4 minute read

Bäerdref

Next Article
Manternach

Manternach

STECKBRÉIF Gemeng Bäerdref

DIERFER Bäerdref, Bollenduerfer Bréck, Grondhaff, Kalkesbaach, Weilerbaach

AWUNNER 2.165

NATIONALITÉITEN 51

BUERGERMEESCHTER Joe Nilles

SCHÄFFEN Daniel Scharff, Susy Seyler-Grommes

GEMENGERÉIT Guy Adehm, Carlo Bentner, Raoul Scholtes, Jean Schoos, Marc Wintersdorf Joe Nilles

INTERVIEW MAM BUERGERMEESCHTER

Eng Legislaturperiod geet op en Enn. Wéi eng Projete solle bis bei d‘Gemengewalen nach ofgeschloss oder op de Wee bruecht ginn? E Projet un deem mir laang geschafft hunn a wou d’Aarbechten elo ufänke kënnen, ass d’Vergréisserung vun eiser Schoul mam Neibau vun enger Crèche an der Maison relais. Hei wäert am Fréijoer Spuetestéch sinn a mir hoffen, dass d’Aarbechte bis d’Rentrée 2025 ofgeschloss sinn.

Wéi bléckt Dir op d‘Zäit an Ärem Amt zeréck? Wat wäert Iech besonnesch an Erënnerung bleiwen? Ganz besonnesch an Erënnerung si mir, wärend der Covid-19-Pandemie, déi speziell Ëmstänn bliwwen, déi dës mat sech bruecht hunn. Mir haten Hochzäiten op der Gemeng, wou just zwee Leit mat Mask konnten empfaange ginn. Ech hoffen, dass mir esou festlech Momenter net méi ënnert dësen Ëmstänn feiere mussen. Et freet mech immens, dass mir mat dem neie Gesetz elo Hochzäiten och op aneren ëffentleche Plazen an net nëmme just am Gemengenhaus kënnen ofhalen. Ech konnt Ufank November di éischt Koppel am Aquatower bestueden, wann och nach net ganz offiziell, mee mir wëllen dee Wee goen, dass mir den Aquatower als ëffentlech Plaz fir Hochzäiten unerkennen. Eis Gemeng war awer och di lescht Jore vun den Iwwerschwemmunge schlëmm getraff, mee mir hunn eis souwäit erholl an och eis touristesch Infrastrukturen hu mer erëm opgebaut. Positiv di lescht Jore war, dass eis Gemeng an eis Regioun ëmmer méi beléift bäi den Touriste gi sinn. D’Zuel vun den Touristen ass

di lescht 6 Joer kontinuéierlech an d’Luucht gaangen, dat freet mech immens. Mir hunn an deem Sënn och vill touristesch Infrastrukturen ausgebaut, fir eis Gemeng nach méi attraktiv ze maachen an den Tourist nach besser bäi eis wëllkomm kënnen ze heeschen.

D’Pandemie huet och dozou bäigedroen, dass erëm méi Leit heiheem Vakanz gemaach hunn an esou eis wonnerschéi Regioun hei am Land erëm entdeckt hunn. Dat freet mech besonnesch, dass erëm méi Leit sech bewosst gi sinn, dass eist Land ganz vill ze bidden huet.

De Krich an Europa an di aktuell Energie- a Klimakris maache jidderengem grouss Suergen. Wéi eng Moossnamen huet Är Gemeng geholl, fir d’Biergerinnen an d’Bierger an dësen Zäiten ze ënnerstëtzen resp. fir Energie anzespueren? Mir erliewen de Moment eng Energiekris, déi mir sou nach net kannt hunn. Mir si frou, dass mir an de leschte Joren aktiv am Klima- an am Naturpakt un dëser Thematik geschafft hunn. Mir hunn en Deel vun eiser ëffentlecher Beliichtung schonn ëmgestallt, souwéi och verschidden Heizsystemer, dermat mir manner Energie am Alldag benotzen. Houfreg si mir op eise Quartier Maartbësch mat der Touristeninfo an dem Schoulkomplex, dee mir komplett op en "Nahwärmnetz" konnten ëmstellen.

Geöffnet:

20.12.22-10.01.23: 11.00-16.00 Uhr

Geschlossen:

24.12. & 25.12.22 & 01.01.23

Jahresurlaub:

01.12.-20.12.22 & 11.01.-28.02.23

Geführte Besichtigungen können während dieser Zeitspanne jedoch weiterhin auf Anfrage gebucht werden.

WIR WÜNSCHEN

IHNEN schöne Feiertage !

Eintrittspreise:

Erwachsene: 3,50 € Kinder von 0 - 6 Jahre: Frei Jugendliche bis 18 Jahre: 2 €

www.aquatower-berdorf.lu

Aquatower a.s.b.l. 106a, rue de Consdorf L- 6551 Berdorf Tel. : (+352) 26 78 4005 aquatower@berdorf.lu

all senge Betriber an Awunner eng gutt Gesondheet, schéi Chrëschtdeeg an ee gudde Rutsch an d’Joer 2023

Wéi war d’Zesummenaarbecht mam Gemengerot? Mir haten di 6 Joer eng ganz gutt Stëmmung bäi eis am Gemengerot, mir hu gutt zesumme geschafft a versicht, all eis Decisiounen am Interessi vun eise BiergerInnen ze treffen, fir esou eis Gemeng weiderzebréngen. Ech hoffen, dass dat esou weidergeet a mir d‘Liewensqualitéit zu Bäerdref weider verbessere kënnen.

Wou ass Är perséinlech Liblingsplaz an Ärer

Gemeng?

Dat ass ganz einfach: meng Liblingsplaz an der Gemeng ass de Point de vue Sieweschloeff. Do huet een eng wonnerbar Aussiicht iwwert de Mëllerdall, den Ärenzdall fir eriwwer op Beefort.

Wat wënscht oder erhofft Dir Iech fir 2023? An éischter Linn hoffen ech, dass de Krich an der Ukrain op en Enn geet. Ech wënsche mir emol manner Krisen an erëm méi Normalitéit. Ech wënschen alle Leit schéi Feierdeeg an eng gutt Gesondheet fir d’Joer 2023.

D’Geschäfts- an d’Handwierksleit aus der Gemeng Bäerdref wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2023

De Gemengerot aus der Gemeng Bäerdref

Vu lénks no riets, 1. Rei: Guy Adehm, Jean Schoos, Joe Nilles, Susy Seyler-Grommes, Daniel Scharff 2. Rei: Raoul Scholtes, Marc Wintersdorf, Carlo Bentner

Bäerdref

Concert vun der Militärmusek am Amphitheater "Breechkaul"

Réckbléck

D'Highlights vum Joer 2022 an der Gemeng Bäerdref

VIP_dent_94x66mm_DRUCK.pdf 1 05.06.20 13:38

GELD FÜR DEINE ALTE

Bäerdref

Wanterconcert vun der Harmonie Bäerdref

Bäerdref

Den USBC 01 huet ee Scheck un d’Rout-Kräiz Kanton Iechternach iwwerreecht fir d’Affer vum Krich an der Ukrain

This article is from: