorunner huet och d’Pandemie näischt geännert. Verschidde Servicer hu leider missen zäitweis zougemaach an duerno un déi aktuell Situatioun ugepasst ginn. Mä d’Gemeng wäert och weiderhi sou gutt et geet fir hir Awunner disponibel sinn an d’Leit beschtméiglechst um Lafenden halen. Wéi hëlleft Är Gemeng sengen Awunner, senge Betriber a Veräiner duerch dës schwéier Zäit vun der Pandemie? Amplaz vun der Feier fir den 3. Alter hu mir de Leit e Bong geschéckt fir an e Restaurant an der Gemeng eppes äessen ze goen. Fir Nationalfeierdag hu mir all Stot e Set mat 2 Glieser an enger Fläsch Wäi geschenkt. D’Schoulkanner hunn e Vakanzepackage mat Bonge kréit fir Minigolf spillen, iessen, an d’Schwämm an an de Kino ze goen. Wärend der Pandemie hu mir och verschidde Concoursen organiséiert an d’Gewënner krute Präisser vu Betriber aus der Gemeng. Mir hunn als Gemeng och decidéiert, de Restauranten, Caféen an anere Betriber, déi eis Gebaier gelount hunn, de Loyer fir 3 Méint auszesetzen.

Schéi Feierdeeg an all Guddes r 2021 104 MUSELZEIDUNG

Wéi gesäit de Moment d‘Veräinsliewe bäi Iech an der Gemeng aus? D‘Veräinsliewen an der Gemeng huet natierlech an de vergaangene Méint ganz vill gelidden. Vereenzelt hu verschidde Generalversammlunge stattfonnt, ganz vill Veräiner, Museken, Sportveräiner a Jugendveräiner stinn an de Startlächer a freeë sech lo scho fir nees eppes ze organiséieren. Ginn et Geleeënheeten an Ärer Gemeng wou d’Leit sech, trotz der schwiereger Situatioun, ënnert deene virgeschriwwenen Hygiènesmesurë begéine kënnen an hir sozial Kontakter fleege kënnen? An ass de Moment eppes an Ärer Gemeng wärend der Adventszäit geplangt? Et wäerte verschidden Aktiounen dobaussen organiséiert ginn. Ënnert anerem verkeeft de Fussball Chrëschtbeemercher an de Fëscherveräin gereecherte Saumon. An der Fondatioun Valentiny sinn eenzel Ausstellunge geplangt.


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.