Luci - Editioun 7 - Lëtzebuergesch

Page 1


Luci

Inspiring Travel Stories from Luxembourg EDITIOUN 7 — LËTZEBUERGESCH

Op Besuch um Schlass Bierg

Am Gaart vum Grand-Duc

De Reiz vu klenge Kinoen

Film, Genoss a Gemeinschaftsgefill

Ënnerwee mat der Kamera

Vu Buerg zu Buerg mat Vëlo an Zuch

Editorial

Abonnéiert Iech op de Luci Magasinn

Wëllt Dir keng weider Editioun vun eisen inspiréierende Reesgeschichten verpassen?

Dann abonnéiert Iech a loosst de Luci gratis bei Iech heem liwweren! Dir kritt all nei Editioun an Ärer gewënschter Sprooch.

Vill Freed beim Liesen!

Moien a wëllkomm zu Lëtzebuerg,

engem ganz gréngen Eckelche vun der Welt, an doriwwer eraus och nach e reegelrecht Gaardeparadäis. Touriste siche dës Oase vun der Rou gär op, déi een natierlech um Land fënnt, awer och matten an der Haaptstad. An dëser Editioun vum Luci-Magasinn huele mir Iech dofir mat a Parken, Schlasshäff a bei Héichhaiser, tëschent deene Kraider wuessen. Och de Grand-Duc Henri léisst eis exklusiv a säi Gaart um Schlass Bierg eraluussen.

Et gëtt och dës Kéier nees sportlech. Véier Frënn si mam Vëlo vu Schlass zu Schlass ënnerwee, an natierlech wandere mer och, an zwar um Lëtzebuerger Deel vum Jakobswee an am Natur- & Geopark Mëllerdall.

Grouss Momenter op klengem Raum recommandéiere mir Iech bei eisem Tour duerch d’Kinoe vum Land.

Wiem de Popcorn net duergeet, dee fënnt vläicht eng kulinaresch Inspiratioun bei den typesche Lëtzebuerger Rezepter – nei interpretéiert.

Sicht Iech Är perséinlech Oas vun der Rou eraus, an da vill Spaass bei der Lektür vun der neier Editioun vu Luci

Bis geschwënn zu Lëtzebuerg!

Äre

Dr. Sebastian Reddeker CEO Luxembourg for Tourism

6-16

Outdoors Passion MAT FRËNN

A FOTOAPPARAT UM TOUR Vu Schlässer, Zich a Vëloen

18-23

The Good Life RONDERËM

D’FIELSSER SCHLASS Vu Schlassgespenster an aneren Holzkäpp

24-35

Outdoors Passion DE GRAND-DUC

A SÄI GAART

His Garden, His Home

36-43

Daydream

IWWERRASCHEND DETAILER OP ENGEM SPADSÉIERGANG Kuck dach emol no uewen!

44-52 Daydream

ERHUELUNG AN DER NATUR Oase vun der Rou

54-59

Open and Diverse ENG LIBESERKLÄRUNG UN DÉI KLENG KINOEN Séiss oder salzeg?

60-66

The Good Life SPILLPLAZEN ZU LËTZEBUERG Spillen, laachen, dreemen!

68-76

Outdoors Passion

ENG WANDERUNG DUERCH

DEN UNESCO-GEOPARK

Dem Mëllerdall seng lieweg geologesch Vergaangenheet

78-84

Outdoors Passion RENDEZ-VOUS

MAM „GRÉNGE MANN“ Hannert den héije Gebaier: eng Natur voller Iwwerraschungen

86-92

The Good Life ERLIEFNESSER A LÄNDLECHER GÉIGEND Landloft schnupperen

94-104

Transforming Experiences UM CAMINO DE SANTIAGO De Camino vu Lëtzebuerg

106-114

Transforming Experiences DE RESISTENZMUSÉE

ZU ESCH-UELZECHT Luucht a Schiet

116-121

The Good Life LOKAL PLATE

FIR NOZEKACHEN Kulinaresch Traditioun a Modernitéit

Vu Schlässer, Zich a Vëloen

De Fotograf Alfonso Salgueiro huet vill Passiounen, déi hie mat Frënn deelt: Outdoor-Erliefnesser, duerch déi pittoresk Landschafte vu Lëtzebuerg pedalléieren an, natierlech, ënnerwee Plazen a Momenter mam Fotoapparat afänken. An dëser Geschicht beschreift den Alfonso den Tour, deen all dës Saache kombinéiert, wärend hien a seng Frënn mat hire Vëloen a mat de gratis Zich uechter d’Land ënnerwee sinn.

Text + Fotoen ALFONSO SALGUEIRO

Mat ronn 600 Kilometer Vëlosstrecken a 700 Kilometer Mountainbike-Circuiten (eng Zuel, déi permanent weider klëmmt!), ass Lëtzebuerg e Paradäis fir Vëlostouristen.

Test Är MountainbikeSkills op Bëschweeër, duerch Fielsschluchten a fuert laanscht déi säfteg Wise an de Flëssdäll. Lëtzebuerg huet eng iwwerwältegend Varietéit u Landschaften an d’Strecke verspriechen ëmmer vill Spaass beim Vëlofueren.

Wéi ech fir d’éischt als Auslänner zu Lëtzebuerg ukoum, war ech mat deenen üblechen Erausfuerderunge konfrontéiert, wéi Frënn fannen a mech un eng nei Realitéit upassen, och a Bezuch op d’Aarbecht, d’Studien an d’Sproochebarriären. Mat der Zäit hunn ech erausfonnt, dass déi bescht Manéier, fir mech ze integréieren, wier, menge Passiounen nozegoen a se mat gläichgesënnte Leit ze deelen. Fir mech zielen dozou d’Wanderen, d’Vëlofueren an d’Fotografie. Ech hat déi grouss Chance, wonnerbar Leit vun iwwerall op der Welt ze begéinen, gradewéi Leit vun hei.

D’Symphonie vun der Eisebunn

Haut wëll ech all dës Passioune kombinéieren a se mat menge Frënn deelen. Mir ënnerhuelen zesummen e Vëlosabenteuer a maachen „on the road“ e Foto-Workshop. Mir treffen eis an der ultramoderner Géigend vum Kierchbierg, beim Pafendaller Funiculaire. Wéi ëmmer sinn ech op eisem Wee erof op d’Pafendaller Gare alt nees eng Kéier beandrockt vun der eleganter an effikasser ëffentlecher Infrastruktur vu Lëtzebuerg.

Verstäerkt gëtt dës Erfarung nach duerch d’Tatsaach, dass de gesamten ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis ass. Wärend mir um Quai waarden, tausche mer eis aus iwwer d’Andréck vum ëffentlechen Transport an eise jeeweilegen Heemechtslänner an iwwer aner Plazen, op deene mer gelieft hunn. Mir sinn eis all eens, dass d’Investissementer an den ëffentlechen Transport ee vun den Aspekter ass, déi mir zu Lëtzebuerg am meeschten appreciéieren.

Vun deem Moment un, wou mir op de Quai kommen, empfänkt eis eng

Symphonie vu Geräischer. D’Annoncen iwwer d’Lautsprecher, d’Zich, déi laanschtfueren, an d’Päife vum Zuchbegleeder, all dat schaaft eng eenzegaarteg Geräischkuliss. Jidderee kennt de vertraute Rhythmus vun engem Zuch, deen ënnerwee ass: eng Zort Tsch-tschtsch-tsch, véier séier Täkt, déi sech ëmmer nees widderhuelen. Modern Eisebunnen hunn dëst Geräisch bal iwwerflësseg gemaach, d’Essenz vun dëser „Musek vun den Zuchrieder“ läit awer nach an der Loft.

Mir fannen d’Vëloskompartiment, markéiert mat engem wäisse Vëlossymbol op gréngem Hannergrond. Mat all de Geräischer vun der Gare klamme mir an den Zuch a verloossen d’Haaptstad. D’Gespréicher kommen an d’Gäng, Erfarunge ginn ausgetosch, a ruckzuck si mer och schonn op eiser Destinatioun ukomm.

Wéi mer duerch d’Garë ginn, fir eis verschidde Strecken ze fannen, gëtt däitlech, wéi gutt alles fir d’Vëlosfuerer ausgeluecht ass. Besonnesch ameséiert hunn eis d’Couloirë säitlech laanscht d’Trapen, déi et de Cyclisten erlaben,

hire Vëlo ganz einfach erop- an erofzerullen. Et ass awer wichteg, drun ze denken, dass Vëlofueren op de Quaie streng verbueden ass.

D’Iddi, fir Zich, Vëlofueren a Fotografie mateneen ze verbannen, koum mer op engem wonnerbare Mueren, deen ech mat mengem gudde Frënd Eric Engel ronderëm d’Buerschter Schlass verbruecht hunn. Den Eric, e Lëtzebuerger, ass eng inspiréierend Persoun – e professionelle Museker, en excelente Fotograf an e leidenschaftleche Vëlosfuerer. Mir deele vill Passiounen. Ech hat schonn ëmmer Spaass um Fotograféieren, Wanderen a Vëlofueren. Do gëtt et sou villes, wat einfach Freed mécht: d’Rees mam Zuch, d’Vëlofueren duerch déi wonnerschéi Lëtzebuerger Landschaft,

De Funiculaire bei der Rouder Bréck verbënnt d’Lëtzebuerger Eisebunnsnetz mat Tram, Bus a Vëlospisten an erlaabt et de Passagéier, bannent 63 Sekonne 40 Meter no uewen ze klammen an hir Rees fortzesetzen.

Am Grupp mécht Vëlofueren am meeschte Spaass, och wann et ënnerschiddlech Niveaue gëtt, well et gi vill Geleeënheeten, an der Natur eng Paus ze maachen an d’Landschaft ze genéissen.

D’Schlass vu Schëndels, deem seng Geschicht op d’12. Joerhonnert zeréckgeet, ass eent vun de Schlässer, déi zum „Dall vun de siwe Schlässer“ gehéieren. Momentan gëtt den Tuerm renovéiert. Geplangt ass d’Installatioun vun engem

Visiteurszenter a vun engem Waasser- a Forstwirtschaftsmusée.

d’Schlässer an d’Landschafte mat eise Fotoapparater afänken an agreabel Momenter a flott Gespréicher um Wee genéissen.

Mir klammen zu Ettelbréck aus dem Zuch a si schonn déif am Éislek, am Norde vu Lëtzebuerg. Eist Zil ass et, vun Ettelbréck aus e Vëloscircuit ze starten an ënnerwee, ronderëm d’Buerschter Schlass, e puer vun deene schéinsten Aussiichtspunkten ze fannen.

Mat dobäi ass mäi brittesch-rumänesche Frënd, den George Adam. Hien ass nach net laang zu Lëtzebuerg an nach ëmmer amgaang, sech anzeliewen. Seng Situatioun erënnert mech u meng eegen éischt Deeg hei am Land. Mir starte bei der Ettelbrécker Gare, fueren da queesch duerch d’Stad a Richtung Waarken, wou d’Montée ufänkt, déi eis duerch Bëscher a laanscht Felder voll mat hellroude Feierblumme féiert.

Den George, e routinéierte Laangstreckecyclist, ass mam Vëlo vu London op Lëtzebuerg gefuer, fir bei seng Partnerin ze kommen. Op dës laang Streck ugeschwat, seet hien: „Et huet sech net esou schwéier ugefillt, well ech mat zwee gudde Frënn ënnerwee war.“ Dëse Summer plangt hien en Tripp vu Lëtzebuerg op Lissabon. Op eisem Wee potere mir driwwer, wéi den George vu sengem Papp an d’Fotografie agefouert gouf, wéi e geléiert huet, Filmer ze entwéckelen an Ofdréck ze maachen. Mat sengem geüübten A geet den George e bësse ronderëm, fir e gudde Wénkel vum Schlass ze fannen.

Mir kommen duerch d’Duerf Buerschent a genéissen dann eng rapid, landschaftlech wonnerschéin Descente op d’Buerschter Plage, wou mer stallhalen, fir d’Vue ze bewonneren, éier mer eis op de Wee op Lëpschent maachen. Mir komme bei den Aussiichtspunkt Gringlee, eng Plaz, déi

Gratist, onkomplizéiert an nohaltegt Reese mam ëffentlechen Transport: Lëtzebuerg ass dat éischt Land op der Welt, dat landeswäit gratis ëffentlechen Transport ubitt. D’Passagéier brauche keng Tickete méi ze kafen, fir lokal, regional a landeswäit Zich, Trammen oder Busser ze benotzen.

ech schonn dacks besicht hunn, déi awer ni enttäuscht. Fir den George ass et déi éischte Kéier hei, also stelle mir d’Stativ op, fir de Moment festzehalen, wärend mer op der stengener Mauer stinn an op dee schéinen Dall vun der Sauer erofkucken. D’Aussiicht ass einfach spektakulär.

Rou um Land

Vun hei aus fuere mer verschiddene Feldweeër no a genéissen eng weider séier a wonnerschéin Descente a Richtung Méchela. Op eisem Wee zeréck op Ettelbréck erzielt den George eng witzeg Anekdot vu senger Vëlosrees vu London op Lëtzebuerg. Enges Owes waren hien a seng zwee Frënn no bei der belsch-franséischer Grenz ukomm, erschëpft an ouni Iessen. Mat wéineg Signal um Handy hu si iwwer SMS e Frënd no der nooster Plaz, fir Iessen anzekafen, gefrot a sinn dunn 10 km op eng Tankstell gefuer, déi zou war. No weideren 10 km zeréck an der Däischtert hu se dat eenzegt Iessen, dat se nach haten, verbrannt: brasilianesch Nëss. Se sinn hongreg schlofe gaangen an hunn den nächste Moien 30 km misse pedalléieren, fir eppes z’iessen ze fannen. Dem George no war dat dee beschte Panini, deen hie jeemools giess huet.

D’Schlässer vu Meesebuerg an der Fiels si vu Miersch aus liicht mam Vëlo ze erreechen. Mir hu verschidde Strecken ausprobéiert, déi heite féiert duerch Gebidder mat vill Bësch ‒ eng wonnerbar Erfarung, besonnesch am Fréijoer, wann ee mam Vëlo fiert an de Geräischer vum Bësch nolauschtere kann.

D’Schlass vu Meesebuerg ass a Privatbesëtz an net fir d’Ëffentlechkeet op, mee et lount sech duerchaus, mam Vëlo ronderëmzefueren, fir e puer ganz schéi Vuen ze genéissen. D’Fielsser Schlass,

Dat fréiert Klouschter am Mariendall ass haut ëmfunktionéiert an en Heem fir Asylbewerber an en Zenter vum Service national de la jeunesse.

Vum Weier matten am Park bis hin zu der Abenteuerspillplaz fir déi Kleng, de ville gemittleche Bänken an de proppere Weeër: Am Mierscher Park matten am Guttland gouf un alles geduecht, fir dass all Visiteur seng Liblingsplaz fënnt.

Nodeems de Problem mat engem lassene Ventil geléist ass, genéisse mir eis geplangte Paus beim Useldenger Schlass mat engem klenge Snack an erfuerschen d’Géigend, fir erauszefannen, mat wéi engem Wénkel déi impressionant Architektur vum Schlass am beschten anzefänken ass.

D’Buerschter Schlass ass dat gréisste Schlass zu Lëtzebuerg, eng impressionant Struktur, déi mat hire charakteristesche ronnen Tierm 150 Meter héich op engem Fielsvirsprong iwwer der Sauer trount.

dat op d’11. Joerhonnert zeréckgeet, trount op engem Bierg iwwer dem Dall vun der Wäisser Iernz. Den Ausbléck vun den Hiwwele ronderëm d’Schlass ass wierklech beandrockend.

Hei si mer matten am Häerz vum Guttland. Miersch ass houfreg op säin eegent Schlass, eent vu siwen am Dall, bewaacht vun engem berüümten Draach. Normalerweis starte mir eis Ausflich vu Miersch aus a fueren iwwer de Vëloswee laanscht d’Uelzecht. Mueres fréi duerch de Mierscher Park ze fueren, ass besonnesch erfrëschend an e schéinen, einfache Start an den Dag. Ech informéieren de Grupp, dass d’Strecken hei am Allgemengen net allze usprochsvoll sinn, Vereenzelter sinn awer skeptesch. „Dat gesi mer dann!”

Den Dall vun de siwe Schlässer

Mir fuere laanscht idyllesch Wisen, op deene Kéi a Päerd friddlech grasen, an erreechen da Schëndels mat sengem markante Schlass, dat zanter dem 12. Joerhonnert an der Geschicht verankert ass. Mir maachen eng kuerz Fotopaus, tausche Froen an Tipps aus, wéi een d’Schlass am beschte mat eise Fotoapparater afänke kann. Een Tipp, deen ech dem Grupp mat op de Wee ginn, ass, sech Zäit ze huele beim Fotograféieren, déi typesch, klischeehaft Aussiichtspunkten ze evitéieren, déi, wou jidderee steet, fir déi selwecht Foto ze maachen. Ronderëmfuere fir aner, eenzegaarteg Bléckwénkelen ze entdecken, ouni Hetz, ass de Schlëssel, wann ee méi perséinlech an onvergiesslech Fotoe maache wëll.

Wéi mer fir bei d’Schëndelsser Schlass erop keimen, erënnert mäi Frënd Nuno Fontes mech am Gecksen drun, dass ech virdru behaapt hätt, d’Streck wier net allze ustrengend. Mir kommen nees zu

Austausch vu Froen an Tipps, wéi mir d’Schëndelsser Schlass mat eise Fotoapparater afänke kënnen. Ronderëmfueren, fir aner, eenzegaarteg Bléckwénkelen ze entdecken, ass de Schlëssel, wann ee méi perséinlech an onvergiesslech Fotoe maache wëll.

Otem, wärend mer op hallwem Wee biergop eng kleng Paus aleeën, fir déi beandrockend Vue op d’Schlass vun ënnen erop ze bewonneren.

Geplangt war eng Paus zu Useldeng; op der Héicht vum ausgestallten Artilleriegeschütz aus dem Zweete Weltkrich stelle mer allerdéngs fest, dass dem Gritta säi Vëlo e Platten huet. „Et ass e Pneu ouni Schlauch,“ erkläert d’Gritta. Zum Gléck diagnostizéiert den George d’Pann als e lassent Ventil, dat just zougedréint muss ginn. Mir laachen alleguer, well déi meescht vun eis si méi vertraut mat traditionelle Banneschläich a fannen de System ouni Schlauch e bësse mysteriéis.

Nodeems de Vëlo gefléckt ass, genéisse mer eis geplangte Paus beim Uselden-

ger Schlass mat engem klenge Snack an erfuerschen d’Géigend, fir erauszefannen, aus wéi engem Wénkel déi impressionant Architektur vum Schlass am beschte kann agefaange ginn. Op eiser Rees duerch den Dall vun de siwe Schlässer hu mir eng Partie iwwerwältegend Plazen entdeckt. Um Hunnebuer soll der Legend no den Hunnekinnek Attila seng Päerd bei der Eruewerung vu Westeuropa am fënnefte Joerhonnert drénke gelooss hunn. Mir sinn och op charmant al Brécken aus Stee gestouss, fir déi ech, wéi ech muss zouginn, e klenge Faibel hunn.

De Mariendall ass et derwäert, fir eng kuerz Paus anzeleeën, fir déi pittoresk Ëmgéigend an d’Kuliss vum ale Klouschter ze bewonneren, dat elo zu engem Heem fir Asylbewerber an engem Zenter vum Service national

de la jeunesse ëmfunktionéiert gouf. D’Schlässer vun Aansebuerg, dat aalt gradewéi dat neit, sinn impressionant Bauwierker, déi op d’12. respektiv 17. Joerhonnert zeréckginn.

