5 minute read
Manternach
from Sauerzeidung 404
by Presss sarl
STECKBRÉIF Gemeng Manternach
DIERFER Berbuerg, Lelleg, Manternach, Mënjecker
AWUNNER 2.222
NATIONALITÉITEN 46
BUERGERMEESCHTER Jempi Hoffmann
SCHÄFFEN Alix Klein-Ungeheuer, Claude Theisen
GEMENGERÉIT Frank Hellers, Henriette Klein-Seil, Isabelle Krier-Steinmetz, Robert Mehlen, Alice Schram-Petri, Rosi Thoss-Lehmann Jempi Hoffmann
INTERVIEW MAM BUERGERMEESCHTER
Eng Legislaturperiod geet op en Enn. Wéi eng Projete sollen nach bis d’Gemengewalen ofgeschloss oder op de Wee bruecht ginn? Bis zu de Wale soll nach den Ausbau vum Späicher am Gemengenhaus fäerdeg gestallt ginn. Doduerch kënne mir de Service fir d'Bierger weider verbesseren. Weiderhi soll och de Stroossebauprojet zu Mënjecker ofgeschloss ginn, wouduerch mir do rëm e modernt a performant Reen- an Ofwaassernetz wäerten hunn. Ech ginn dervun aus, dass mir am Laf vum nächste Joer d'Projeten vun eisem Pompjeesbau zu Berbuerg a vun der Crèche zu Berbuerg kënnen ufänken. Mir hunn u béiden Initiative vill geschafft a si sinn immens wichteg fir d'Gemeng. De Pompjeesbau brauche mir fir eise CIS, deen eng enorm wäertvoll Aarbecht fir all d'Leit leescht an deemno och endlech adequat Gebailechkeete brauch. D'Crèche ass noutwendeg, well mir aktuell net genuch Plazen hunn fir déi vill jonk Famille mat hire Kanner, déi bei eis an der Gemeng wunnen. Dat wäerte mir änneren. Doniewent wäerte mir och nach en Infrastruktur-Projet fir Reen-an Ofwaasser zu Lelleg starten, bei deem et leider vill Retarde gi sinn.
Wéi bléckt Dir op d‘Zäit an Ärem Amt zeréck? Wat wäert Iech besonnesch an Erënnerung bleiwen? Et war eng ganz schéin an intensiv Zäit. Dat schéint un der Gemengepolitik ass, dass ee ganz no bei de Bierger ass an domat de Leit ganz oft séier hëllefe kann. Engersäits kann een um Gemengenniveau vill konkret ëmsetzen, anerersäits ass een och ëmmer vu verschiddene Ministèren a Verwaltungen ofhängeg
a gëtt deelweis vun hinne gebremst. Dofir daueren d'Projeten deelweis enorm laang, wat enervant ka sinn. Do ass et da wichteg, um Ball ze bleiwen an d'Nerven net ze verléieren. A gudder Erënnerung bleift mir och déi konstruktiv Zesummenaarbecht mam Schäffen- a Gemengerot, a virun allem och mam Gemengepersonal. Op si konnte mir och a schwieregen Zäiten ëmmer zielen. Flott ze gesi war och d'Hëllefsbereetschaft ënnert de Gemengen aus der Regioun. Déi Solidaritéit, déi ënnert de Responsabelen aus de Gemenge gelieft gëtt, hëlleft eis alleguer, fir besser am Sënn vun de Biergerinnen a Bierger ze schaffen.
Op wéi e Projet wärend Ärer Amtszäit sidd Dir besonnesch houfreg? Et ginn eng Rei Projeten, op déi mir kënnen houfreg sinn. Besonnesch frou sinn ech awer, dass mir d'Problematik an d'Polemik, déi virun de leschte Wale ronderëm de Parking virun der Schoul zu Berbuerg waren, mat engem neie Parkingskonzept konnte léisen. Dëst Konzept dréit enorm zu der Sécherheet vun alle Schoulkanner bei an ass deemno och e wichtege Pilier am Schoulalldag. D'Sécherheet vun de Kanner muss eist Haaptuleies sinn. Mir hunn domat eise flotte Schoulsite, deen immens flott fir all d’Kanner aus den zwou Gemengen ass, weider opgewäert. An deem Kontext hu mir och mam „Séchere Schoulwee“ e Projet ëmgesat, deen et de Kanner erlabe soll, op engem séchere Wee kënnen zu Fouss an d'Schoul oder op de Bus ze goen. Bei dësem Projet bleift awer an den nächste Joren nach vill ze doen. Houfreg sinn ech awer och iwwer eis vill Projeten am Kader vum Klimapakt, déi eis Gemeng nach méi nohalteg a liewenswäert maachen.
De Krich an Europa an di aktuell Energie- a Klimakris maache jidderengem grouss Suergen. Wéi eng Moossnamen huet Är Gemeng geholl, fir d’Biergerinnen an d’Bierger an dësen Zäiten ze ënnerstëtzen resp. fir Energie anzespueren? Mir hu scho virun e puer Joer eng Allocation de solidarité + agefouert, mat där mir deene Stéit, déi finanziell net sou gutt opgestallt sinn, eng Hëllef zoukomme loossen. Dës Mesure ass an der aktueller Situatioun natierlech nach méi wichteg. Doniewent konnten d'Biergerinnen an d’Bierger och een Energiespuerkit bei eis op d'Gemeng siche kommen. Leit, déi nohalteg an energiespuerend Projete bei sech doheem realiséieren, kënnen dofir e Subsid bei der Gemeng ufroen. D'Gemeng selwer versicht natierlech mam gudde Beispill virzegoen, a souvill Energie wéi méiglech anzespueren. Mir hu scho virun e puer Joer ugefaangen, all eis Stroosseluuchten op LED ëmzerüsten. Mir hu bis elo knapp 90% gepackt. An der Nuecht ginn dës Luuchten och bis op 30% rofgefuer. Verschidden Aussebeliichtungen, wéi déi vum Gemengenhaus an der Kierch, loosse mir an der Nuecht ganz ewech.
D’Gemeng Manternach wënscht schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer!
3, Koulerstrooss L-6850 Manternach
D´Chrëschtdagsbeliichtung, déi komplett LED ass, reduzéiere mir och. Mir sensibiliséieren och d´Personal an de Gemengegebaier besser opzepassen a keng Energie onnéideg ze verbëtzen. Mir wäerten och an den nächste Jore verstäerkt op de Wee goen, fir onofhängeg vu fossile Brennstoffer ze ginn a méi erneierbar Energien ze notzen.
Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech 2023 d’Bierger an Ärer Gemeng freeën? Mir wäerten och d’nächst Joer erëm eis flott Mäert zu Berbuerg organiséieren. Mir wäerten och erëm bei der Nuit du Sport matmaachen. Doniewent sinn et awer virun allem eis Veräiner, déi dat ganzt Joer iwwer flott Evenementer organiséieren a sou aktiv zum Duerfliewe bäidroen. E grousse Merci dofir. Niewent de scho genannte Projete wäerte mir och nach weider dru plangen, d’Maison Relais auszebauen; et si weider Infrastrukturprojeten um Programm – wéi beispillsweis d’Strooss um Eier an d’Syrdallstrooss zu Manternach. Dës an nach vill aner Projete wëlle mir d’nächst Joer nach weider virundreiwen.
Wat wënscht oder erhofft Dir Iech fir 2023? Ech wënschen alle Leit schéi Feierdeeg, e gudde Rutsch an e gesond a glécklecht Joer 2023.
D’Geschäfts- an d’Handwierksleit aus der Gemeng Manternach
wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2023
De Gemengerot aus der Gemeng Manternach
Vu lénks no riets: Frank Hellers, Claude Theisen, Jempi Hoffmann, Alix Klein-Ungeheuer, Robert Mehlen, Henriette Klein-Seil
Net op der Foto: Rosi Thoss-Lehmann, Alice Schram-Petri, Isabelle Krier-Steinmetz