2 minute read
Rouspert-Mompech
from Sauerzeidung 404
by Presss sarl
STECKBRÉIF Gemeng Rouspert-Mompech
DIERFER Buerschdref, Bur, Dickweiler, Giischt, Giischterklaus, Giwenich, Hénkel, Hierber, Méischdref, Mompech, Rouspert, Steenem, Uesweller
AWUNNER 3.690
NATIONALITÉITEN 63
BUERGERMEESCHTESCH Stéphanie Weydert
SCHÄFFEN Patrick Hierthes, Tom Leonardy, Joseph Schoellen
GEMENGERÉIT Claude Grünewald, Ingvi Halldorsson, Chantal Hein-Zimmer, Reiner Hesse, François Hurt, Michel Koepp, Romain Osweiler, Sam Serres Stéphanie Weydert
INTERVIEW MAT DER BUERGERMEESCHTESCH
Eng Legislaturperiod geet op en Enn. Wéi eng Projete sollen nach bis d’Gemengewalen ofgeschloss oder op de Wee bruecht ginn? Et sinn nach eng ganz Partie Projeten ënnerwee an et ass leider onméiglech all eenzelnen hei opzezielen. Ech hunn der e puer erausgepickt. Duerch d’Héichwaasserkatastroph vum Juli 2021 hu mir eis politesch Prioritéite missen upassen, well essentiell Gemengeninfrastrukturen zerstéiert goufen. Mir schaffe grad intensiv un de Pläng fir den Neibau vum Centre polyvalent zu Bur, mat Sportshal, Musekssall, Maison relais, Klassesäll fir de Cycle 1, souwéi d’Schafung vun zousätzleche Klassesäll fir d’Cyclen 2 bis 4. Des Weideren entsteet grad um Site vum Schoulcampus “am Bongert” zu Rouspert e Modulbau fir d’Kapazitéiten vun der Maison relais ze erweideren. Sou soll weiderhinn all Kand aus der Gemeng vun den néidege Betreiungsinfrastrukturen profitéiere kënnen.
Fir eis Matbierger ab 50 Joer schaffe mir aktuell zesumme mat de Gemengen Iechternach a Ralingen (DE) un engem grenziwwerschreidenden Club Aktiv +. Hei wäerte kreativ, sportlech a kulturell Aktivitéite fir jonk a manner jonk Matbierger/innen ugebuede ginn, déi et hinnen erméiglechen nei Kontakter ze knëppen a flott Momenter zesummen ze verbréngen. Zu Rouspert un der Sauer entsteet grad en neit Clubhaus fir eise lokale Waasserschiveräin.
Op wéie Projet wärend Ärer Amtszäit sidd Dir besonnesch houfreg? Datt mir ganz vill Kanner mat neie Spillplazen uechter d’Gemeng konnte frou maachen: Mompech, Uesweller, Dickweiler an Hierber.
Wéi war d’Zesummenaarbecht mam Gemengerot? Mir kënnen houfreg sinn op eng flott a konstruktiv Zesummenaarbecht am Gemengerot.
Wou ass Är perséinlech Liblingsplaz an Ärer Gemeng? Giischterklaus – e klengt, idyllescht Dierfchen ëmgi vu Bëscher a Felder am Häerz vun eiser Gemeen. Et ass déi richteg Plaz fir “rof” ze kommen.
Wat wënscht oder erhofft Dir Iech fir 2023? Ech wënsche mir fir 2023, datt deen onsënnege Krich an der Ukrain endlech op en Enn geet. Et ass wichteg, datt mir och d’Energiepräisbrems an eisem Portmonni spieren an net an der Mëtt vum Mount musse fäerten, datt et net méi duer geet bis déi nächst Pai/Rent.
Ech wënschen Iech all schéi Chrëschtdeeg, e gudde Rutsch an d’Joer 2023, eng gutt Gesondheet an Zefriddenheet.
D’Geschäfts- an d’Handwierksleit aus der Gemeng Rouspert-Mompech
wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2023
Réckbléck
D'Highlights vum Joer 2022 an der Gemeng Rouspert-Mompech
Rouspert
Aweiung vun den neien Infrastrukturen um Camping du Barrage
Rouspert
Visitt vum Grand-Duc Henri am Geopark Mëllerdall