Bei enger kuerzer Paus beim Schlass vu Siwebuere komme mir an d’Gespréich iwwer déi verschidde Manéieren, wéi d’Leit d’Natur genéissen. D’Kamilė Vaupšaitė aus Litauen deelt eng faszinant Geschicht mat eis. „Wie vun iech huet schonn eng Kéier eppes vum ‚Claude-Glas‘ héieren?“ freet hatt. Kee vun eis. D’Kamilė erkläert, dass Claude-Glas am England vum 18. Joerhonnert vum Dichter Thomas Gray populär gemaach gouf. Deemools gouf et benotzt, fir Landschaften op eng kënschtleresch Manéier ze betruechten. D’Benotzer hu sech mam Réck zu der Landschaft gestallt, an

Tipps:

 De regionalen Tourismusbüro Éislek bitt geféiert Toure vum Buerschter Schlass mat qualifizéierte Guidë fir Gruppen un. www.visit-eislek.lu

 Fir privat Visitte muss een am Useldenger Schlass keen Entrée bezuelen, et ginn awer och geféiert Visitte vun 90 Minutten ugebueden. www.visitguttland.lu

 En Tour duerch den Dall vun de siwe Schlässer mat senger Hellewull vu Kuckeswäertem, enger onbeschreiflech schéiner Natur an historesche Stied ass e Must fir jiddereen, dee säi Wëssen iwwer Lëtzebuerg erweidere wëll. www.visitguttland.lu

d’Bild, dat am Spigel reflektéiert gouf, als méi moleresch empfonnt. Dat erënnert mech un déi modern Touristen, déi Selfië mam Réck zu ikonesche Landschafte maachen. D’Kamilė erkläert weider, dass deemools de Geck gemaach gouf mat dëser Manéier, d’Natur ze „genéissen“, well se d’Astellung vu verschiddene Leit géintiwwer der Natur erëmgespigelt huet.

Eng Synergie vu Passiounen

Zu Käerch sinn d’Barockkierch, déi historesch Haiser an d’Schlass weider wichteg Statiounen op eiser Rees duerch den Dall. Zeréck op der Mierscher Gare fille mer eis gestäerkt duerch dat wonnerbaart Vëlofueren, all déi kulturell Erfarungen an de perséinlechen Austausch. Mir decidéieren, e gudde Kaffi am Restaurant vun der Gare ze genéissen, wou eis schonn d’Platen, déi d’Serveuren op d’Dëscher bruecht hunn, d’Waasser am Mond zesummelafe gedoen hunn. De Kaffi ass aussergewéinlech gutt a mir optéieren all fir eng zweet Tournée.

Doduerch, dass mer d’ëffentlecht Verkéiersnetz zu Lëtzebuerg benotzen, reduzéiere mer eisen CO2-Ofdrock. E Sport auszeüben, deen ech schonn zënter menger Teenager-Zäit schrecklech gär hunn, mécht mir vill Freed an hält mech physesch aktiv. En erlaabt mer, eng iwwerwältegend Natur an eng Partie vun de wichtegste Seeënswürdegkeeten am Land ze entdecken. Ausserdeem schafen ech duerch d’Afänke vu wonnerschéinen Zeenen a Momenter mat mengem Fotoapparat Erënnerungen, déi bleiwe wäerten. Et ass eng iwwergräifend Erfarung, déi ech jidderengem, dee befriddegend Aktivitéite mat héijem Spaassfaktor sicht a sech fir déi sëlleg Attraktiounen, déi Lëtzebuerg ze bidden huet, interesséiert, nëmme recommandéiere kann.

Dir plangt, Äre Vëlo am Zuch matzehuelen? Vëloe ginn zu Lëtzebuerg gratis transportéiert an et brauch ee keng Reservatioun. D’Mathuelen ass gratis, soulaang fräi Plazen am Zuch verfügbar sinn.

Vu Schlassgespenster an aneren Holzkäpp

Am Häerz vun de grénge Lëtzebuerger Däller läit dat molerescht Duerf Fiels mat senger beandrockender Buergruin. Eisen Auteur Tom erlieft hei Geschicht, lieweg Konscht an e vitaalt Landliewen.

Ech betrieden den Dall vun der Wäisser Iernz. Viru mir, matten am molereschen Duerf Fiels, trount op engem Fiels d’Ruin vun der Buerg, déi majestätesch op d’Uertschaft erofkuckt. D’mëttelalterlech Mauere vun der Fielsser Buerg schénge Geschichte vu längst vergaangenen Zäiten ze erzielen, wärend se ongeféier 150 Meter iwwer dem Dall op engem Virsprong vum Fiels aus Lëtzebuerger Sandsteen trounen. De Wee op d’Buerg féiert duerch eng grouss Virbuerg, déi vun engem Äerdwall geschützt ass, erop bei déi beandrockend Ruinen.

D’Haaptbuerg, gebaut aus Hasteng an ëmgi vun enger haut deelweis zerstéierter Rankmauer, beandrockt mech mat hiren Iwwerreschter vun herrschaftleche Wunnsëtzer. Ech klammen Trapen erop, déi scheinbar néierens hiféieren, a kommen an d’Iwwerreschter vu fréiere Wunnraim. D’Buerg schéngt eng sëllege Kéieren ëmgebaut ginn ze sinn. A sou komme mer d’Iwwerreschter, déi elo als Ruine stoe bliwwe sinn, vir ewéi en dräidimensionaalt Bild vum hollännesche Kënschtler M. C. Escher.

Geheimnisvoll Atmosphär

Zënter 1979, wéi d’Buerg vum Lëtzebuerger Staat opkaf gouf, goufen hei ëmfangräich Renovatiounsaarbechten an archäologesch Ausgruewunge virgeholl. Dat méistäckegt Haaptgebai krut en neien Daach an ass als Plaz fir Evenementer an als Ausstellungsraum d’Häerzstéck vun der Buerg gradewéi vun der Uertschaft Fiels. Dat massiivt Haapthaus kuckt wéi e risege Monolith an den Himmel. Am Mëttelalter

war et bestëmmt eng schwéier Aarbecht, esou e „Wolkenkratzer“ op e Fielsvirsprong ze setzen.

Ech hu Rendez-vous mam lokale Kënschtler Pol Brachtenbach an treffen hien an deem historesche Gemaier. Hien ass e Mann mat groen Hoer an engem gefleegte groe Baart. En huet e lässegen Hutt um Kapp sëtzen, a seng verschmitzt, häerzlech Ausstralung zitt een direkt an de Bann. Obwuel hien am Moment keng Ausstellung op der

Déi deelweis restauréiert duebel Buerg aus dem 12. Joerhonnert trount op engem Fielsvirsprong iwwert der Uertschaft an dem Dall vun der Wäisser Iernz. Op Lëtzebuerg heescht Larochette iwwregens „Fiels“.

Buerg huet, hëlt hie sech Zäit, fir mir déi geheimnisvoll Atmosphär vun der Buerg méi no ze bréngen.

De Pol verzielt, dass d’Hären aus der Fiels fir d’éischte Kéier géint der Enn vum 12. Joerhonnert an den Texter opdauchen, virun allem als Fändeldréier vum Haus Lëtzebuerg. Géint der Enn vum 14. Joerhonnert goufe fënnef herrschaftlech Famillen am Schlass gezielt. Wat mech awer besonnesch fesselt, ass eng So, déi de Pol mat enger andrénglecher Stëmm erzielt.

„Et ass eng däischter, stiermesch Nuecht“, fänkt de Pol un, „wéi d’Heringer, d’Bewunner vun enger Buerg aus der Ëmgéigend, d’Fielsser Buerg stiermen. An hirer Nout, fir d’Liewe vun hirem Kand ze retten, klëmmt d’Buergherrin an den déiwe Pëtz am Kriechinger Haus erof. Mat hirem Puppelchen um Aarm hofft si, esou dem Gemetzel ze entkommen.

Mee souguer déi skrupellos Heringer wonnere sech iwwert esou vill Heroismus. Den Dag drop, wéi

si déi zwee onschëlleg Affer aus dem Pëtz eraushuelen, siche si e Schëllege fir dës Schan. Sou krope si sech kuerzerhand de Buergvogt, deen hinnen duerch säi Verrot d’Stierme vun der Buerg erméiglecht huet, a geheien hien och an deen däischtere Pëtz. De Geescht vum Vogt verwandelt sech awer an en Draach, deen zanterhier d’Gold, dat en am Fong als Loun fir säi Verrot kritt hat, am Pëtz bewaacht. All Joer op Karfreideg, sou heescht et, klëmmt hien ëm Mëtternuecht aus dem Pëtz a féiert de verdäiwelte Reigen un, deen d’Heringer am verloossene Buerghaff danzen.“

Mat Léift

fir den Detail

A sengem gemittlechen

Atelier

schafft de Pol Brachtenbach ënner anerem u senge konschtvolle Masken. Et ass faszinant, ze gesinn, mat wéi enger Hingab hie seng Konscht lieft a wéi hien et fäerdeg bréngt, dem Holz Liewen anzehauchen.

No dëser spannender Erzielung beim Pëtz, bannen an der Buerg, luet de Pol mech bei sech heem an. Hien ass ee vun deene lokale Kënschtler, déi heiansdo an de Raim vun der Buerg ausstellen, a wëll mer säin Atelier a seng Holzskulpture weisen. A sengem gemittlechen Atelier weist hie mir seng kënschtleresch Aarbechten, déi mat enger onwarscheinlecher Detailgenauegkeet a Leidenschaft realiséiert goufen. All eenzelt vu senge Wierker erzielt eng eege Geschicht a spigelt eng déif Verbonnenheet mam Material erëm. Et ass faszinant, ze gesinn, mat wéi vill Hingab de Pol seng Konscht lieft a wéi hien et fäerdeg bréngt, dem Holz Liewen anzehauchen.

De Pol erzielt och vu senge Reesen an Éisträich, wou hie geléiert huet, Masken ze schnëtzen, eng Konschtform, déi ursprénglech net aus Lëtzebuerg staamt. Seng Leidenschaft fir d’Holzschnëtze

Am ganzen Areal vun der Buerg goufe vill Ausgruewungs- a Restauratiounsmoossname virgeholl.

Wiesselnd Konschtausstellungen an heiansdo e Concert fëllen d‘historesch Mauere vun der Buerg mat Liewen.

D‘Schlass kuckt iwwer dat molerescht Duerf a vermëttelt em e ganz besonnesche Charakter. Déi éischt Gebaier aus der Uertschaft stamen aus dem 11. Joerhonnert. Haut ass d‘Fiels eng lieweg Mëschung aus verschiddenen Nationalitéiten a Kulturen.

E Besuch an der Fiels ass e beandrockend Erliefnes, dat weist, wéi eng erstaunlech Rencontren een an den Däller a Bëscher ausserhalb vun der Haaptstad maache kann.

féiert hien an d’Alpen, wou hien dës al Traditioun léiert a se elo an d’Aarbechten a senger Heemecht integréiert.

E Besuch an der Fiels ass e beandrockend Erliefnes, dat weist, wéi eng erstaunlech Rencontren een an den Däller a Bëscher ausserhalb vun der Haaptstad maache kann. Wiesselnd Konschtausstellungen an heiansdo e Concert fëllen déi historesch Mauere vun der Buerg mat Liewen a vermëttelen dem

molereschen Duerf Fiels e ganz besonnesche Charme. D’Vitalitéit an d’Kreativitéit vun de ländleche Géigenden zu Lëtzebuerg si beandrockend a maachen e Besuch zu engem onvergiesslechen Abenteuer – Rencontrë mat Kënschtler abegraff.

Wien net genuch vun alem Gemaier kréie kann, dee sollt onbedéngt d‘Beeforter Schlass besichen, dat net wäit ewech läit.

Nach ze entdecken:

 Fir Visiteure ginn et op der Plaz Parkméiglechkeeten an eng Bushaltestell nobäi, déi e kamouten Zougang zu der Fielsser Buerg erméiglechen.

 De klengen Textilmusée an der Fiels ass an der Annex vun der aler Gare ënnerbruecht. Historesch Maschinnen a Geräter aus der Textilindustrie, déi deemools floréiert huet, erzielen d’Geschicht vun den Duch- a Kleederfabricken, déi d’Fiels iwwer Joerhonnerte gepräägt hunn. www.visitlarochette.lu

 Eng ganz besonnesch Plaz an der Fiels ass de Fielsvirsprong „Verluerekascht“. Dësen ale Waachtuerm vis-à-vis vun der Buerg bitt e faszinanten Abléck an d’Geschicht vun der Regioun – an e wonnerbaren Ausbléck op d’Buerg. Den Numm „Verluerekascht“ staamt aus enger Anekdot, an där eng Kächin gestolpert ass, wéi se d’Iesse bruecht huet, an dobäi d’Molzecht verluer huet. www.visitlarochette.lu

 Déi beandrockend Anlag vum Schlass Beefort besteet aus enger mëttelalterlecher Buergruin an engem Renaissance-Schlass, déi allebéid déif an der Geschicht vun der Regioun verwuerzelt sinn. D’Renaissance-Schlass, dat méi spéit nieft der Buerg gebaut gouf, ass fir Visiteuren op, déi hei duerch konschtvoll ageriicht Raim flanéiere kënnen. www.beaufortcastles.com

His Garden, His Home

Hir Kinneklech Altess, de Grand-Duc Henri, ass en Naturfrënd, dee gären d’Wanderschong zoustréckt an zu Fouss duerch déi vill ënnerschiddlech

Landschaften zu Lëtzebuerg zitt.

Besonnesch verbonnen ass de Grand-Duc awer mam Gaart vu sengem Schlass zu Colmer-Bierg an der Regioun Éislek. Hei kënnt hien zur Rou, kennt praktesch all Strauch an all Blumm.

Een exklusive klengen Tour mam Monarch duerch de Park vum Schlass Bierg.

Text BIRGIT PFAUS-RAVIDA Fotoen PANCAKE! PHOTOGRAPHIE

Direkt am Ufank vum Wee duerch de Gaart steet e Sophora. Zu dësem Bam, deen iwwer 150 Joer al ass, huet de Grand-Duc eng ganz besonnesch Bezéiung. En erënnert en u säi Papp, de Groussherzog Jean, deen 2019 verstuerwen ass.

Dëse Bam, deen hallef iwwer de Wee reecht, läit dem Grand-Duc Henri speziell um Häerz. Seng Äscht mat den delikate Blieder hänke bis op de Buedem, bannendra formt de Bam, gestäipt vun e puer Staangen, eng richteg Kuppel. Wéi e gréngt Haus, dat virun der Sonn an och virum Ree schützt. „Dëse Bam, e Sophora, ass bestëmmt wäit iwwer 150 Joer al, e steet scho méi laang hei wéi d’Schlass. Hei hu mir als Kanner Stoppches gespillt. Eis Enkelen hunn dës Plaz natierlech och immens gär. A mäi Papp, de Grand-Duc Jean, huet am Alter ganz gär Aquarelle vum Bam gemoolt. En huet ëmmer gesot, de Bam gläicht vu senger Form hier engem Mammut.“ De Groussherzog Henri schmunzelt, wéi en ënnert der grénger Kuppel steet a sech erënnert. Da geet en aus dem Schiet eraus zeréck op de Wee, fort vum Schlass, a Richtung vun den héije Beem an dem Kaarpeweier.

Inspiratioun mueres fréi

„Wann ech mueres opstinn, ginn ech eigentlech ëmmer fir d’éischt an de Gaart, wann d’Zäit et erlaabt“, erzielt de Grand-Duc Henri. E géif no de Planze kucken, sech vun der Natur a vun der Rou inspiréiere loossen. Hannert dem Grand-Duc erhieft sech seng Haaptresidenz mat den imposanten Tierm. Um éischte Stack, mat Vue op de Gaart, leien ënner anerem d’Privatraim vum Grand-Duc Henri a senger Fra, Hirer Kinneklecher Altess Maria Teresa. „Meng Fra huet de Gaart och immens gär.

Besonnesch gär këmmert si sech dorëm, wéi d’Blummen ugeluecht ginn“, erzielt de Grand-Duc. All Member vun der groussherzoglecher Famill ass Parrain vun enger Rousenzort, déi een an de Gäert op der ganzer Welt erëmfënnt –an natierlech och hei, am Park vum Schlass Bierg. „An hei gesitt Der d’Liblingsblumm vu menger

An engem Büro am Tuerm ass d’Aarbechtszëmmer ënnerbruecht. Vun do aus huet een e wonnerbare Bléck iwwer de Gaart an de Weier.

Dat hei ass d’Vue, déi sech dem Grand-Duc Henri bitt, wann hien um fréie Moie säin Tierchen duerch de Gaart start. Woubäi „Gaart“ natierlech e wéineg ënnerdriwwen ass. Et ass éischter e Park.

Fra: eng Päischtrous am rengste Wäiss!“, seet de Grand-Duc mat engem Laachen am Gesiicht.

Seng Famill staamt aus dem Adelsgeschlecht vun Nassau. De Groussherzog selwer ass den eelste Jong vum Grand-Duc Jean an der Groussherzogin Joséphine-Charlotte; hien an d’Groussherzogin

Maria Teresa hunn och fënnef

Kanner, vun deenen deen Eelsten, den Ierfgroussherzog Prënz Guillaume, schonn zënter enger Zäit representativ Aufgaben als Trounfollger iwwerhëlt an zënter Oktober 2024 offiziell beoptraagt ass, de Grand-Duc ze vertrieden. De Groussherzog Henri setzt sech fir vill gesellschaftlech Froen a Problemer an – a fir d’Natur. Hien huet um nationalen an um internationale Plang de Patronage vun diverse Fondatiounen an Institutiounen iwwerholl, déi sech ëm den Naturschutz an de Klimaschutz këmmeren. De Groussherzog Henri huet d’Natur am Bléck – och a grad virun der eegener Schlassdier am Park, deen ongeféier 20 Hektar grouss ass.

Naturschutz mat ganzem Häerz

„Kuckt, hei gëtt d’Wiss momentan net geméit. Fréier war hei iwwerall englesche Wues, ech wollt awer méi Biodiversitéit, natierlech keng Pestiziden, Liewensraum fir d’Insekten an aner kleng Déieren. Wann ech mueres hei laanschtspadséieren, kann ech am Moment ganz dacks eng Fuussefamill beobachten. Déi Kleng si ganz virwëlzeg a komme ganz no bei een“, erzielt de Grand-Duc mat deem feine Schmunzelen am Gesiicht, dat hien ausmécht. E puer Schratt weider summe fläisseg Beie ronderëm Beiestäck, déi faarweg markéiert sinn. Tëscht 200 an 300 Kilo Hunneg produzéieren déi groussherzoglech Beie pro Joer. Et kënnt schonn emol vir, datt den Hunneg als Gaaschtgeschenk mam Groussherzog op d’Rees geet. Ëmgekéiert léisst sech de GrandDuc gär an de Gäert op der ganzer

Do, wou de Gaart ufänkt, e bësse méi wëll auszegesinn, a wou keng Beeter méi sinn, sinn d’Beiestäck ënnerbruecht.

Den Hunneg aus dem groussherzogleche Gaart ass en ideaalt Gaaschtgeschenk bei Staatsvisitten.

D’Visiteuren, déi am Empfangsraum vum groussherzogleche Palais ukommen, spieren direkt e besonneschen Zauber. Historesch Fotoe wiessele sech mat groussformatege Biller of an zéien d’Visiteuren an hire Bann. Um Zerwéierdësch waarden, adrett presentéiert, Kaffi an anert Gedrénks.

D’Vergaangenheet ass um Schlass Bierg ëmmer present. Sief et op den historesche Fotoen, de Biller oder eeben duerch d’Planzen am Gaart.

D’Rouse sinn eent vun den Häerzstécker am Gaart. Se sinn deelweis mat royalen Nimm gedeeft ginn. Hei fënnt een och d’Päischtrousen, déi dem Grand-Duc seng Fra Maria Teresa sou gär huet.

Eng vun de Planzen, déi de Grand-Duc besonnesch faszinéieren an déi e gär weist, ass den Tulpebam. Am Park zu Colmer-Bierg stinn där zwee.

Welt inspiréieren, sief et a Japan oder an England. Fir hien ass et e permanenten Austausch, e Sammelen a Léieren.

An eng weider Philosophie ass ze spieren, wann een de Groussherzog duerch säi Gaart begleet: ni ze fréi d’Hoffnung opginn. Eng Trauerweid, déi op enger klenger Insel matzen am Weier vum Schlass steet, sollt virun e puer Joer ofgeseet ginn, se hat all hir Blieder verluer. Se war awer eeben net ganz dout.

De Prinzip Hoffnung

„Uewen an der Mëtt huet e klenge gréngen Aascht erausgekuckt. An ech sot deemools zu mengem Papp an zu de Gäertner: Kommt, mir schneiden de Bam zeréck a mir ginn em Zäit. An tatsächlech, obwuel jidderee geduecht hat, e wier dout, huet de Bam sech nees erkritt!“, erënnert sech de Groussherzog Henri.

De Monarch ze begéinen a mat him spadséieren ze goen, ass ureegend, agreabel, an iwwerhaapt net aschüchternd, ganz am Géigendeel. De Grand-Duc Henri, vun Ufank un häerzlech an interesséiert, ass e Beispill vun Oppenheet, Interessi an net zulescht villem Wëssen. Exotesch Tulpebeem, eng Bich, déi geheimnisvollerweis zwou verschidden Zorte Blieder huet, kleng wëll Orchideeën am héije Gras, déi onscheinbar wierken an op dësem Fréijoersdag scho bal verblitt sinn: Him schéngt keen Detail ze entgoen, alles schéngt hien ze interesséieren.

An dat gëllt och fir de Rescht vu sengem Land, duerch dat hie mam

Moto fiert oder eeben och als Wanderer zu Fouss ënnerwee ass. „Fréier sinn ech souguer klotere gaangen, am Mëllerdall zu Bäerdref. Mee dat ass eriwwer“, seet de Groussherzog, dee mat senge bal 70 Joer ëmmer nach jugendlech wierkt, mat engem Laachen. Wou en haut besonnesch gär ënnerwee ass? „All Landschaft, all Regioun huet hiren eegene Charme, ech

Den 23. Juni 2024 huet de Grand-Duc Henri um Nationalfeierdag ugekënnegt, datt hien am Oktober vun dësem Joer säin Amt als Staatschef u säin eelste Jong Guillaume iwwerdroe wëll. Hie soll Vertrieder (LieutenantReprésentant) ginn, eng Ofdankung vum Grand-Duc ass domadder net verbonnen.

hunn eigentlech keng Liblingsregioun. Eist Land ass esou villfälteg!“, seet en no kuerzem Iwwerleeën.

Natierlech genéisst hien déi beandrockend Kuliss vum Mëllerdall mat senge geheimnisvollen Hölen, mee och de Minett mat sengen Industriedenkmaler an der UNESCO-Biosphär besicht hie gär.

D’Villfalt

vu Lëtzebuerg

Déi duuss Musel hätt och hire spezielle Reiz, an och d’Géigend am Norden, besonnesch d’Circuiten am Sauerdall an natierlech d’Schlass zu Veianen hunn dem Grand-Duc et ugedoen.

All Planz, a sief se nach esou onscheinbar, huet hei hir Plaz a verdéngt Respekt.

Tipps:

 D’Gaardenausstellung 2025, d’Luga, wäert de Visiteure vill Geleeënheete bidden, d’Schéinheet vun de Gäert a vun der Gaardekonscht zu Lëtzebuerg ze entdecken. De Gaart vun der groussherzoglecher Famill gehéiert allerdéngs net zu der Gaardenausstellung. www.luga.lu

 Wéi eng Wanderweeër dem Grand-Duc besonnesch an der noer Ëmgéigend gefalen?

D’Wanderweeër ronderëm d’Schlass zu Veianen zum Beispill, ënner anerem d’Éislek Pied. An och d’Wanderweeër ronderëm d’Sauer. www.visit-eislek.lu

 Ganz am Süde vum Land faszinéiert d’UNESCO-Biosphär am Minett, d’Naturschutzgebitt an der fréierer Industrielandschaft, de Grand-Duc Henri. www.visitminett.lu

An der Haaptstad an am Guttland ronderëm ass hien natierlech och dacks ze gesinn, schliisslech läit säin Aarbechtssëtz am Zentrum, matten an der Alstad. Wann do säi Fändel opgezu gëtt, wëssen d’Visiteuren, datt hien am Palais ass. Dat selwecht gëllt fir seng Haaptresidenz, d’Schlass Bierg. Wien do also ënnerwee ass an iwwert de Schlassmaueren de Fändel gesäit, ka sécher sinn: De GrandDuc Henri ass do. A geet ganz bestëmmt mueres a sengem Gaart spadséieren.

 Och an der Regioun Mëllerdall begéint een de Grand-Duc op Wanderungen, zum Beispill an der Géigend vum Kloterfiels zu Bäerdref oder bei der Hueler Lee. www.mullerthal.lu

 Op de Guttland.Trails, déi duerch duuss Bësch- a Wiselandschafte féieren, fënnt de Wanderer Rou a Fridden.

www.visitguttland.lu

 An der Haaptstad ass dem Grand-Duc Henri seng „Place to be“ natierlech de groussherzogleche Palais. Dësen zitt Touristen aus der ganzer Welt un a kann nëmmen am Summer besicht ginn. www.luxembourg-city.com

Eng Zäitchen huet et esou ausgesinn, wéi wann de Bam an der Mëtt vum Weier dout wier, en hat iwwerhaapt kee Gréngs méi. De Grand-Duc Henri huet drop vertraut, datt de Bam nach lieft –an hie sollt Recht behalen.

Wat hunn e wëlle Mann, en Einhorn an en Draach gemeinsam? Keng Angscht, dat ass net den Ufank vun engem schlechte Witz … dat alles si Figuren op Gebaier an der Lëtzebuerger Haaptstad, déi een allerdéngs nëmme gesäit, wann een an den Himmel kuckt.

Kuck dach emol no uewen!

Text NATALIE A. GERHARDSTEIN Fotoen PANCAKE! PHOTOGRAPHIE

E Spadséiergang ass eng wonnerbar Manéier, fir sech un architektoneschen Highlights ze erfreeën oder déi geheimnisvoll Gaassen a Passagë vun enger Stad ze entdecken. Wann een awer eng aner Perspektiv anhëlt an no uewe kuckt, kann een Detailer u Gebaier entdecken, hannert deenen sech dacks faszinant Geschichte verstoppen. Verschiddener dovu si méi mysteriéis an déif a Legende verankert wéi anerer …

D’Milly Theisen  ass zanter 1999 Guide beim Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an huet schonn déi gelungenst Froen iwwer d’Charakteristike vu Gebaier héieren. Hire Mann ass virun aacht Joer gestuerwen, d’Kanner si schonn aus dem Haus a sou hält d’Pensionnairin sech gär als Guide op Trabb: „Ech kommen esou gär an d’Stad a schwätze mat deene verschiddenste Leit, mat hiren ënnerschiddlechen Nationalitéiten a Sproochen.“ Mat hire frëndlechen Aen, hirem duusse Wiesen an hirem Sënn fir Humor ass si beschtens fir dës Roll gëeegent; hir lavendelgetéinten Hoer an hiren Tattoo um Enkel ënnersträichen hir opgeschlossen, weltoppen Ausstralung.

Eng nei Manéier, fir Detailer ze entdecken

Haut hu mir si gefrot, fir eis d’Stad Lëtzebuerg aus der Vulleperspektiv ze weisen. Dofir passt et och esou gutt, dass op deem éischte Gebai, dat si eis um Eck vun der Ënneschtgaass an der Philippsgaass weist an dat de Spëtznumm „Amerikanescht Gebai“  huet, en ikoneschen Aadler op der Spëtzt vun der Kuppel trount. D’Milly weist mam Fanger no uewen an erkläert, dass

op dëser Plaz fréier e Rees- an Auswanderungsbüro (Derulle-Wigreux) ënnerbruecht war.

Den Ernest Derulle (1851-1912) war en amerikanesche Konsularagent, deen d’Schëffslinn Red Star Line vertrueden huet an de Leit, déi an Amerika auswandere wollten, mat deenen néidegen Dokumenter gehollef huet. Fir d’Milly ass den Aadler e gutt Beispill dofir, wéi wichteg et deemools war, dass Gebaier unhand vu Biller an net nëmmen duerch Adressen ze erkenne waren, well d’Zuel vu Leit, déi liesen a schreiwe konnten, deemools net esou héich war ewéi haut.

Méi ënnen an der Strooss ass dann d’Kathedral Notre-Dame . Kanner, erkläert d’Milly, froen dacks no interessanten Deeler vu Bauwierker. Hinne weist si gären d’Statu vum Hellegen Niklos, deen op sengem Festdag Kaddoe bréngt, op der Baussesäit vun der Kathedral.

Eng nei

Perspektiv

Bannen an der Kathedral setzt d’Milly sech a weist op déi konschtvoll, mat Alabaster verziert Uergeltribün, déi dem däitsche Sculpteur Daniel Muller, deen am Joer 1623 gestuerwen ass, zougeschriwwe gëtt. Am florale Motiv sinn däitlech Engelen ze erkennen; wat d’Visiteuren awer bestëmmt dacks iwwersinn, ass den Draach, dee mam Kapp no ënnen ënnert der Uergel hänkt 

D’Milly weist iwwerdeems op déi horizontal Zongepäifen hin, déi an der Reegel fir Spuenesch Uergele charakteristesch sinn.

Mir verloossen d’Kathedral an d’Milly féiert eis bei de groussherzogleche Palais. Um Wee dohinner,

vis-à-vis vun der Chamber (dem Lëtzebuerger Parlament), verstoppt sech eng Konschtinstallatioun, déi ee gären iwwersäit, wann een net grad no uewe kuckt: déi beliichte Gesiichter vun de „Cinq bons esprits“ vum Ingo Maurer, déi esou gestalt sinn, dass se d’Passanten ëmmer mat hirem Bléck verfollegen. Éier si zu de sëllegen Highlights vum groussherzogleche Palais un sech kënnt – dorënner déi fréier Staatscheffen  a konschtvoll verziert Kamäiner  – féiert si eis bei déi kleng Duerchgangsstrooss direkt bei der Rue de la Reine. Hannert der Paart ass d’Maison de Raville  ze gesinn, d’Haus vun der adeleger Famill de Raville („von Rollingen“), dat am Joer 1575 gebaut gouf. Wéi d’Milly ervirhieft, hat ee fréier vun hei aus eng fräi Vue op de Palais (dee 1572 fir d’éischt emol als Märei geduecht war) an de Balcon gëtt engem eng gutt Virstellung dovunner, wéi den urspréngleche Balcon vum Palais kéint ausgesinn hunn. Um Fouss vum Balcon erkennt een d’Käpp vun engem Schof an engem Léiw, woubäi dee leschten esou ofgenotzt ass, dass e kaum nach ze erkennen ass.

Eisen Ankeren an Hausfassaden

Gär weist d’Milly och verschidden Detailer vum fréiere Palais de Justice  an der Strooss mat deem selwechten Numm. Am Gebai ass haut de Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten ënnerbruecht, seng Geschicht als Geriichtsgebai spigelt sech awer däitlech a verschiddene gestaltereschen Ele-

menter erëm, dorënner z. B. d’Wo vun der Justiz. Et kann een sech gutt virstellen, wéi hei a fréieren Zäiten d’Passanten, wéinst der grousser Plaz virun an nieft dem Gebai, eng fräi Siicht op d’Verbriecher haten, déi an d’Gebai eragefouert goufen.

Um Wee vum fréiere Geriichtsgebai erof an d’Rue Wiltheim kann et engem schonn emol schwindeleg ginn, wann een ëmmer no uewe kuckt – mee et lount sech! Et gëtt vill ze entdecken un den ieweschten Deeler vun de Gebaier an dëser Géigend – vun den eisenen Ankeren an den Hausfassaden, déi d’Dunne banne stäipe sollten, bis zum geheimnisvolle „wëlle Mann“ , deen iwwer de Passante schwieft. Et war an der Géigend vun dësem wëlle Mann, sou erkläert d’Milly, wou fréier e Café war. Wann ee méi genee kuckt, entdeckt ee vläicht och (wéi op anere Plazen an der Haaptstad) ënnert den Diecher d’„StreetPixel-Art“ vum Kënschtlerduo, dat ënnert dem Numm IPDO bekannt ass, an dat dacks reell oder fiktiv Figuren, wéi zum Beispill d’Schlumpfen, mat abezitt.

Verblatzte Schëlter vu Geschäfter, Hiweiser op architektonesch Elementer, déi haut net méi funktionéieren, begleeden eis laanscht den Nationalmusée um Fëschmaart an den historischen Zentrum. Um Numm vun de Stroosseschëlter kann ee liicht hire fréieren Zweck ofliesen. D’Milly erkläert, dass hei effektiv Fësch aus der Uelzecht verkaf goufen, éier de Maart sech dann op Produite wéi Woll a Stoffer erweidert huet. Och d’Apdikte waren dacks (verschiddener sinn et haut nach) no Déiere benannt, sou z. B. d’Einhorn an der Paschtoueschgaass (Fotoen op den éischte Säiten 36+37).

Um Wee duerch d’Rue de la Loge komme mer laanscht ee vun de symbolträchtegsten Tierm vu Lëtzebuerg, op deem dat nationaalt Motto „Mir wölle bleiwe wat mir sin“  ze liesen ass, dat aus engem patriotesche Lidd aus dem Joer 1859 mam Titel „De Feierwon“ staamt. Nëmmen e puer Meter méi wäit ass am Agangsberäich vun der Grousser Loge vu Lëtzebuerg d’Symbol vun de Fräimaurer ze gesinn.

Nei Elementer entdecken

Zu de leschte Geheimnisser op eisem Spadséierwee gehéiert d’„Kanounekugel“ am Tuerm vun der Méchelskierch. Hei stéisst d’Milly op en aneren LCTO-Guide. Déi zwee diskutéieren iwwer déi beweegt Geschicht vun der Kierch, déi 1679 duerch e Feier gréisstendeels zerstéiert an nees opgebaut gouf. Dono ass Frankräich ënnert der Leedung vum Louis XIV. amarschéiert, d’Kierch gouf bombardéiert. Wärend verschiddener mengen, d’Kanounekugel am Tuerm wier en Iwwerrescht vun dësem Ugrëff, sinn anerer éischter skeptesch an halen d’Kugel nëmme fir e gestalterescht Element aus der Zäit, an där d’Gebai fir d’leschte Kéier nees opgebaut gouf.

Awer genee dat ass et, wat Spaass mécht, wann een d’Perspektiv wiesselt, nämlech nei Elementer ze entdecken. Sief et an der Haaptstad wéi och a méi entleeënen Uertschafte wéi Veianen oder Clierf oder an där eelste Stad Iechternach, kuckt op alle Fall no uewen an entdeckt eppes Neies!

Aner

Trëppeltier:

 De Wenzel-Rondgang hëlt Iech mat op en Tour duerch dee gréissten „OpenAir-Musée“ vu Lëtzebuerg. Den Ausgangspunkt vum 5,5 km laangen Trëppeltour ass bei de Ruin vun der fréierer Buerg vun de Grofe vu Lëtzebuerg an der ugrenzender archeologescher Krypta – d’Gebuertsplaz vun der Stad a vum Land. An dräi Stonne kënnt Dir hei déi mëttelalterlech Stadmaueren an d’Iwwerreschter vun der Festung entdecken. Op kee Fall verpassen: d’Kasematten um Bock.

 De 4,6 km laange Mansfeld-Rondgang féiert Iech an a ronderëm de Quartier Clausen mat senge sëllegen architektonesche Bijouen aus der Zäit vum Grof vu Mansfeld, dee 1517 zum Fürst erhuewen a spéider zum Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg (1540) an dono vun Holland (1590) ernannt gouf. Gitt de Feiler no, déi mat engem „M“ markéiert sinn, an entdeckt verwénkelt Gaassen a verstoppten Trapen a Maueren aus dem 19. Joerhonnert. E flotten Trëppeltour vun dräi Stonnen, mat ville fantasteschen Aussiichten!

 Sidd Dir e Fan vun der Militärgeschicht? Wann Dir vun de leschte Fortifikatiounsanlage vun der Stad faszinéiert sidd – wéi se gebaut goufen a wéi eng Deeler strateegesch am wichtegste waren – dann ass de VaubanRondgang genee dat Richtegt fir Iech. Benannt gouf de Wee nom Ingenieur Sébastien Le Prestre de Vauban, deen no der Eruewerung vun der Festungsstad duerch d’Fransouse fir den Neesopbau verantwortlech war. D’Aarbecht vum Vauban huet der Stad hire Ruff als eng Festung, déi net ze eroberen ass, abruecht – an se als Gibraltar vum Norde bekannt gemaach.

 Dir wëllt awer vläicht och einfach nëmmen e bëssen trëppele goen an dobäi e wonnerbare Panoramabléck iwwer d’Stad Lëtzebuerg hunn? An deem Fall sollt Dir Iech fir de Wee iwwer d’Corniche entscheeden, déi de Lëtzebuerger Schrëftsteller Batty Weber als de schéinste Balcon vun Europa bezeechent huet. De Wee féiert Iech iwwer d’Stadmaueren, déi am 17. Joerhonnert vun de Spuenier an de Fransouse gebaut goufen, an déi parallel zum Uelzechtdall verlafen. www.luxembourg-city.com

Oase vun der Rou

D’Fuerderunge vum moderne Liewe kënnen eis Energiereserve séier verbrauchen. Aus dësem Grond ass et ëmsou méi wichteg, déi ënnerlech Balance erëmzefannen – sief et an der Vakanz, wärend een d’Schéinheet vu Lëtzebuerg entdeckt, oder als Awunner op der Sich no enger roueger Plaz, fir sech zeréckzezéien.

D’Emotiounscoach Kim Henn weist eis an dësem Kontext hir ganz perséinlech Liblingsplazen an der Natur, fir nei Energie ze tanken.

Text CAROLE THEISEN Fotoen PANCAKE! PHOTOGRAPHIE

Zu Lëtzebuerg ginn et Plazen, déi ausgesinn, wéi wa se aus engem Märchebuch entspronge wieren. D’Emotiounscoach Kim Henn huet véier vun dëse besonnesche Plazen erausgesicht wéi hei d‘Pëttener Waasserbuerg bei Miersch.

„Et geet drëm, d’Bewosstsi fir den eegene Kierper ze schäerfen an ënnerdréckte Gefiller zouzeloossen“, erkläert d’Emotiounscoach Kim Henn. „Dacks verléiere mir, bedéngt duerch Erzéiung a gesellschaftlech Erwaardungen, de Kontakt zu eisem eegene Kierper an eise Gefiller. Mir funktionéieren, amplaz ze spieren“, seet d’Kim. „Meng Aarbecht hëlleft de Leit, méi bewosst wouerzehuelen, wat se mat hire Sënner a mat hirem Kierper spieren. Dëst schaaft net nëmmen eng Erliichterung, mee och eng méi déif Verbindung mat sech selwer.“

Fir dës ënnerlech Rees nach méi ze verdéiwen an d’Bewosstsi fir déi eegen Empfindungen ze schäerfen, ginn et zu Lëtzebuerg eng ganz Rei Plazen, déi schéngen, wéi wa se aus engem Märchebuch entspronge wieren. D’Kim Henn huet véier vun dëse besonnesche Plazen ausgewielt.

Paradis vun der Villfalt

D’Rees fänkt am Naturschutzgebitt „Giele Botter“ zu Déifferdeng un. Wou fréier ënnert fräiem Himmel Eisenäerz ofgebaut gouf, huet d’Natur sech haut nees duerchgesat an eng idyllesch Landschaft kreéiert. „Ech hunn dës Plaz immens gär“, seet d’Kim. „Ech hu se an enger Zäit vun der Orientéierungslosegkeet entdeckt a se huet mer gehollef, meng Gedanken ze sortéieren an nei Kreativitéit ze fannen.“

De „Giele Botter“ verzaubert virun allem mat senger räicher Flora a Fauna. Dichte Moos bedeckt d’Fielse wéi en duusse gréngen Teppech, wärend de Gesang vu Fräschen a Villercher eng harmonesch Ambiance verbreet. Hei

kann een op de ville verschlongene Wanderweeër spadséiere goen oder dës ganz einfach verloossen, fir eng ganz besonnesch Aventure ze erliewen. Da kann ee sech op enger Blummewiss nidderloossen, d’Aen zoumaachen a spieren, wéi ee vun enger waarmer Decken aus Rou a Gebuergenheet agepak gëtt. „Et fillt sech un, wéi wann een de Volume vum Liewe géif erofdréinen“, beschreift d’Kim d’Atmosphär. Et ass eng Plaz, wou d’Sënner erwächen an d’Séil zur Rou kënnt.

Eng transformativ Erfarung

Dem Kim säin Usaz, d’Leit duerch d’Harmonie vu Kierper a Geescht zu ënnerlechem Fridden ze féieren, fënnt hei eng perfekt Kuliss. „Et geet drëm, den Drock vum Alldag lasszeloossen an d’Fräiheet ze erliewen, einfach ee selwer ze sinn“, erkläert d’Kim. „D’Natur schenkt eis de Raum an d’Rou, déi eis oft feelt, a gëtt eis d’Fräiheet, an eis eranzelauschteren.“

Dem Kim seng eege Rees zur Vollzäit-Emotiounscoach huet virun e puer Joer op eng onerwaart Manéier ugefaangen, nodeems si e Wendepunkt an hirem Liewen erreecht hat. Spontan huet si decidéiert, wärend fënnef Deeg un engem Retreat a Portugal deelzehuelen. Wat als virwëtzegen Ausfluch ugefaangen huet, huet sech séier an eng transformativ Erfarung verwandelt. „Et ass virun allem drëm gaang, de Kierper duerch Ootmung ze aktivéieren an duerno alles, wat een zeréckhält, lasszeloossen – z. B. duerch Jäizen oder Op-KësseSchloen. Et war einfach onheemlech befreiend.“

Dës intensiv kierperlech an emotional Aarbecht huet dem Kim eng nei Perspektiv geschenkt. „Wann een nëmme mam Bewosstsi schafft, tendéiert een dozou, alles analyséieren a verstoen ze wëllen“, erkläert si. „D’Aarbecht mam Kierper ass ganz anescht. Et muss een net verstoen, wat grad geschitt. Et geschitt einfach.“ Dës Erkenntnis huet si dozou

Déi fréier oppen Eisenäerzminn Prënzebierg ‒ Giele Botter ass säit iwwer 30 Joer en Naturschutzgebitt. D’Natur huet dës Géigend zeréckeruewert an nei natierlech Liewensraim geschaf.

Och mëtten an der Stad ginn et Plazen a Momenter, déi ideal sinn, fir säin ënnerleche Fridden ze fannen. E gréngt Ëmfeld léisst d’Aen zur Rou kommen.

D’Parkanlag Dräi Eechelen am Geschäftsquartier Kierchbierg läit direkt hannert der Philharmonie an ëmfaasst de Mudam souwéi de Fort Thüngen. D’Anlag, déi vum Michel Desvigne entworf gouf, bitt en herrlechen Ausbléck op d’Alstad. Hei verbanne sech Modernitéit a Geschicht, Plateau an Dall, mëttelalterlech Bauwierker an d’Héichhaiser vun der moderner Metropol Lëtzebuerg.

bruecht, sech méi intensiv mat somatescher Aarbecht an dem Konzept vum „Embodiment“ ze beschäftegen. „Wat ech maachen, ass de Leit de Raum ze ginn, fir ze spieren, wat se am Alldag vläicht net eleng spiere kënnen“, seet si. „Gefiller kënnen extreem iwwerwältegend sinn. Et ass schéin, dëse Bierg net eleng mussen ze erklammen, mee et zesummen ze maachen.“

Méi nërdlech am Land, an de Felder bei Miersch, verstoppt sech déi joerhonnertenal, romantesch Eenelter Kapell. Dës Kapell, och wa se ufanks ganz onscheinbar wierkt, huet eng interessant Geschicht, déi bis an d’fréichrëschtlech Zäit zeréckreecht, a gouf 2021 souguer als nationaalt Monument klasséiert. Mee dës Plaz huet nach vill méi ze bidde wéi nëmmen hir historesch Bedeitung.

Ëmgi vun engem „richtege Feeëgaart“, wéi d’Kim Henn en nennt, wandelt si buerféiss duerch e wëllt, natierlecht

Labyrinth aus Blummen, Beem an Hecken, dat bis op en Hiwwel féiert. Vun do aus erstreckt sech de Bléck iwwer Felder, déi onendlech schéngen, Wisen, déi bléien, an Dierfer, déi wäit ewech sinn, an e Gefill vun onbegrenzter Fräiheet duerchstréimt de ganze Kierper. „D’Eenelter Kapell ass wéi eng Dier an eng aner Welt“, schwäermt d’Kim Henn. „Et ass, wéi wann een an eng Fantasiewelt andaucht, ouni awer d’Realitéit ze verloossen.“

Ural Steefassaden

Nëmmen e Steeworf vun der Eenelter Kapell ewech erhieft sech – mëtten am Kär vun der Uertschaft Pëtten –d’Ruin vun der Pëttener Waasserbuerg. Fréier huet dës imposant Waasserbuerg der Verteidegung gedéngt a war deementspriechend vu breede Waassergrief ëmginn, fir Ugräifer ofzewieren. Haut sinn dës Grief ausgedréchent. Amplaz wuessen do wëll Planzen, Grieser a Blummen aus

Direkt iwwert dem Park Dräi Eechelen läit de geschichtsträchtege Musée mam selwechten Numm, deen am restauréierten an deelweis nei opgebauten Deel vum Fort Thüngen ënnerbruecht ass.

den urale Steefassaden. Dëst gëtt der Plaz eng ganz besonnesch, romantesch Atmosphär.

De grousse gréngen Haff, ëmgi vun de massive Buergmaueren, bitt eng friddlech Réckzuchsplaz. „Soubal ech d’Mauere vun der Buerg betrieden, erfaasst mech e Gefill vu Gebuergenheet, wéi wann ech komplett vun der Baussewelt an hiren Aflëss ofgeschiermt wier“, beschreift d’Kim. Trotz der éischter urbaner Ëmgéigend kann een hei einfach ofschalten, d’Gedanke schwäife loossen an erliewen, wéi Geschicht an Natur harmonesch matenee verschmëlzen.

Historesch

Aussiichten

A well mer elo scho vun urbane Géigende schwätzen: De leschten Halt féiert d’Kim an d’Häerz vum liewege Geschäftsquartier Kierchbierg, wou d’Geschichtsfrënn eng grouss Iwwerraschung erwaart: de „Parc du Musée Dräi Eechelen“. Dëse Park läit direkt beim Musée mam selwechten Numm an engem restauréierten an deels rekonstruéierten Deel vum historesche Fort Thüngen an an direkter Noperschaft zu der Philharmonie an dem „Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean“, dem Mudam. Dës Géigend bitt de Visiteuren eng faszinant Rees an d’Vergaangenheet vu Lëtzebuerg, wéi d’Stad nach vun imposante Festungsmaueren ëmgi war.

Wie sech an déi ënnescht Deeler vum Park wot an duerch déi ënnerierdesch Gäng vun de Festungsmauere wandert, gëtt mat engem imposante Panoramabléck op d’Alstad belount, wou Mëttelalter a Modernitéit verschmëlzen. Obwuel dës Plaz sielen iwwerlaf ass, gëllt se als „e Klassiker ënner de

D’Ruin vun der Pëttener Waasserbuerg war fréier eng mëttelalterlech Buerg, déi vun ongeféier 15 Meter breede Waassergrief ëmgi war, déi haut drécheleien.

De grousse grénge Bannenhaff, ëmgi vun den imposante Buergmaueren, an déi mëttlerweil ausgedréchent Waassergrief bidden eng friddlech Réckzuchsplaz, wou Geschicht an Natur harmonesch verschmëlzen.

Réckzuchsplazen zu Lëtzebuerg“. Den Ausbléck ass vun enger iwwerraschender Schéinheet a luet derzou an, de Bléck schwäifen an d’Gedanke fräi fléissen ze loossen an dobäi seng Suergen an engem neie Liicht ze betruechten. „Tëscht de schützende Maueren op dësem historesche Buedem mat senger räicher Vegetatioun fënnt een hei eng ganz besonnesch Aart vu Rou a Besënnung“, füügt d’Kim bäi. „Et fillt ee sech vun de Mauere gehalen a gläichzäiteg fräi, den Ausbléck ze genéissen.“

Déi verstoppten Oase vu Lëtzebuerg bidden also net nëmmen eng angeneem Flucht aus dem Alldag, mee och d’Méiglechkeet, sech selwer nei ze entdecken an ënnerlech Rou ze fannen. „Et sinn oft déi kleng Saachen, déi e groussen Ënnerscheed maachen“, seet d’Kim. „En déiwen Otemzuch, d’Gefill vun der Sonn op der Haut oder einfach nëmmen d’Kläng vun der Natur – all dat kann eng transformativ Wierkung hunn.“

Weider Réckzuchsplazen an der Natur

Niewent de véier virgestallte Réckzuchsplaze ginn et zu Lëtzebuerg nach vill aner Plazen, déi zu ënnerlecher Rou an Entspanung alueden:

 De Péitrusspark an de Märeler Park an der Haaptstad si weider natierlech Oasen am urbanen Ëmfeld, déi eng erhuelsam Paus vum Stadliewen erméiglechen. www.luxembourg-city.com

 Op der Kockelscheier, südlech vun der Haaptstad, läit den Terrain vun der Naturschutzorganisatioun natur&ëmwelt, wou ee mat der Natur a Kontakt kommen an Déiere wéi Ieselen, Geessen, Hénger a Kanéngercher vu ganz no erliewe kann. Direkt um Bëschrand geleeën, luet dës Plaz ausserdeem derzou an, entspanend Spadséiergäng ze maachen. www.naturemwelt.lu

 Och historesch Sitte wéi d’Useldenger Buerg, eng mëttelalterlech Buerg am Weste vum Land, oder d’Schlass Aansebuerg am Zentrum vu Lëtzebuerg, dat zu de Buergen am Dall vun de Siwe Schlässer gehéiert, bidden eng faszinant Mëschung aus Geschicht an Natur. www.visitluxembourg.com

Mat der Natur a Kontakt kommen, Holz, Steen a Blieder upaken an déif anootmen: All dat kann eng transformativ Wierkung hunn.

Et plongez dans les coulisses de production de vos bières et eau minérale favorites !

cours de brassage

cours de débit

Séiss oder salzeg?

Kinoserliefnesser ginn et net nëmmen an de grousse Multiplex-Haiser. Donieft gëtt et nämlech och déi charmant an dacks onerwaart Welt vun de klenge Kinoen, wou Filmvirféierungen zu mageschen Erfarunge ginn. Hei erlieft een de fantastesche Charme vun de klenge Leinwänn.

Text CAROLE THEISEN Fotoen PANCAKE! PHOTOGRAPHIE

Op eiser Kinosrees gi mir vun der jonker Regieassistentin a Set-Decoratrice Céline Schlesser begleet. Zënter hirer Kandheet dreemt d’Céline dervun, Filmer ze maachen: „Ursprénglech wollt ech Schauspillerin ginn“, erzielt si. „Mäi Monni schafft an der Filmbranche an huet mech 2016 oder 2017 mat op meng éischt Filmpremière geholl.“ Esou huet si hir déif Passioun fir d’Filmwelt entdeckt. Haut huet d’Céline trotz hire jonken 23 Joer scho bei ronn 20 Filmer matgeschafft, fir sech dësen Dram ze erfëllen.

Hire grousse Wonsch ass et, Regisseurin ze ginn an u Filmer ze schaffen, déi eng Botschaft hunn, entweeder politesch oder aktivistesch sinn. „Heiansdo gesinn ech Filmer am Fernsee a froe mech, wéi esou eppes entsteet. An dann, wann ech um Set sinn, gesinn ech, wéi all d’Departementer zesummeschaffen, an ech denken: Wow! Mir hunn all zesummen dës schéi Geschicht kreéiert!“

Dës offensichtlech Leidenschaft an hir spierbar Motivatioun maachen si zu enger inspiréierender Begleederin op eiser Rees duerch déi magesch kleng Kinoen zu Lëtzebuerg. Eist éischt Zil féiert eis an den Norden, op Dikrech.

De

faarwegste Kino zu Lëtzebuerg

Um Terrain vun der fréierer Holzindustrie zu Dikrech steet haut de Ciné Scala, de gréisste vun de klenge Kinoen zu Lëtzebuerg. Eng grouss, hell Agangshal begréisst d’Visiteuren, ier se déi eenzegaartegst fënnef Kinossäll am Land betrieden, déi duerch hir knalleg, faarweg Kinossëtzer iwwerraschen. „Dat gëtt et nëmmen hei!“, erzielt d’Kinosdirektesch Nadi-

ne Petit houfreg. De Ciné Scala leet grousse Wäert op de Confort vun de Gäscht. „Mir hu bewosst op e puer Plaze verzicht, fir méi grouss, luxuriéis Sëtzer mat méi Plaz unzebidden“, erkläert d’Nadine. Bei senger Ouverture am Joer 2017 hat de Ciné Scala och als éischte Kino an der Regioun e modernen Dolby-Atmos-Soundsystem, direkt no Bréissel, Köln a Paräis. „Sou eng Kinoserfarung kann een doheem net nomaachen. Wann am Film en Helikopter vu lénks no riets iwwert den Ecran flitt, huet een d’Gefill, wéi wann en tatsächlech duerch de Raum géif fléien“, ënnersträicht d’Nadine.

Besonnesch houfreg ass de Ciné Scala op seng Ënnerstëtzung fir Lëtzebuerger Filmproduktiounen. „Mir bidde Lëtzebuerger Produktiounen a Koproduktiounen eng würdeg Bün, och wann se keng Honnerten Zuschauer unzéien“, betount d’Nadine mat Nodrock. Dës Philosophie erfreet virun allem jonk Filmcreateure wéi d’Céline Schlesser, déi duerch d’Ënnerstëtzung vum Ciné Scala eng wäertvoll Geleeënheet kritt, hir Wierker engem méi breede Publikum virzestellen.

De Ciné Scala ass iwwregens 364 Deeg am Joer op – nëmmen um Dag vun der Dikrecher Kavalkad bleiwen d’Dieren zou.

D’Rees geet weider op Iechternach. An de charmante Gaasse vun der eelster Stad am Land verstoppt sech en onscheinbaren Agang, deen an e verwénkelte Passage iwwergeet a lues a lues an eng aner Welt entféiert.

Familiären Esprit zu Iechternach

D’Mauere si mat ale Filmplakater dekoréiert, an eng duuss Beliichtung weist de Wee. Mat all Schrëtt duerch dëse Passage léisst een d’Baussewelt e Stéck méi hannert sech, bis een endlech de gemittleche Kinossall vum

D’Céline Schlesser schätzt virun allem déi bezuelbar Präisser vum Ciné Sura: „Hei geet et einfach nëmmen drëm, dat Bescht fir de Kino ze maachen – an zwar, datt d’Leit weiderhi kommen.“

Ciné Sura betrëtt. Dëse Kino bitt eng beandrockend Villfalt vu Filmer: vu Blockbusteren iwwer Familljefilmer bis hin zu Arthouse-Kino, franséische souwéi Lëtzebuerger Filmer. Et sinn awer virun allem déi vill mat Léift organiséiert Eventer, déi dëse Kino wierklech auszeechnen. „Mir hunn de Früstückskino mat Kaffi, HalloweenEventer, Silvesterfeiere mat selwergekachte Buffeten an e ganz beléiften Drive-in-Kino um Iechternacher Séi“, erzielt d’Kinosmanagerin Sandra.

Viru Kuerzem stoung de Ciné Sura allerdéngs virun enger grousser Erausfuerderung. Den ale Projekter war net méi zouverlässeg an huet de Kinosbetrib bal zum Stëllstand

bruecht. Ouni eng nei technesch Ausrüstung wier de Ciné Sura warscheinlech gezwonge gewiescht, seng Dieren zouzemaachen. Fir dat ze verhënneren, huet de Kino eng CrowdfundingCampagne lancéiert, déi e spektakulären Erfolleg verzeechent huet. Dank de generéise Spenden aus der ganzer Regioun, och aus Däitschland, Frankräich an aus der Belsch, konnten déi néideg Mëttele fir en neie Projekter an eng nei Leinwand gesammelt ginn. „D’Ënnerstëtzung war einfach onwarscheinlech“, seet d’Sandra.

gen ze lounen, vun der Virféierung vun Hochzäitsvideoe bis hin zu Jonggesellenabschider. „Mir haten hei schonn esou vill verschidde Veranstaltungen, souguer e Jonggesellenabschid mat engem Stripper, dee virun der Leinwand gedanzt huet“, erzielt d’Sandra mat engem Laachen. „Ech kéint wierklech e Buch schreiwen.“

D’Vereenegung

vu Konscht a Kino

De Ciné Sura ass en Häerzensprojet an e Familljebetrib. Dem Sandra seng Mamm war scho virun zwanzeg Joer am Kino aktiv an huet hir Kanner reegelméisseg mat op d’Aarbecht bruecht.

Dës Rettungsaktioun huet net nëmmen d’Zukunft vum Kino geséchert, mee och gewisen, wéi vill Bedeitung dëse klenge Kino nach ëmmer an der Gemeinschaft huet. De Ciné Sura ass einfach méi wéi just e Kino – et ass en Häerzensprojet an e Familljebetrib, an dëse familiäre Geescht ass omnipresent.

De Ciné Sura bitt och d’Méiglechkeet, de Sall fir privat Veranstaltun-

Weider geet et an de Ciné Starlight zu Diddeleng, eng Plaz, wou Filmer net nëmme gewise ginn, mee wou och hir Kreatioun a Bedeitung besonnesch gewierdegt ginn. „Mir organiséieren dacks Kinoskonferenzen a perséinlech Empfäng, wou iwwer d’Filmer geschwat an diskutéiert gëtt. Virun allem bei Lëtzebuerger Filmer luede mir d’Filmteam an, fir datt d’Visiteuren hir Froe stellen an sech austausche kënnen. Dat ass dat Besonnescht un de klenge Kinoen – d’Proximitéit zu de Leit“, erkläert den Yves Steichen vum Film-Service vum Centre national de l’audiovisuel (CNA).

An Zäiten, an deenen Home-Cinemaen ëmmer méi erschwénglech ginn, stellen sech fir d’Kinoen nei Erausfuerderungen. „Et fléisst esou vill Häerzblutt an dës Produktiounen“, seet den Yves Steichen. „D’Kinoe mussen de Leit also eppes bidden, wat se doheem net hunn. Virun oder no der Filmvirféierung kann ee bei eis eng Ausstellung besichen an an eisem Restaurant oder bei den Noperen an der ‚Kantin‘ eng Moolzecht genéissen“, proposéiert den CNADirekter Gilles Zeimet. E besonneschen Detail vum Kino ass de Plaffong vum grousse Sall, dee mat Stärekonstellatiounen dekoréiert ass, déi liichten. Dëst romantescht a ver-

Et sinn net just déi technesch Highlights an den exzellente Confort, déi de Ciné Scala esou besonnesch maachen. Zu Dikrech gëtt och de soziale Kontakt groussgeschriwwen. „Et ass eis immens wichteg, wat eis Clientë soen“, erkläert d’Nadine Petit.

Niewent de Filmvirféierungen am Ciné Starlight kënnen d’Visiteuren och Ausstellungen am Centre national de l’audiovisuel (CNA) oder an der Noperschaft am Pomhouse an am Waassertuerm besichen.

De Kinoler ass tatsächlech de klengste Kino zu Lëtzebuerg. Dëse gëtt ausschliisslech vu Fräiwëllege bedriwwen, dorënner de Marc Barnig, ee vun den Initiateure vum Kinoler-Projet.

dreemtent Element ass net nëmmen e Bléckfang, mee och den Ursprong vum Numm Ciné Starlight.

Diddeleng huet ausserdeem eng grouss italieenesch Gemeinschaft. „Filmer, déi sech mat Migratioun a virun allem der italieenescher Migratiounsgeschicht befaassen, fannen hei e besonnesche Publikum“, erzielt den Yves Steichen. Dës Filmer resonéiere mat den Erfarunge vu villen Awunner, schafe Verbindungen a sinn e Spigel vun hirer eegener Geschicht.

Kleng, mee

voller Charakter

De leschten Halt vum Tour duerch déi kleng Kinoe féiert eis an de Kinoler – e Wuertspill aus „Kino“ an dem Numm vun der Uertschaft Koler –, deen tatsächlech klengste Kino zu Lëtzebuerg. Scho wann een an d’Uertschaft erafiert, fale lénks a riets déi faarweg gesprayte Fassaden, Maueren a souguer Kouställ op. Dës Konschtwierker stame vum Alain Welter, engem Graffiti-Kënschtler, deen zu Koler opgewuess ass. Wéi de Kinoler 2018 am ale Pompjeesbau seng Dieren opgemaach huet, war kloer, datt den Alain Welter och de Kino mat dekoréiere sollt. „Hien hat Carte blanche“, erzielt de Marc Barnig, ee vun den Initiateuren a Fräiwëllegen hannert dem Kinoler-Projet.

Trotz senger klenger Gréisst bitt de Kinoler eng éischtklasseg Ausrüstung mat gemittleche Liederssëtzer an engem nostalgeschen, almoudesche Riddo virun der Leinwand. „Mir wollte vun Ufank un an d’Qualitéit investéieren“, seet de Marc. „Och wa mir dee klengste Kino sinn, hu mir en Dolby-Atmos-Soundsystem.“ De Kinoler gëtt ausschliisslech vu

Fräiwëllege bedriwwen, dorënner vill Senioren, déi hei eng sënnvoll a sozial Beschäftegung fannen.

„Et komme souguer Leit aus der Stad a soen: ,Hei ass et méi gemittlech. D’Leit sinn entspaant, et kënnt een an d’Gespréich.‘“ Déi intim an häerzlech Atmosphär zitt vill Visiteuren un, soudatt de Kino bei grousse Filmer dacks ausverkaaft ass, éier de Film iwwerhaapt uleeft. De Marc Barnig, deen nieft senger regulärer Aarbecht bal zéng Stonnen d’Woch am Kinoler verbréngt, erkläert et follgendermoossen: „Et ass eng wonnerbar Méiglechkeet, zesummenzekommen a gemeinsam e Film ze erliewen. Mir bidden eppes, wat déi grouss Kinoen net kënnen – eng perséinlech an heemlech Atmosphär.“

Déi kleng Kinoe sinn also méi wéi just Plazen, wou ee Filmer kuckt – et sinn Treffpunkter fir Filmfrënn a Kulturbegeeschterter, déi eng intim Atmosphär an e perséinlecht Kinoserliefnes bidden. Elo bleift just nach eng Fro zum Schluss: Séiss oder salzeg? Wéi hutt Dir Äre Popcorn am léifsten?

Kino-Tipps:

 All praktesch Informatiounen iwwert d’Kinoen an dëser Geschicht fannt Dir op den entspriechende Websäiten: www.cinescala.lu, www.cinesura.lu, www.kinoler.lu, www.cinestarlight.lu. Nieft anere „klenge Kinoen“ ginn et och déi grouss MultiplexKinoe vum Grupp „Kinepolis“: www.kinepolis.lu

 Gratis an dobaussen: Am Summer fënnt de vun der Stater Cinémathéik presentéierte „City Open Air Cinema“ op der Place Guillaume II (Knuedler) mëtten am Stadzentrum statt. www.vdl.lu

 Direkt niewent dem CNA mat sengem Ciné Starlight läit de fréieren Industriestanduert Neischmelz. Hei, direkt ënnert dem Waassertuerm am Killweier, fënnt een de Floater, eng vun de Kabaisercher, déi speziell als Ënnerkonft fir Wanderer um Minett Trail entworf gouf. www.minetttrail.lu

Lëtzebuerg huet eng beandrockend Villfalt vun thematesche Spillplazen, déi all Visiteur, onofhängeg vu sengem Alter, op e puer vun deene schéinste

Plazen am Land begeeschteren.

D’Reesbloggerin

Elfi huet sech mat hiren Duechteren op den ultimative Spillplazen-Tour gemaach, fir déi onendlech Theemewelten auszeprobéieren.

Spillen, laachen, dreemen!

„Am Nimmerland vum Peter Pan ginn et bestëmmt vill Spillplaze wéi déi heiten“, seet mäin néng Joer aalt Meedchen, wärend et hin- an hierdüüst, fir erauszefannen, wat et als éischt probéiere soll: d’Rutschbanen oder d’Klunschen? A seng Ae strale vu Freed.

Mir sinn op der Spillplaz zu Miersch, beim wonnerschéine klenge Weier, d’Sonn schéngt an d’Villercher päifen. Mir kommen dacks heihin, wa mer net grad eng vun deene villen anere Spillplazen zu Lëtzebuerg testen.

Als Reesbloggerin a Mamm denken ech oft, dass Lëtzebuerg eng beandrockend Villfalt vum thematesche Spill-

plazen huet. Se bidden de Visiteuren d’Méiglechkeet, ze genéissen, sech ze entspanen, auszeprobéieren, ze entdecken, Quality-Time mat Frënn a Famill ze verbréngen, mee och Picknicker an esouguer Gebuertsdagspartyen ze organiséieren. Zousätzlech Kamouditéite wéi Toiletten, Picknick-Dëscher, Plaze mat Schiet, Waasserspiller an esouguer déi gratis Distributeure vun Drénkwaasser a Sonnecrème suerge fir eng sécher a stressfräi Spillerfarung. D’Spillplazen zu Lëtzebuerg sinn och eng Plaz, fir aner Famillen ze begéinen a sech auszetauschen, an natierlech eng wonnerbar Geleeënheet fir d’Kanner an déi Erwuessen, nei Frënn ze fannen.

Meng Gedanke ginn ënnerbrach, well meng Duechter mech opfuerdert, hatt op der Zipline ze drécken. „Wat e Spaass! Ech wéilt, ech kéint all Dag heihinnerkommen!“ Effektiv, denken ech, a freeë mech, dass meng Kanner sech esou freeën.

„Dat ass et!“, ruffen ech opgereegt. „Mir maachen e Projet, mee ech brauch är Hëllef: Ech weisen iech Fotoe vun de Spillplazen, op deene mer waren, an dir probéiert, iech un hir Nimm ze erënneren. Da schreiwe mer se all op, zesumme mat deem, wat iech op all Spillplaz am beschte gefall huet.“ Hei ass d’Resultat.

Ahoi! Alles u Bord!

Pirateschëff-Spillplaz, Stad Lëtzebuerg  +  : „Ech erënnere mech drun, dass ech mat deem grousse Boot gefuer sinn“, seet dat Klengt, „an dass ech mam Waasser gespillt hunn.“ Dës Spillplaz am Stater Park entféiert seng Visiteuren, besonnesch d’Kanner, an d’Welt vun de Piraten an de Mierjongfraen. Glécklech Féiss am mëlle Sand, Waasserspiller direkt nieft dem Pirateschëff, Gummispneuen als Klunschen, Beräicher fir déi

ganz Kleng, an och d’Rutschbane suerge fir stonnelaange Spaass bei de Kanner. Bei eisem leschte Besuch op dëser schéiner Spillplaz war mir e Bouf opgefall, deen als Pirat verkleet war. Wéi léif ass dat dann, hunn ech geduecht an zu menge Kanner gesot, „wëllt der iech déi nächste Kéier, wa mer kommen, net als Pirate verkleeden?“ Dat wier dach flott!

An dës Spillplaz ass nëmmen e puer Minutten zu Fouss vum Stadzentrum ewech a kann esou perfekt mat engem Besuch an der Haaptstad kombinéiert ginn – mat oder ouni Piratenhutt.

Waasser opdréinen!

Waasserspillplaz, Mëllerdall + : „Meng Liblingsspillplaz!“, seet mäin Eelst. „Et gëtt näischt Besseres, wéi op engem waarmen, sonnegen Dag mam Waasser ze spillen.“ Hatt erënnert drun, dass et bei eisem éischte Besuch op dëser Spillplaz sengen Aen net traue konnt: sou vill verschidden Installatioune fir Waasserspiller!

Dëser Spillplaz an der schéiner Géigend vu Waldbëlleg am Mëllerdall, dat och als „déi kleng Lëtzebuerger Schwäiz“ bekannt ass a wou och deen an der Regioun beschtens bekannte Waasserfall vum Schéissendëmpel läit, geléngt et, een direkt an eng gutt Laun ze versetzen, een op déi positiivst Manéier auszepoweren a gläichzäiteg ze erfrëschen. Perfekt fir eng kleng Rascht fir Famillen, déi an der Géigend vum Mëllerdall wandere ginn, perfekt,

fir vun Dagesvisiteuren entdeckt ze ginn, a perfekt fir déi, déi ëmmer nees gär zeréckkommen, nëmme fir d’Waasser op hirem Gesiicht an hirem Kierper ze spieren.

„Mamma, kënne mir wannechgelift méi no bei dës Spillplaz plënneren?“ … Zum Gléck gi mer elo bei déi nächste Spillplaz am Bësch, mee vläicht musse mer jo och méi no bei déi plënneren … wie weess?

Eng Buerg

am Bësch

Bëschspillplaz, Stroossen : Wann Dir nach ni zu Lëtzebuerg waart, ass Iech vläicht net bewosst, wéi üppeg d’Natur hei ass. Dir wësst vläicht net, wéi vill majestätesch Bëscher et hei gëtt … „Ech erënnere mech drun, dass d’Spillplaz op eemol tëscht de Beem opgedaucht ass, zimmlech onerwaart, an ech si just dohigerannt!“, esou beschreift mäin Eelst d’Bëschspillplaz zu Stroossen.

Dës Spillplaz füügt sech harmonesch an déi héich Beem an; déi gréng Faarwe vun der Natur an dat natierlecht Brong vun den hëlzene Strukture passe perfekt beieneen, hei kënnen d’Kanner net nëmmen d’Spillanlagen, mee och d’Natur genéissen. Kleng Wonner ginn et iwwerall ronderëm ze gesinn: Blummen a Planzen an d’Rou vum Bësch, déi just vu gléckleche Kannerstëmmen ënnerbrach gëtt. „Kuck, Mamma, e Päiperlek!“, héieren ech meng Kanner ruffen, wärend ech d’Sonn op mengem Gesiicht genéissen. Dës Kéier sinn ech et, dat meng Kanner freet, „kënne mer wgl. fir ëmmer heihinnerplënneren?“, a mir kickelen alleguer.

Flughafespillplaz, Cents: Wann ee Kreesch deet, „Ech sinn de Pilot!“, da kann dat nëmmen eppes heeschen: Mir sinn op der Flughafespillplaz um Cents gelant. Dat ass déi Spillplaz, wou ech mir ëmmer wënschen, nees e Kand ze sinn. Beim Klammen op de Kontrolltuerm oder an de Fliger hunn d’Kanner op dëser Spillplaz vill Spaass a léieren och nach eppes derbäi.

Kleng Piloten, déi ronderëmlafen an alleguer de Fliger steiere wëllen: Loosst der Fantasie vun Äre Kanner fräie Laf, frot se, wouhi se reese wéilten a firwat, wéi hir absolut bescht Vakanz géif ausgesinn asw. Fannt Dir déi Plazen net och einfach wonnerbar, wou Dir mat Äre Kanner sou richteg zesummewuesst?

A wann een Angscht viru Fligeren huet, hei ass eng Plaz, wou Dir an aller Rou a mat gudder Laun driwwer schwätze kënnt.

Pompjeeën am Asaz

Pompjeesspillpaz, Nidderaanwen: Dës Spillplaz läit e bësse verstoppt an enger renger Wunngéigend an ass e „Geheimnis“, dat et verdéngt, gelëft ze ginn. „Ech fannen, Pompjeeë verdéngen all eis Léift“, seet mäi Jéngst a freet, ob hatt och eng Pompjee ka ginn, wann hatt grouss ass. „Natierlech“, soen ech mat enger encourageanter Stëmm, „du kanns dech och zu all Moment als Benevole mellen.“ Et geet eng duuss Lëftchen an ech mierken, wéi d’Blieder vun de Beem sech beweegen a wéi voll, déck, duuss a gréng de Wuess op dëser Spillplaz ass. Déi dominant Faarf op dëser Spillplaz ass natierlech rout an et gëtt souguer e schéine Graffiti zum Theema.

Déi grouss Beem bidde generéis Schiet. D’hëlze Strukturen an déi laang Rutschban si ganz lackeleg. Op dëser Spillplaz ameséieren d’Kanner sech gär mat Rollespiller an entdecken dobäi, wéi eng wichteg Servicer d’Pompjeeë leeschten.

Aus dem Weltall

Weltraumspillplaz Kaltreis, Bouneweg: „Ech wäert definitiv deen Éischten aus der Famill sinn, deen Astronaut gëtt.“ Wann Dir dat oder änlech Saache vun Äre Kanner héiert, musst Dir se onbedéngt mat op d’Weltraumspillplaz am Park Kaltreis zu Bouneweg huelen. Mat senge Waasserspiller, sengem Open-AirTurnberäich, enger Weltraumrutschban, déi vun engem anere Planéit kënnt, an de Parkplazen nobäi ass dës Spillplaz e globale Gewënner. Déi Kleng wëllen iwwerhaapt net méi fort, wa se bis d’Waasserspiller entdeckt hunn.

Et ass och déi perfekt Spillplaz, fir e puer Kannerbicher a Spiller zum Theema Weltraum matzebréngen, well d’Kanner besser léieren, wa se och nach Spaass derbäi hunn. Déi perfekt Kuliss, fir op eng spaasseg a spilleresch Manéier méi iwwer de Weltraum, Astronauten a Planéite gewuer ze ginn.

Verkéiersspillplaz, Capellen: Nodeems mir d’Raumschëff sécher gelant hunn, klamme mer op eis Vëloen a Scooteren a maachen eis op de Wee a Richtung Verkéiersspillplaz zu Capellen. „Kommt, mer fueren zesummen, awer op verschiddene Weeër!“ „Nee, ech sinn de Foussgänger an du fiers mam Auto!“ Fueren an d’Verkéiersreegele léieren huet nach ni méi Spaass gemaach. D’Schëlter an d’Stroossemarkéierunge si wéi am richtege Liewen, an d’Ëmfeld ass einfach nëmme perfekt. Wéi

eng normal Stroosseninfrastruktur, nëmmen op enger méi klenger Skala. D’Spillplaz niewendrun ass e risegen oppene Raum mat ville verschiddene Strukturen, Petanque-Terrainen an esouguer enger Klotermauer.

Extra-Tipp: Zu Capellen ass och de Lëtzebuerger Police-Musée.

Sprangen, rutschen, a kloteren

Spillplaz Miersch +  : E gudden Dag? Kommt, mer ginn op d’Mierscher Spillplaz. E stressegen Dag? Kommt, mer ginn op d’Mierscher Spillplaz. Dës Spillplaz huet eng besonnesch Plaz a mengem Häerz. Vum éischte Moment un, wann een ukënnt, spiert een, dass een op enger besonnescher Plaz ass. Tëscht héije Beem a wonnerschéine Blumme féieren déi schmuel Pied een a verschidde Wénkele vun der Spillplaz: vu Beräicher fir d’Butzen a kleng Kanner bis zu Beräicher, wou méi grouss Kanner hir Energie kënne lassginn, mat ganz kreative Spillstrukturen, déi ënnerschiddlech Erliefnesser vermëttelen.

Mir spadséieren iwwer d’Spillplaz bis bei de klenge Weier mat senger klenger hëlzener Bréck, déi an d’Waasser eraféiert an Iech d’Méiglechkeet gëtt, matten am Waasser ze stoen an d’Villercher an d’Inten ze beobachten. D’Faarwe vum Himmel si magesch: rosa, mof, giel a rout ... „Mamma, mir hunn et hei super fonnt, d’nächst Kéier komme mer mat eise Frënn, déi fannen et bestëmmt och super!“

Spillplaz um Iechternacher Séi :

Séie si ganz beléift an dee wonnerschéine Séi vun Iechternach luet Kanner a Famille wierklech derzou

an, Neies ze entdecken, ze spillen, sech ze entspanen an ze genéissen. Op enger fantastescher Plaz, net wäit vun den Trampolinne vun der Jugendherberg ewech, déi all Summer Spaass ouni Enn bidden, huet dës Spillplaz einfach alles!

Fir méi kleng a méi grouss Kanner, mat sanitären Ariichtungen direkt bei der Spillplaz, mat der Réimescher Villa iwwer der Spillplaz an direkt um Séi, wäert dës Spillplaz séier d’Liblingsspillplaz vun der ganzer Famill ginn. Net dacks fënnt een op där selwechter Plaz Schwammméiglechkeeten, Waasseraktivitéiten, eng Spillplaz, en archeologesche Site, Wanderweeër an eng schéi Jugendherberg mat Klotermaueren an Trampolinnen. „Bleift d’Iechternacher Spillplaz ëmmer hei a mir kënnen ëmmer nees heihikommen?“ Jo, dat wäert se!

Spaass ouni Enn

Abenteuer- a Waasserspillplaz zu Rouspert: Fir vill Famillen a Kanner ass dëst déi bescht Waasserspillplaz am Land. „Zäit fir heemzegoen, Kanner!“ „O nee, nach net …“ Hei bleiwe mir ëmmer méi laang. Kee wëll heemgoen. D’Waasserstrukturen a spiller op dëser Spillplaz sinn absolut fantastesch. D’Beem bidde vill Schiet, et gi gratis Parkplazen an d’Kuliss beim Waasser ass wonnerschéin. D’Versprieche „Mir komme geschwënn erëm“ ass déi eenzeg Méiglechkeet, d’Kanner an den Auto ze kréien an heemzefueren. A mir wëssen, dass mir erëmkomme wäerten.

Spillplaz am Märeler Park: Hei hu mir esou vill schéin Erënnerungen … D’Spillplaz am Märeler Park ass ni

eidel, zu kengem Moment am Joer, se ass en Treffpunkt fir vill Famillen, déi no bei der Stad wunnen. Eng Spillplaz mat ville Strukture fir verschidden Altersgruppen, eng flott Zipline, Basketballterrainen direkt dernieft an e klenge Waasserberäich.

Hei hu vill kleng Kanner goe geléiert, si fir d’éischt mam Vëlo gefuer, hunn hir éischt „Spillplazfrënn“ fonnt a festgestallt, dass dës wéi Geschwëster gi sinn. D’Spillplaz am Märeler Park ass eng lieweg Communautéit vu Famillen a Kanner, eng richteg Oas, wou ee matten an der Stad Rou, Gléck a Freed fanne kann.

Freed puer!

Spillplaz zu Walfer: eng Rutschban aus der Zukunft oder eng futuristesch Rutschban, e kreativ geformte Buedemtrampolin, gratis Distributeure fir Drénkwaasser a Sonnecrème, eng Sandkëscht, Klunschen, Picknick-Dëscher a villes méi … „Se ass zimmlech eenzegaarteg“, seet mäi Meedche vun néng Joer an ech versti genee, wat hatt mengt. Vläicht net déi gréissten zu Lëtzebuerg, mee definitiv eng vun deene beschten. „Ech hunn eng nei Frëndin, Mammi“ an „Ech fannen dat super!“ si Musek a mengem Oueren. Schreift elo Är eege Geschicht: Maacht mat Äre Kanner Är eege Lëscht vu Liblingsspillplazen a bitt hinne vill Freed, Opreegung a spillerescht Léieren.

Nach méi Spaass an Aventure

 Eng wichteg Informatioun fir d’Elteren ass, dass d’Spillplaze reegelméisseg vun den zoustännegen Autoritéiten inspizéiert an an d’Rei gemaach ginn, fir ze garantéieren, dass d’Kanner an hir Betreier op de Spillplazen a Sécherheet sinn.

 Zu Lëtzebuerg ginn et nach vill aner cool Plaze fir d’Famillen ze entdecken. An engem vun de groussen Indoor-Kloterparke klamme goen, interessant Muséeë besichen, op flotte Wanderweeër, besonnesch fir Famillen, spadséiere goen, en Aquarium oder dee berüümte Päiperleksgaart entdecken. Méi Spaass an Aventure fir Famille fannt Dir op eisem Internetsite! www.visitluxembourg.com

CLERVAUX

WËLLKOMM ZU CLIÄRREF

Mënschen Traditioune Geschicht Fotografie Natur Wellness

Dem Mëllerdall seng lieweg geologesch Vergaangenheet

De Mëllerdall, mat senge beandrockende Sandsteeformatiounen, Schlëff a Waasserfäll ass net just eng beléift Attraktioun fir Naturfrënn, mee och Deel vum UNESCO Global Geoparks Network.

Déi, déi sech mat Geologie auskennen, kënnen unhand vum charakteristesche Fiels déi faszinant geomorphologesch Prozesser deiten an erausliesen, op wéi eng Manéier dës eng Schlësselfunktioun an der Entwécklung vun der Regioun gespillt hunn.

Déi sëllege Mille laanscht d’Flëss an d’Baache ginn der Mëllerdall-Regioun hiren Numm. An der Hueler Lee, enger mënschegemaachter Hiel, erkennt een unhand vu geschwongenen Akerbungen, datt hei fréier Millesteng aus der Fielswand erausgeschloe goufen.

Et ass schwéier, sech eis Welt zur Zäit vun den Dinosaurier am Trias oder am Jura virzestellen, mee de Mëllerdall ass e gudden Ausgangspunkt. Et ass e frësche Summerdag an d’Birgit, d’Conny an de Robert starten hir Wanderung duerch de Mëllerdall bei der Hueler Lee, also dem „huele Fiels“. Dëse Geosite erreecht ee ganz einfach iwwer de Lokalwanderwee E1, de Bäerdrefer Autopedester oder d’Route 2 vum Mullerthal Trail.

D’Birgit Kausch leet d’Geologiesdepartement an d’Naturparkschoul vum Geopark Mëllerdall an de Robert Weis schafft als Fuerschungsassistent beim Nationalmusée fir Naturgeschicht (MNHN) a spezialiséiert sech op dat geologescht Ierwen zu Lëtzebuerg. Zesumme mam Conny Koob vum Natur- & Geopark Mëllerdall suerge si derfir, datt d’Visiteure méi iwwer déi faszinant Fielsformatioune vun der Regioun an hire geologeschen Hannergrond gewuer ginn.

Si all deelen hir Passioun fir d’Wanderen hei am Eck a betounen ëmmer erëm, wéi besonnesch d’Regioun ass. Si fuerderen eis op, eis kuerz an d’Roll vu Geolog:innen eranzeversetzen, déi mat engem ganz aneren Zäitgefill un hir Aarbecht eruginn.

Dat grousst Ganzt

Ier et weidergeet, erkläre si nach, datt et souguer fir Geolog:inne schwéier ass, Konzepter wéi dat vun der „Deep Time“ ze begräifen. Am Birgit sengen Aen erkennt een d’Begeeschterung: „Wat mech um Konzept vun der Deep Time am meeschte faszinéiert, ass, datt all d’Partikelen, all d’Elementer zënter dem Ufank vun eisem Sonnesystem existéieren.“ Et kéint een et och als eng Zort Recycling vu Materialie bezeechnen, déi sech opgrond vu verschiddene Kräfte

wéi der Plackentektonik, der Waasserstréimung oder der Schwéierkraaft duerch Raum an Zäit beweegt hunn.

Vun hei aus huet een eng gutt Vue, an de Robert scannt déi gréng, fielseg Landschaft mat den Aen. „D’Fielsen, déi mir am Mëllerdall gesinn, si virun 200 bis 250 Millioune Joer als Sedimenter hei ofgelagert ginn“, seet hien. Seng Faszinatioun fir déi verschidde Geositten, laanscht déi allerlee Wanderweeër féieren, ass esou grouss, datt hien, als begeeschterte Schrëftsteller a publizéierten Auteur, zesumme mam italieeneschen Auteur a „Geopoeet“, dem Davide Sapienza, un enger Publikatioun iwwer de Mëllerdall schafft.

„Lëtzebuerg war zu där Zäit Deel vun engem flaache Mier um Bord vum sougenannte ‘bassin parisien’. Nërdlech, ongeféier do, wou elo d’Ardenne sinn, goufen et e puer Inselen,“ erkläert hie weider. Den Dolomitt, de Sandsteen an de Mergel (e karbonaträicht, wäisselzegt Material), déi haut an der Regioun erkennbar sinn, ware viru ganz Laangem Deel vum Mieresbuedem. Flëss hu Sedimenter an d’Mier

geschwemmt, déi sech do ofgelagert hunn, an duerch de Prozess vun der sougenannter Diagenees (der Entsteeung vu Fielsen) huet sech zum Beispill aus Sand de Sandstee geformt. An der Hallschent vum Jura war d’Mier verschwonnen a Flëss hunn d’Landschaft zerschnidden an esou d’Klippen, d’Plattoen an d’Däller geschaf, déi dës Géigend esou eenzegaarteg maachen. De Robert bezeechent de Sandsteen am Mëllerdall als „onvergläichlech“, ënner anerem, well duerch déi lescht Äiszäit speziell „Erosiounsformatiounen“ entstane sinn. „D’Landschaft, wéi mir se haut kennen, ass tëschent 10.000 a 15.000 Joer al.“

Déi geschwongen Akerbungen an der vu Mënschenhand geschafener Hiel weisen drop hin, datt hei fréier Millesteng aus dem Fiels geschloe goufen. D’Birgit an de Robert klappe widdert d’Fielswand, fir eng Iddi dovunner ze kréien, wéi dicht d’Gestengs op verschiddene Plazen ass.

Den Natur- & Geopark Mëllerdall ass ee vun 213 „UNESCO Global Geoparks“, déi iwwer 48 Länner verspreet sinn.

D’Fielsvirspréng am Dall ënnert der Hueler Lee maache Schiet an de waarme Méint. D’Fielswand schéngt sech aus verschidde Couchen zesummenzesetzen: Uewenerëm ass se éischter beige oder wäiss, wärend ënnelaanscht Splécken a Moos dominéieren.

D’Geschicht vum Mëllerdall huet hiren Ufank viru ronn 245 Millioune Joer an engem Mier. Onendlech vill Sand- an aner Partikelen hu sech hei ofgesat a sech zu Stee verfestegt. D’Mier ass verschwonnen an d’Flëss hunn déi beandrockend Fielslandschaft vum Natur- & Geopark Mëllerdall, déi mir haut bestaunen, geformt.

D’Birgit erkläert, datt d’Millesteng fir d’éischt ganz graff geformt goufen an dann en hëlzene Käil tëscht de Fiels an de Millestee geklemmt gouf. Dëse gouf ugefiicht an ass doropshin opgequoll, wouduerch de Millesteen dann erausgebrach ass. Experte mengen, datt schonn d’Réimer dëse Site als Steebroch genotzt hunn, mee datt haaptsächlech am Mëttelalter hei geschafft gouf. Heibäi dierf een net vergiessen, wou de Mëllerdall säin Numm hierhuet: Déi vill Flëss a Baachen, déi sech duerch d’Landschaft schneiden, hunn iwwer 60 Millen ugedriwwen.

Wann ee vun der Hueler Lee erofwandert, fënnt een ënner de Fielsvirspréng am Dall och an de waarme Summerméint genuch Schiet. D’Fielswänn schéngen aus verschidde Schichten ze bestoen, déi sech gutt ënnerscheede loossen: Uewelaanscht ass eng beigewäiss Couche, wärend ënnenerëm Rëss a Moos dominéieren. Wann een e bësse

Fantasie huet, erkennt een am mëttelsten Deel eppes wéi gezackte Bakzänn, déi an den ënneschten Deel ze bäisse schéngen.

D’Fielse liesen

Déi horizontal Linnen uewen am Fiels hunn eng Zort Wellemuster. Dës Schichte sinn aus dem Sediment, dat vun der Stréimung erbäigeschwemmt gouf, entstan. „D’Dynamik vum Sandtransport mécht dës Musteren aus“, esou d’Birgit. D’Splécken am ënneschten Deel si warscheinlech entstanen, wéi kallekräicht Material vun der Stréimung fortgeschwemmt gouf.

Hatt erzielt och, datt Archeologe vum Kallekundeel vum Fiels hei an der Regioun begeeschtert sinn. Duerch den héije Gehalt u Kallek am Lëtzebuerger Sandsteen bleiwe Schanken nämlech besonnesch gutt erhalen. Dat ass och de Fall beim Loschbuer-Mann, en-

D’Mëllerdall-Regioun ass virun allem en eenzegaartege

Biotop, dee sech duerch faszinant an onerwaarte

Sandsteeformatioune charakteriséiert.

gem Homo-sapiens-Exemplar aus dem europäesche Mesolithikum, deen 1935 ënner engem Fielsvirsprong am Mëllerdall entdeckt gouf an haut am MNHN ausgestallt ass.

D’Conny erkläert, datt een de Geosite vun der Hueler Lee ganz einfach iwwer e flotten Trëppeltour mat der Wollefsschlucht bei Iechternach kombinéiere kann. Dës Fielsformatioun ass duerch en Äerdrutsch entstanen: D’Gewiicht vum Sandsteen huet uewen op de Fiels gewierkt, wärend ënnelaanscht den Erosiounsprozess vun der Sauer stattfonnt huet. Dësen ass och haut nach un de graffe Linne bausselaanscht ze erkennen.

Mee et ginn nach aner spannend Geositten hei am Eck. Duerch hir Aarbecht mam Geopark huet d’Birgit der eng ganz Rëtsch fotograféiert. Esou och de „Champignon“, eng Sandsteeformatioun zu Noumer. Wéi den Numm et scho seet, hunn d’Witterungsverhältnisser dëse Sandsteefiels zu enger Aart Kochel zurechtgeschlaff. De Champignon ass ëmgi vu Sand-Dréchewisen an Heed a léisst sech ganz einfach iwwer den N4-Wanderwee bewonneren. Ronderëm dëse Site, dee mam Titel „Geosite vum Joer 2021“ ausgezeechent gouf, kann een ausserdeem sougenannte Schläifrillen entdecken – Spueren aus der Steenzäit, wéi d’Leit hir verschidden Outilen hei geschlaff hunn.

Bei waarmem Wieder ass d’Chance grouss, datt ee beim Schéissendëmpel-Waasserfall eng sëllegen Touriste begéint, déi hir Féiss am frësche Waasser ofkillen. Dësen ass via d’Route 3 vum Mullerthal Trail oder d’Lokalwanderweeër W6 a W7 erreechbar. De W7 léisst sech ideal mat enger Visitt vum Touristcenter Heringer Millen kombinéieren, enger Millen aus dem 17. Joerhonnert, déi ëmmer nach funktionell ass a wou an engem alen Holzsteenuewen op

Mysteriéis Hielen a Schluchten, schmuel Fielsschlëff, dicht Bëscher, duerchschnidde vu Baachen, déi dauschen, aussergewéinlech

Biotope mat risege Sandsteeformatiounen an eng erstaunlech Villfalt vu Planzen a Beem: Wëllkomm am Mëllerdall.

Déi horizontal Linnen uewen am Fiels hunn eng Zort Wellemuster. Dës Schichte sinn aus dem Sediment, dat vun der Stréimung erbäigeschwemmt gouf, entstanen. „D’Dynamik vum Sandtransport mécht dës Musteren aus“, esou d’Birgit Kausch vum Natur- & Geopark Mëllerdall.

traditionell Manéier och haut nach Brout gebak gëtt. De Waasserfall ass definitiv en Highlight aus dësem Eck, mee d’Conny réit de Leit, sech och d’Bréck méi am Detail unzekucken.

„Hei goufe richteg Konschtwierker an de Stee gemeesselt. Wann ee genee kuckt, kann een zum Beispill e Schleek erkennen.“

Wat méi Fantasie, wat besser, wann ee probéiert, sech virzestellen, wéi dës Landschafte viru Millioune Joren ausgesinn hunn. Dat mécht Geositten och besonnesch interessant (a léierräich) fir Kanner a Jonker. Den Natur- & Geopark Mëllerdall organiséiert reegelméisseg Workshoppen a Wanderunge fir Kanner a Famillen. 2024 gouf de Beeforter Geo-Pad ageweit. Iwwer 5 km kann ee 14 interaktiv Statiounen entdecken an et kann een den Tour zousätzlech mat enger Visitt vun der Geo-Expo verbannen. Hei gëtt ee méi iwwer den eenzegaartegen natierlechen a kulturelle Patrimoine vun der Regioun gewuer, wéi zum Beispill iwwer d’Spueren, déi d’Mënschen an der Steenzäit awer och an der moderner Zäit an der Géigend hannerlooss hunn.

Touriste kënnen de Mëllerdall ouni Problem vun der Stad aus kenne léieren. De Loschbuer-Mann ass eng vun den Haaptattraktioune vum MNHN a besonnesch beléift bei Kanner. Hei gëtt net just de Skelett presentéiert, mee unhand vun engem Miniaturmodell gewisen, wéi esou eng Grabstätte vun de Jeeër a Sammler ausgesinn huet. De Robert weess natierlech vill iwwer d’Fossilien, déi am Musée ausgestallt sinn, a schreift reegelméisseg iwwer déi verschidden Exponater, déi zu Lëtzebuerg fonnt goufen. Viru Kuerzem war hien Deel vun der Ekipp, déi Recherchen zum „Vampirtëntefësch“ zu Käerjeng am Südweste vum

Land duerchgefouert huet. Beim Fossil goufen net just verstengert Iessensreschter fonnt, mee och verstengert Tënt!

Verschiddener sinn elo vläicht iwwerrascht, datt de Mëllerdall kee Fossilien-Hotspot ass. Mir si bal um Enn vun eiser Wanderung, an d’Birgit an de Robert betounen, datt si optimistesch bleiwen: Och wann et hei nach keng bedeitend Entdeckunge goufen, heescht dat net, datt dat sech net an Zukunft ännert. De Robert formuléiert et esou: „Dank der Geologie ass de Mëllerdall eng Aart Schatzgrouf. Am Bësch an ënnert de Fielse verstoppt sech nach villes, wat et an Zukunft ze entdecke gëllt.“

Tipps:

 Via den 112 km laange Mullerthal Trail kënnen erfuere Wanderbegeeschterter an déi beandrockend Fielslandschaft andauchen. www.mullerthal-trail.lu

 Dat geologescht Ierwen an déi enorm Planzevillfalt am Natur- & Geopark Mëllerdall goufen 2022 duerch de Label „UNESCO Global Geopark“ ausgezeechent. www.naturpark-mellerdall.lu

Déif Däller a beandrockend Fielsen: Déi hiwweleg Landschaft erënnert e bëssen un d’Schwäiz, wouduerch de Mëllerdall och nach als „Kleng Lëtzebuerger Schwäiz“ bezeechent gëtt.

 Och d’Minett UNESCO Biosphere, déi ganz am Süde vum Land läit, lackelt mat léierräichen Aktivitéiten an der Natur. Se ass e flott Beispill fir den Impakt vum Mënsch op d’Natur a weist och, wéi d’Natur sech hir Plaz an dëser Regioun trotz der Industrie zeréckerobert huet. D’Landschaft spigelt op interessant Manéier erëm, datt hei fréier Eisenäerz ofgebaut gouf an och, datt dës Aktivitéiten iergendwann op en Enn komm sinn. www.minetttrail.lu

Come visit the Roman villa!

We’re open from 8 April through to 28 September 2025

Hannert den héije Gebaier: eng Natur voller Iwwerraschungen

E Spadséiergang duerch de Park Klosegrënnchen, begleet vun engem „Grénge Mann“, deen eng onermiddech Quell vu Geheimnisser iwwer d’Beem an d’Planzen am Geschäftsvéierel vu Lëtzebuerg ass.

Rendez-vous hu mer bei engem Busarrêt um Boulevard Pierre Werner, net wäit ewech vum RobertSchuman-Spidol um Kierchbierg. E bëssen onsécher versammele sech déi ronn zéng Leit, déi haut um Spadséiergang deelhuelen, bei der Entrée vum Park Klosegrënnchen. „Kommt Dir och de ‚Grénge Mann‘ kucken?“, freet eng Koppel.

Op eemol, tëscht dem Hin an Hier vun den Autoen op där enger Säit an dem Gezwitschers vun de Villercher op där anerer Säit, héiert een eng duuss Musek. „Dat kënnt vun de Beem dohannen!“, jäizt e Kand a leeft de Wee erof an de Park. An tatsächlech, e puer Meter méi wäit erof, bei de Beem, sëtzt de „Grénge Mann“ op engem Fiels, matzen an de Brennnesselen, eng Okarina am Mond. „Hutt Dir mäi Frënd, de Maarkollef, gesinn? Ech waarde scho stonnelaang op en. Kennt Dir en? Kommt, ech weisen iech seng Fiederen“, pëspert de Grénge Mann an hält säin hëlzent Gespenst mat verschiddene Fiederen an enger Skulptur vum Vull an d’Luucht.

Visitt a Schauspill

Hannert dem Baart an dem Kostüm vun deem, dee sech als Wiechter vun der Natur presentéiert, deen „de Beem seet, se sollen hir Blieder fale loossen, an dem Kéiseker, e soll nom Wanter nees erwächen“, verstoppt sech e Mann, dee Lex Gillen heescht. Vun der Formatioun hier e Biolog, mat engem richtegen Talent fir d’Improviséieren an d’Erzielen. „Am Ufank sinn ech an d’Schoulklasse gaangen, a wéi meng Fra, déi aus dem Theater kënnt, mech dobäi gesinn huet, hat si d’Iddi, dëse Personnage vum ‚Grénge Mann‘ ze kreéieren.

An der Tëschenzäit spillen ech awer och aner Rollen, besonnesch déi vu lokalen historesche Figuren“, vertraut hien eis un. De Lex Gillen ass och vu Musek passionéiert an huet e puer Méint bei Aborigines an Australie gelieft, fir Recherchen iwwer verschidden Instrumenter ze maachen. Dës onvergiesslech Erfarung huet him gläichzäiteg gehollef, seng ugebuere Verbindung mat der Natur ze stäerken.

De Lex Gillen, vu Formatioun Biolog, verkierpert de „Grénge Mann“, de Wiechter vun der Natur. Hien ass zanter éiweg vun der Natur passionéiert a kennt och hir klengste Geheimnisser.

De Lex Gillen proposéiert schauspilleresch

Visitten duerch de Park Klosegrënnchen, fir all de Virwëlzen d’Geheimnisser an déi positiv Eegenschafte vun de Beem a wëlle Planze méi no ze bréngen. Mat sengem Wëssen a sengen

Anekdoten zitt de Grénge Mann seng Nolauschterer spilles a säi Bann.

„Ech hunn en déiwe Respekt fir de Bësch an ech sinn dervun iwwerzeegt, dass d’Beem eng Séil hunn. Ech hu mech immens fir Planzen interesséiert, fir hir positiv Eegenschaften, an et mécht mer vill Spaass, dat alles mat de Leit ze deelen, déi de Kontakt mat mir sichen“, gëtt hien zou.

An esou kënnt et, dass hien zwou

Stonne laang de Grénge Mann méi verkierpert ewéi spillt, fir déi kleng

a grouss Virwëlzen d’Geheimnisser vun de Planzen, déi eis ëmginn, entdecken ze loossen. „D’Brennnessele picken? Dat läit dorunner, dass Dir se de verkéierte Wee haalt. Et geet duer, se un de Wuerzelen unzepaken a se géint de Stréch ze heemelen“, erkläert hien a weist, wéi et geet, éier en ënnert den erstaunte Blécker vun de Participanten e Blat ofschléckt.

„Dir vertraut éischter de Saachen aus dem Supermarché ewéi deem, wat an der Natur wiisst …“, ameséiert de Grénge Mann sech. E Kiischtebam u senger Schuel erkennen, de Spackelter vum Wäissdar ënnerscheeden, d’Friichte vum Schléiwendar schmaachen, Gehaanskraut plécken – „eng Planz, déi déi ganz Energie vun der Sonn späichert“–, fir dorauser Antideprimmtéi oder en Ueleg ze maachen, dee bei Verstauchungen hëlleft … D’Dageswanderer kënnen nëmme staunen iwwer esou vill Revelatiounen: „De Problem ass, dass ee vill ze vill vun der Natur deconnectéiert ass“, gëtt e Papp, dee mat sengen zwee Kanner komm ass, zou.

Iwwer 40 000 geplanzte Beem

Vun der Natur deconnectéiert? Ganz bestëmmt. An dat, obwuel d’Natur, déi eis op dësem Dag ëmgëtt, trotz deenen héije Gebaier, trotz de Fligeren, déi um Himmel laanschtzéien, sech als passionant erweist.

Et muss ee soen, dass de Kierchbierg zanter 1991 besonnesch vill Efforte gemaach huet, fir d’Biodiversitéit nees hierzestellen, déi ënnert deenen éischten Transformatioune vun de fréiere Weeden an e Quartier fir d’Finanzen an d’Europäesch Institu-

„Ech hunn e gewëssenen Don fir dat Theatralescht an d’Schauspill, an esou koum eis d’Iddi vum Grénge Mann“, erkläert de Lex Gillen.

Eng kleng Degustatioun gefälleg? De Menü ass zu 100 % planzlech a suergt a puncto Goût fir déi eng oder aner Iwwerraschung …

Hannert den héije Gebaier am Quartier vun de Finanzen an den Europäeschen Institutiounen zu Lëtzebuerg verstoppt sech eng onberéiert Natur. Zanter 1994 goufen hei iwwer 40 000 Beem a Straich am Arboretum vum Kierchbierg ugeplanzt.

Si schmaachen nawell erstaunlech, déi iessbar Planzen, déi um Kierchbierg-Plateau wuessen.

tioune staark gelidden huet. „Éischt Iwwerleeungen zu dësem Theema gouf et an den 1980er-Joren an 1991 huet de Fonds Kirchberg dat urbanistescht an ekologescht Konzept vum Landschaftsarchitekt Peter Latz ugeholl.

D’Iddi, fir en Arboretum vun 30 ha op alle Gréngfläche vum Quartier unzeleeën – besonnesch an den ëffentleche Parken –, kënnt vun him. 1994 gouf mam Planzen ugefaangen an zanterhier goufen iwwer 40 000 Beem a Straich aus ganz Europa ugeplanzt.

Och d’Waasserfläche goufe bäibehalen, fir Mouken a Libellen unzezéien, geméit gëtt op eng räsonabel Manéier, et goufe Blummewisen ugeluecht … „Zil ass et, d’Fauna an d’Flora nees esou opliewen ze loossen, wéi se virun all deene Konstruktiounen existéiert hunn“, erkläert den Thierry Helminger, Botaniker am Lëtzebuerger Nationalmusée fir Naturgeschicht. Seng Missioun ass et, interessant Geseems an den natierlechen Aartepopulatiounen ze sichen an ze sammelen, beim Planzen ze beroden an all déi Varietéiten, déi et am Quartier gëtt, an enger Datebank ze repertoriéieren.

D’Biodiversitéit nees opliewe loossen

De Park Réimerwee mat senge villen Eechen, Bichen a Kiferen, den Zentralpark mat sengen Zieruebstbeem an de Park Klosegrënnchen, déi alleguer no an no tëscht 1994 an 2000 nei ugeluecht goufen, hu fir hie keng Geheimnisser méi. „Am Klosegrënnche sinn d’Düne bei de Baggeraarbechte vum Ost-Contournement vun der Stad entstanen. D’Substrat gouf net verbessert, doduerch konnt de gewinnte Biotop, dee sech op de Sandsteeplateauen zu Lëtzebuerg bilt, nees hiergestallt ginn. Hei fënnt een haut seelen Orchideeën, Gënz, Wakelter, Weiden, Bierken, Kiferen, wëll Rousen …“, zielt de Botaniker op, deen och Visite-guidéeën duerch déi ronn 500 Aarten a Varietéite vum Arboretum, déi all a véier Sproochen etikettéiert sinn, ubitt.

Etikette brauch de Grénge Mann keng, hie gräift op billerräich Geschichten zeréck, fir den Interesséierten ze weisen, wourun een d’Beem erkennt. À propos, roueg elo! Et ass Zäit fir

eng Geschicht, net wäit ewech vum Retentiounsbaseng a Form vun enger Spiral, an deem de Reen an d’Uewerflächewaasser vum Park Klosegrënnchen opgefaange gëtt.

Anekdoten an Degustatioun

„Den Däiwel huet un der Schuel vun der Eech gekraazt an duerch d’Ofdréck vu senge Fanger sinn déi gelappte Blieder entstanen“, erzielt hien ënnert dem beandrockte Bléck vun de Kanner. Dono kënnt et zu der

mat Spannung erwaarter Degustatioun vun de verschiddene Planzen, déi um Wee gesammelt goufen. Blummen, Blieder a Wuerzele stinn um Menü: „Déi heite schmaacht no Champignon!“, wonnert sech eng jonk Fra. „Et kéint ee mengen, et wier Knuewelek“, stellt hire Begleeder fest a bäisst an eng Bettseecheschwuerzel. „Schmaacht wéi Peffermënzkamellen“, laacht e klengt Meedchen …

Eng Entdeckung jot déi nächst, an d’Ae ginn ëmmer méi grouss, wéi de Grénge Mann seng geheimnisvoll Sacoche opmécht an e Seel eraushëlt,

„dat aus Brennnessele gemaach ass“, an dono en Hutt „aus Champignonslieder“. Wat fir Decouverten! Wann ee bedenkt, dass d’Visitt grad eréischt ugefaangen huet …

Weider Iddien:

 Um Internetsite vum Fonds Kirchberg kann ee sech aschreiwen, fir un enger Visite guidée mam „Grénge Mann“ deelzehuelen. www.fondskirchberg.lu

De Quartier vum Kierchbierg ass e groussflächege Plateau am Nordoste vun der Stad Lëtzebuerg. Et ass ee vun de 24 Quartiere vun der Haaptstad. Fréier war de Quartier e reng landwirtschaftlecht Gebitt, zanter de 50er-Joren huet e sech awer, mat ë. a. dräi Europäeschen Institutiounen, zu engem vun den Haaptpole vun der Stad Lëtzebuerg entwéckelt.

 De Kierchbierg proposéiert vill variéiert Espacen, wou ee sech no der Aarbecht kann entspanen oder no de villen Entdeckungen an der Stad eng Paus ka maachen, sief et op der Place de l’Europe, mat der Philharmonie an dem Mudam, oder an de Shoppingzenteren an der Géigend. Am grousse Park fënnt een z. B. en Arboretum, Petanque-Terrainen an e Kiosk (am Summer). An der Stad ginn et iwwregens e puer wonnerbar Parken, déi dacks iwwerraschend amenagéiert sinn, vum Gronn iwwer d’Péitrussdall an d’Kinnekswiss gradewéi d’Quartiere vu Märel an dem Lampertsbierg bis op d’Cloche d’Or. www.luxembourg-city.com

 Am Häerz vum Quartier Kierchbierg steet de Fräizäit- a Schwammzenter Coque, e Gebai a Form vun enger Muschel mat enger impressionanter Architektur, dat de Visiteur invitéiert, fir d’éischt e puer Längten am olympesche Baseng ze zéien a sech dono e gudde Maufel schmaachen ze loossen. www.coque.lu

Landloft schnupperen

Tëscht Felder, Beeter a Weeden zur Rou kommen oder selwer mat upaken: D’Liewen um Land kënnen och Leit, déi zu Lëtzebuerg ënnerwee sinn, mat alle Sënner entdecken.

Text BIRGIT PFAUS-RAVIDA Fotoen PANCAKE! PHOTOGRAPHIE

Yoga-Übungen am Bësch an op der Wiss, déi eege kreativ Säit beim Zesummestelle vun engem Bouquet Liblingsblummen entdecken oder ganz aktiv den Zyklus vun de Saisonen am Wéngert erliewen: All dat an nach vill méi gehéiert zu de Reeserliefnesser um Land.

Am Kader vun engem interregionale Projet a puncto „Landtourismus“ gouf en Appell fir kreativ Iddie lancéiert. Mir stellen Iech hei am Magasinn déi dräi Gewënner an hir „Erliefnes-Packagë“ vir.

Kapenaker Blooms: Blummenhaff a Workshoppen

D’Schéinheet vun de Blumme

mat alle Sënner genéissen

De Blummenhaff Kapenaker Blooms luet an der Muselgéigend derzou an, déi delikat Schéinheet vu ganz besonnesche Blummenzorten ze genéissen. Et sinn net onbedéngt déi grouss Divae mat hire Bléien, mee lokal a saisonal Planzen , delikat an urwüchseg, déi ee beim Stefanie Hildebrand fënnt. D’Gäscht kënnen hei d’Blumme selwer schneiden, arrangéieren a vläicht esouguer och emol zeechnen. En duerch an duerch sënnlecht Erliefnes.

Op engem 1 000 Quadratmeter grousse Grondstéck um Land bedreift d’Stefanie Hildebrand  hire Blummenhaff. Zu Kapenaker bei Wuermer heegt a fleegt si verschidde Felder a Beeter mat

Bléien, déi meeschtens mat hire Pastelltéin ganz duuss optrieden, dertëschent awer och scho mol schéi „knallen“  ‒ esou faarweg wéi d’Natur eeben.

Hei soll et geschwë ganz vill Offere ronderëm hir „Slowflowers“ ginn: D’Gäscht sollen hir Liblingsblumme selwer schneiden, se dann an delikate Vase selwer arrangéieren, eventuell e leckere Picknick mat lokale Produiten  ënner dem groussen Nëssert genéissen oder déi geschnidde Blumme souguer ënner der Uleedung vun enger Kënschtlerin op enger Toile oder op Zeechepabeier veréiwegen. Wie kann hei matmaachen? Jiddwereen, dee Blummen an d’Natur am Allgemenge gär huet. Grouss a Kleng, Eenzelpersounen, Koppelen, Famillen an, firwat net, och emol d’Ekippe vun engem Betrib.

Et soll de Participantë gutt goen, der Natur awer natierlech och. D’Stefanie bedreift Permakultur, grueft de Buedem net ëm, mee leet ëmmer nees nei Schichten drop, ënner anerem Bio-Kompost. „Ech schaffe mat deem, wat do ass!“, ënnersträicht si.

„miniWënzer“: Jonker op Entdeckungsrees am Wéngert

Fleegen, schneiden, bannen, liesen a méi

Wat passéiert eigentlech d’ganzt Joer iwwer an de Wéngerten? A wéi entsti Wäin an Drauwejus? Dat kënne Kanner am Alter vun aacht

bis zéng Joer beim „miniWënzer“ erliewen . Vun der Fleeg iwwer d’Lies bis hin zu der grousser „Hunnefeier“ zum Schluss.

Beim Projet „miniWënzer“ féieren d’Wënzerin, Psychologin a Pedagogin Laurence Duhr , déi aus enger bekannter Wënzerfamill staamt, an d’Naturerliefnesbegleederin an Touriste-Guide Jutta Kanstein  interesséiert Visiteuren an de Wéngert; momentan Kanner am Alter vun aacht bis zéng Joer, op fënnef Datumen am Joer.

Hei ginn déi frëschgebaken Hobbywënzer vun deenen zwou naturbegeeschterte Fraen alles ronderëm d’Fleeg vun de Riewen an d’Natur, an där se wuessen, gewuer. Si léieren, wéi een de Buedem beaarbecht, wéi een d’Riewe fleegt, wéi een d’Drauwe liest an dono de Saaft erauspresst. Awer och, wat soss nach am Wéngert an an der Dréchemauer wiisst, kraucht a flitt, a wéi wichteg et ass, d’Natur ze schützen.

De Wéngert läit am Naturschutzgebitt vu Manternach, am Oste vum Land, am „Manternacher Fiels“ . D‘Participantë dierfen a sollen hei selwer mat upaken an erliewen esou mat alle Sënner, wéi Wäin an Drauwejus entstinn. An nach wäit méi: wéi aarteräich d’Liewensraim Wéngert a Bësch sinn a wat am Laf vun enger Vegetatiounsperiod do alles

geschitt. De Projet vermëttelt op eng spilleresch Aart a Weis Wëssen a stëppelt de Kanner hire Virwëlz fir d’Natur. Ausserdeem fërdert en d’Verständnes fir d’Biodiversitéit an d’Aartevillfalt.

Um Enn vun de Coursen an zu der Zäit vun der Lies gëtt et am Hierscht, wéi bei de Wënzer üblech, souguer eng „Hunnefeier“, bei där zesumme giess an de frëschen Drauwejus gedronk gëtt.

Op laang Siicht soll de Projet nach erweidert ginn, zum Beispill op aner Zilgruppen an Alterskategorien an och als Dagesoffer fir Touristen.

Yoga Trails Luxembourg

De Wee

ass d’Zil

Yoga fir jiddwereen, Yoga ouni Leeschtungsdrock, Yoga als Genoss, Yoga, fir sech selwer eppes Guddes ze dinn, a virun allem: Yoga an der wonnerschéiner Natur vu Lëtzebuerg. Dat sinn d’„Yoga Trails“ vum Isabel Schank 

Wien u Yoga denkt, huet dacks Instagram-Fotoen am Kapp vu schlanken, jonke Leit, déi an enger absolutter Balance schéngen.

A schonn denkt een: Ech sinn net beweeglech, net staark genuch. Dat schaaft Hemmschwellen, dat hëlt de Leit d’Loscht, Yoga auszeprobéieren.

A genee do setzt d’Konzept un. Et soll derzou alueden, d’Liewen duerch Yoga besser ze maachen. Et geet net ëm déi perfekt Pos, de perfekten Outfit, de perfekte Kierper.

D’„Yoga Trails“ sinn eng sënnlech an naturno Form vum Yoga. Et spiert een: Hei sinn ech, matten an der Natur  . An dat ass gutt esou. Ech hunn eng Uleedung, mee ech sinn absolut selbstbewosst. Ech stinn net ënner Drock, ech ginn net beurteelt. Meng mental Gesondheet steet am Vierdergrond.

An: Hei ass wuertwiertlech de Wee d’Zil. Et geet zu Fouss op d’Plazen, op deenen d’Übunge gemaach ginn . Fräi nom Goethe: „Nëmmen do, wou s de zu Fouss waars, waars de och wierklech.“

Déi wonnerschéin Natur vu Lëtzebuerg, besonnesch am Norden, wou d’Isabel wunnt, ass dobäi méi ewéi e schéinen Hannergrond fir de Yoga  Ob Eenheemescher oder Gäscht: Jiddweree soll och d’Schéinheet vun der Regioun

genéissen. Iwwer de Buedem vum Bësch trëppelen, op enger Lichtung duerchootmen, all dat gehéiert derzou. D’Schätz bannen a baussen entdecken, d’Natur a sech selwer spieren an erliewen, sech entwéckelen, inspiréiert gi fir d’Liewen, dat sinn d’Ziler. Kierper, Geescht, Séil: alles am Aklang.

Eraus op d’Land:

 Bei Kapenaker Blooms kann ee jee no senge Wënsch a jee no Wieder ganz verschidde Workshoppe matmaachen, mat an ouni Verfleegung. www.roomsblooms.lu

 Kontakt zu de „miniWënzer“ gëtt et iwwer d’E-Mail-Adress miniwenzer@pt.lu

 Mat der Natur a Kontakt trieden an d’Yoga Trails mol ausprobéieren? Méi Infoe ginn et ënner www.anandaliving.lu

 Weider inspiréierend Naturerliefnesser op www.visitluxembourg.com

 Den interregionale Projet LEADER „Landtourismus“ gouf vum regionalen Tourismusverband Regioun Lëtzebuerger Musel an d’Liewe geruff. En ënnerstëtzt künfteg Startuppen, Betriber, déi an der Tourismusbranche aktiv sinn, a weider Organisatiounen aus dem Tourismussecteur, déi aussergewéinlech Offere fir Erliefnesser am ländleche Raum wëllen ubidden. www.leader.lu

Wo Menschlichkeit und Inklusion im Mittelpunkt stehen:

Camping Kaul

Für die Gäste unseres ganzjährig geöffnetem Campingplatzes bedeutet diese Philosophie eine bereichernde Erfahrung. Sie profitieren von der einzigartigen Atmosphäre des Zusammenlebens und Zusammenwirkens verschiedener Menschen. Durch die Begegnung mit Mitarbeitenden, die ihre eigenen Herausforderungen meistern, erleben die Gäste eine tiefere Verbindung zur Gemeinschaft und eine stärkere Wertschätzung für Vielfalt. Dies schafft nicht nur ein harmonisches Miteinander, sondern erweitert auch den eigenen Horizont und bereichert das Camping-Erlebnis durch authentische, menschliche Begegnungen in einer einzigartigen Umgebung, der grünen Kaul in Wiltz, am Fuße der Ardennen. Neben großen und sonnigen Stellplätzen, bietet Camping Kaul auch Glamping Erlebnisse in seinen voll ausgestatteten Safari-Zelten, Pods und Chalets verschiedener Arten und Grössen. Lassen Sie sich überraschen von unserem Service, frisch aufgezogenen Betten, lokaler Seife und gönnen Sie sich morgens einen Frühstückskorb, der Ihnen zum Chalet gebracht wird.

Tel.: (+352) 95 03 59 1

E-mail: info@kaul.lu

www.kaul.lu

De Camino vu

Lëtzebuerg

Wann Dir schonn eng Kéier e Schëld mat enger stiliséierter gieler Jakobsmuschel op engem bloen Hannergrond gesinn hutt, da waart Dir schonn um Camino de Santiago, och Jakobswee genannt. Dëst risegt Netz vu Wanderweeër ëmfaasst och ronn 180 km zu Lëtzebuerg, déi et duerchaus derwäert sinn, entdeckt ze ginn.

Text NATALIE A. GERHARDSTEIN Fotoen PANCAKE! PHOTOGRAPHIE

Den impressionnante Markéierungssteen an der Weilerbaach bei der Sauer gëtt d’Distanz bis op Santiago un. D’Camino-Netzwierk an Europa erstreckt sech iwwer e puer dausend Kilometer a verbënnt all Joer iwwer 440.000 Visiteuren.

Am Mëttelalter war de Jakobswee ee vun de beléiftste Pilgerweeër vun de Chrëschten, deen iwwer déi wuel bekannte réimesch Handelsweeër verlaf ass. Traditionell huet d’Rees ugefaangen, soubal e Pilger säin Haus verlooss a sech op de Wee op Santiago de Compostela gemaach huet, bei d’Kathedral, an där déi stierflech Iwwerreschter vum Hellege Jakob solle begruewe sinn.

Natierlech ass et ëmmer nach méiglech, vu Lëtzebuerg op Santiago ze wanderen, allerdéngs géif dës Rees e puer Méint daueren. De lëtzebuergeschen Deel vum Wee bitt op alle Fall op sengen 180 km vill historesch Markéierungen a Pilgersitten a vermëttelt dem Wanderer dat eemolegt Gefill vu Leeschtung a Komerodschaft.

De Geescht vum Camino

D’Del Lloyd an d’Amanda Surbey sinn zwou amerikanesch Expats, déi sech an engem lokale Wandergrupp kenne geléiert hunn. D’Del, dat virdrun am Silicon Valley geschafft huet, huet laang brong Hoer an en ustiechend Laachen. Et versteet een direkt, firwat si séier Frëndinne gi sinn, mat hirem schaarfe Verstand a ganz änlechem Sënn fir Humor. D’Amanda, dat sech selwer als e „serial Expat“ mat „onendlechem Tatendrang“ beschreift, huet, nodeems et op Lëtzebuerg geplënnert war, d’Beienziichterei geléiert (a këmmert sech mat vill Freed ëm seng Beiestäck op der Musel).

D’Amanda war de Camino Francés, de „Franséische Wee“, vu St. Jean-Piedde-Port, um Fouss vun de Pyrenäen, bis op Santiago de Compostela gewandert. Dofir hat hatt 2014 ronn 35 Deeg gebraucht. Seng Erzielungen hunn d’Del inspiréiert, dräi verschidde

Camino-Weeër a Spuenien, a Portugal a spéider och zu Lëtzebuerg ze goen. Déi zwee wollte sech onbedéngt nach eng Kéier treffen, fir sech géigesäiteg hir Geschichte vum lëtzebuergeschen Deel vum Wee, dee se gewandert sinn, ze erzielen a sech auszetauschen iwwer de Geescht vum Camino an hir Erfarungen op dëser transformativer Rees.

Wann een d’Pilger-Credenciale kréie wëll ‒ dat ass e Pass, deen um Wee gestempelt gëtt ‒, kann een dës fir 5 € um Internetsite vun der ASBL „Frënn vum Camino de Santiago de Compostela“ bestellen. Stempele kritt een um Haaptsëtz vun der Organisatioun zu Gréiwemaacher, awer och op verschiddenen anere Plazen um Wee, wéi z. B. zu Iechternach an der Abtei, an der Kathedral Notre-Dame an an e puer Touristebüroen oder Poren um Wee.

De Lëtzebuerger Camino kann a verschidden Etappen agedeelt ginn, d’Organisatioun schléit awer aacht Etappe vu jeeweils 18 bis 24 km vir, mat Raschtplazen zu Rouderssen, Bëttel, Iechternach, Gréiwemaacher, Senneng, Leideleng, Helleng a Schengen.

Den Trail fänkt zu Ouren/Léiler un (éischt Foto, Säit 94+95), net wäit vun der Ostgrenz vu Lëtzebuerg, a verleeft gréisstendeels iwwer den europäesche Wäitwanderwee E2. Déi éischt Etapp vun 18 km bis op Rouderssen ass déi ustrengendst mat hire schmuele Pied iwwer déi hiwweleg Éisleker Koppen, duerch d’Lëtzebuerger Ardennen.

De Lëtzebuerger Wee erreecht eng maximal Héicht vu 409 m; fir d’Amanda ass dat awer warscheinlech näischt am Verglach mat den 1.140 m Héichtenënnerscheed op der éischter Etapp vum traditionelle

De giele Feil gouf zwar eréischt viru relativ Kuerzem kreéiert, en ass awer elo schonn eent vun den internationaalste Symboler vum Camino de Santiago. Zesumme mat der historescher Jakobsmuschel, déi d’Pilger als Souvenir mat heembréngen, sinn dat déi zwee wichtegst Symboler vum Camino.

Iechternach ass déi eelste Stad vu Lëtzebuerg. Hei si vill monumental Bauwierker ze fannen, zum Beispill d’Basilika vum Hellege Willibrord. Zanter 2010 zielt déi berüümt Sprangpressessioun, déi ëmmer Päischtdënschde stattfënnt, zum immaterielle Weltkulturierwe vun der UNESCO.

Franséische Wee. „Ech krut zwee Kanner ouni Peridurale, mee duerch d’Pyrenäen ze wanderen, war dat Schwéierst, wat ech bis elo gemaach hunn!“, laacht hatt.

Fir vill Wanderer bidden d’Montéeën an d’Descenten iwwer d’Koppen, déi op den éischten Etappe mat vill Bësch bedeckt sinn, e puer vun deene schéinste Panoramae vum

ganze Wee. Fir d’Amanda goung et beim Camino drëm, sech en neien Challenge ze setzen, dem Del seng Grënn waren dacks „méi spirituell. Déi physesch Erausfuerderung war eng Saach, et goung awer och drëm, sech Zäit ze huele fir nozedenken.“

Hatt ass e grousse Fan dovunner, eng Paus op enger vun de Bänken, op deenen ee praktesch leie kann, anzeleeën, sech dat Ganzt e bësse vun uewen unzekucken an d’Welt einfach laanschtzéien ze loossen.

Lass geet et am Éislek

Op hirem Wee laanscht d’Our wandert een laanscht d’Kaalber Millen, wou eng protegéiert Muschelziichterei ageriicht ass. Dono geet et iwwer d’N10 a Richtung Rouderssen. Fir déijéineg, déi e puer Etappen hannertenee maachen an ënnerwee schlofe wëllen, ass et wichteg, matzäiten ze buchen; d’Del erkläert, datt d’Streck am Norden e bësse manner developpéiert ass wéi déi aner Etappen um Wee.

Op der nächster Etapp op Bëttel (24 km) gëtt et fir all déi, déi e Gefill fir d’Geschicht vum Camino kréie wëllen, e spannenden Ofstiecher: Zu Biwels gouf deen éischte moderne Lëtzebuerger Pilger, Ekonomist an äerdege Schrëftsteller gebuer, den Adrien Ries, dee vu Lëtzebuerg op Santiago de Compostela gewandert ass.

Wann een deen Ëmwee net mécht, geet de Wee weider laanscht dat beandrockend Veianer Schlass am romanesche Stil, éier e sech op Bëttel schlängelt. Dacks kënnt een hei laanscht Weede mat Schof oder Kéi, och d’Fauna huet dem Del et op

Nodeems si d’Sonn op enger Terrass genoss hunn, decidéieren d’Del an d’Amanda, e Picknick ausserhalb vun der Stad ze maachen. De leckeren Dessert däerf natierlech net feelen.

Net jidderee mécht sech op de Wee mam Zil, um Camino nei Frënn ze fannen, heiansdo entstinn awer Frëndschafte fir d’Liewen. Wéi d’Del seet: „Et ass esou sozial, wéi s du selwer et maache wëlls. Mee et gëtt de Geescht vum Camino, an dat Gefill vu Gemeinschaft ass dat, wat mir am beschte gefält.“

D’Musel ass net just e rouege Floss. Et ass och eng sonneg Regioun, an där et sech gemittlech liewe léisst. Op hire sonnegen Häng ginn international renomméiert Wäiner, Cremanten a Spéitlies-Wäiner aus hire berüümtsten Drauwenzorte gemaach.

Dës Foto gouf am Summer 2024 gemaach; an der Tëschenzäit gouf de Ponton ofgerappt. Op dëser Plaz fannt Dir geschwënn en neie Quai fir d’MS Princesse Marie-Astrid, d’Schëff, op deem d’Schengener Ofkommes ënnerschriwwe gouf.

Déi lescht Etapp féiert op Schengen. Dat schéngt e passenden Ofschloss ze sinn –eng Aart Verbindung mam Ufank vum Wee, wou kuerz virun Ouren e Monument un d’Grënnung vun der Europäescher Gemeinschaft am Joer 1957 erënnert.

senger ganzer Wanderung ugedoen. Stolz verzielt hatt, datt et och e Fuuss um Lëtzebuerger Camino gesinn huet. Et ass awer och net ongewéinlech, datt ee streckeweis kenger Mënscheséil begéint …

Dono fänkt d’Etapp vu 25 km bis op Iechternach un. Op dëser Streck féiert e klengen Ëmwee op Wallenduerf an Däitschland ‒ wou een dacks Kajakfuerer op der Sauer ruddere gesäit ‒ an dono weider a kleng Uertschaften, wéi z. B. d’Bollenduerfer Bréck.

D’Amanda war iwwerrascht, op dësem Deel vun der Streck déi iwwerdaachte Bréck an der Weilerbaach an e beandrockende Markéierungssteen, deen d’Distanz bis op Santiago ugëtt, ze entdecken. „E flotte Rappel“, seet hatt, „datt mir an engem Netz verbonne sinn, dat méi grouss ass wéi mir alleguer.“ Effektiv ass d’Camino-Netzwierk an Europa e puer dausend Kilometer laang a verbënnt all Joer iwwer 440.000 Visiteure mateneen.

Momenter voller Wuechtsamkeet

D’Amanda an d’Del si sech eens, datt Iechternach, déi eelste Stad am Grand-Duché, sech perfekt fir e schéinen Dagesausfluch eegent. Matten am Zentrum steet d’Abtei vun Iechternach, wou et einfach ass, mat de Leit vum Personal an d’Gespréich ze kommen an iwwer Pilgerreesen ze schwätzen. „De Mëllerdall ass fir mech eppes ganz Spezielles“, seet d’Amanda. „En erënnert mech un de Südoste vum Ohio a gläicht den Hocking Hills, dofir beréiert dat mech esou.“ Eng duuss Erënnerung u säin Doheem an un de Summercamp, wou hatt Frënn fir d’Liewe fonnt huet.

An der Kierch vu Gréiwemaacher fënnt een den Hellege Rochus, zu deem déi Gleeweg fir eng sécher Pilgerrees bieden an deen dacks mam Jakobskräiz duergestallt gëtt – oder, wéi hei, mam Muschelsymbol op senger Kappbedeckung a sengem Kuerf.

D’Del an d’Amanda genéissen et, op enger Terrass Sonn ze tanken, an decidéieren dann, e bëssen ausserhalb vun der Stad e Picknick-Lunch ze maachen. Aus dem Schiet vun engem Bam eraus kucke si de Päerd an der Géigend no. Net jidderee mécht sech op de Wee, fir um Camino Frënn ze fannen, awer heiansdo entsti Frëndschafte fir d’Liewen. Wéi d’Del seet: „Et ass esou sozial, wéi s du et maache wëlls. Mee et gëtt de Geescht vum Camino, an dat Gefill vu Gemeinschaft ass dat, wat mir am beschte gefält.“ Souguer wann een net mat Frënn zesumme wandert, ass et och um Lëtzebuerger Camino einfach, an e Café ze goen a mat anere Leit an d’Gespréich ze kommen.

Vun Iechternach aus féiert de Lëtzebuerger Camino weider bei

d’Koppe vu Gréiwemaacher mat hire ville Wéngerten (22 km). Et passéiert een dobäi eng weider historesch Markéierung, déi als de „Jokesbierg“ bekannt ass. Fréier gouf et hei eng Klaus an eng Jakobs-Kapell. Am Fréijoer sinn d’Felder, déi ënnert dem Hiwwel leien, mat hellgielem Raps bedeckt.

Da geet et weider a Richtung vun deene méi rouegen Uertschafte Berbuerg a Manternach. Iwwer Manternach kann een dacks Réi erblécksen, déi hei weeden. Souwuel d’Amanda wéi och d’Del liewen an dëser Géigend; fir d’Amanda ass d’Wanderung e Rappel, datt de Camino doheem, direkt virun der Hausdier, ufänkt. Dem Del gefale besonnesch déi kleng Kierchen um Wee, hatt befaasst sech gär mat de

Figuren, déi hei ze fanne sinn – wéi z. B. den Hellege Rochus, zu deem déi Gleeweg fir eng sécher Pilgerrees gebiet hunn an deen dacks mam Jakobskräiz, heiansdo mam Symbol vun der Muschel duergestallt gëtt. D’Kierch vu Gréiwemaacher ass keng Ausnam, och hei kënnen d’Visiteuren am Sekretariat vun der Por hire Stempel kréien. Beloune kënne sech d’Wanderer da laanscht d’Ufer vun der Musel mat engem gudde Glas kille Riesling oder Elbling.

Déi fënneft Etapp hëlt déi zwou Fraen mat op Senneng (22 km) a féiert laanscht de Satellittegigant SES am Schlass zu Betzder. Op der nächster

Tipps:

 Pilgerfaarte sinn zu Lëtzebuerg eng Traditioun. Zu Iechternach kënnt Dir dat Päischte perséinlech erliewen. Aus alle Richtunge komme Pilger hei zesummen, fir un der Sprangpressessioun deelzehuelen. www.visitechternach.lu

 Wärend der Oktav tëscht Ouschteren a Päischten treffe sech Pilger aus alle Gemengen am Land an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg, fir no hirer Pilgerfaart de Gottesdéngscht ze feieren. www.visitluxembourg.com/de/ attraktion/cathedrale-notre-dame

 Informatiounen iwwer de Camino zu Lëtzebuerg fënnt een um Internetsite vun der ASBL

„Frënn vum Camino de Santiago de Compostela“. www.caminosantiago.lu

Etapp vun nees 22,6 km kommen se dann duerch den historeschen Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg a kënne sech an d’Kathedral NotreDame e weidere Stempel siche goen.

E Gefill vu

Verbonnenheet

Déi siwent Etapp vun nach eng Kéier 23,8 km féiert iwwer Diddeleng op Helleng. E gudden Deel vun dëser Streck verleeft laanscht d’Autobunn an d’Del erënnert sech drun, datt dat och op verschiddenen anere Caminoen, déi hatt scho gemaach huet, de Fall war. Mee well de Franséische Wee op de leschten 100 km normalerweis zimmlech iwwerlaf ass, ass dee grousse fräie Raum hei ganz wëllkomm.

Déi lescht Etapp féiert no weidere 24,5 km op Schengen. Mat senger Geschicht, déi enk mam Ofkommes iwwer de fräie Persouneverkéier an Europa verbonnen ass, a mat engem klenge Stéck vun der Berliner Mauer no bei der Musel schéngt dat e

passenden Ofschloss ‒ eng Aart Verbindung mam Ufank vum Wee, wou kuerz virun Ouren e Monument un d’Grënnung vun der Europäescher Gemeinschaft am Joer 1957 erënnert.

D’Verbindung vu Länner a Leit, d’Momenter vun Achtsamkeet ënnerwee … D’Del faasst et esou zesummen: „Ech hu beim Wanderen esou vill vu Lëtzebuerg entdeckt, dat ech soss vläicht ni gesinn hätt. Ech maachen de Camino, well ech näischt anescht ze dinn hunn, wéi vu Punkt A op Punkt B ze kommen. Ech brauch nëmmen de Muschelmarkéierungen nozegoen!“ Perséinlech géif d’Del et flott fannen, wann et e Guide iwwer de lëtzebuergeschen Deel vum Trail géif ginn, an hatt denkt esouguer drun, selwer een ze kreéieren … vläicht ass dat deen nächsten Abschnitt vu senger Rees.

Et versteet een direkt, firwat d’Del an d’Amanda séier Frëndinne gi sinn, mat hirem schaarfe Verstand a ganz änleche Sënn fir Humor.

Luucht a Schiet

Zu Esch-Uelzecht ass de „Musée National de la Résistance et des Droits Humains“, de Resistenzmusée, en neie Visiteursmagnéit.

Déi zu groussen Deeler renovéiert an nei konzipéiert Dauerausstellung léisst déi däischter Geschicht vum Zweete Weltkrich an d’Bedeitung vum Widderstand op eng beandrockend Aart a Weis opliewen.

Eisen Auteur Tom huet dat op sech wierke gelooss.

Text a Fotoen TOM JUTZLER

D’Renovatioun vum Muséesgebai, dat ursprénglech 1956 gebaut gouf, respektéiert déi historesch Architektur a kombinéiert se mat modernen Elementer.

D’Resultat ass e Raum, deen net nëmmen d’Vergaangenheet éiert, mee och als „Mahnmal“ fir d’Géigewaart a fir d’Zukunft steet.

De „Musée National de la Résistance et des Droits Humains“ ass e liewegen Temoignage vun der Geschicht an eng andrénglech Manung, dass de Kampf fir d’Fräiheet an d’Mënschewürd ni ophalen dierf.

De Musée empfänkt d’Visiteuren an engem imposanten Éierenhall, wou fréier d’Urnen aus de Konzentratiounslageren opgestallt waren. Schonn hei setzt dat bedréckend Gefill an, dat mech op menger ganzer Rees duerch d’Ausstellung begleede wäert. All Schrëtt duerch de Musée kënnt mer vir wéi eng déif Verneigung virun den Affer a Widderstandskämpfer aus dëser däischterer Zäit.

D’Dauerausstellung selwer ass thematesch ugeluecht a féiert d’Visiteuren duerch déi komplex Strukturen an Organisatioune vun den Nationalsozialisten, beliicht déi brutal Follge vun der Diktatur fir d’Zivilbevëlkerung an déi couragéiert Reaktioune vun der Bevëlkerung, déi a Widderstand an, leider, och a Kollaboratioun ëmgeschloe sinn. D’historesch Erzielung gëtt heibäi duerch perséinlech Schicksaler a biografesch Nischen duergestallt, déi dat Ganzt gräifbar maachen.

Eng Plaz, déi

Emotiounen ausléist

Scho bei mengen éischte Schrëtt an d’Ausstellung dauchen ech an eng Atmosphär vun andrénglecher Rou an. Déi däischter Gäng vum Musée sinn net nëmme physesch Weeër, mee och symbolesch Pied an d’Déiften an Ondéifte vun der mënschlecher Geschicht a vun den individuellen Erliefnesser, déi de Widderstand gepräägt hunn.

All Raum vum Musée erzielt seng eege Geschicht. Déi mat vill Suergfalt inzenéiert Ausstellungsstécker, vun den ergräifende Fotoe bis hin zu de bedréckenden Originalgéigestänn aus de Konzentratiounslageren, schwätzen eng Sprooch, déi direkt an d’Häerz geet. D’Mëschung aus gedréckten Texter, Dokumenter an Objeten a Vitrinne loossen een andauchen an eng Zäit, déi gläichzäiteg no a wäit ewech schéngt.

Stëmmen aus der Vergaangenheet

Do si kleng Spillsaachen aus Holz, en echten Hond, e Brietspill, selwer geschnëtzt. An engem anere Kontext géif engem d’Häerz opgoen, mat esou vill Léift huet e Papp fir seng Kanner eng Spillsaach gebastelt. Elo, am Musée, an am Wëssen, dass dës Géigestänn ënner grausaamste Bedéngungen am Lager Hinzert entstane sinn, komme

mir bal d’Tréinen. Hei stinn dës Saachen – onschëlleg – an der Vitrinn, wéi wa se gëschter eréischt fäerdeg gi wieren, esou onverstëbst wierkt alles.

Um Rez-de-chaussée vum groussen Hall ginn a siwen Nischen 28 Biografië vun Zäitzeie vum Zweete Weltkrich presentéiert. Dës individuell Geschichte vu Männer, Fraen a Kanner vu Lëtzebuerg loossen de Visiteur d’Villfalt vun de Schicksaler an dëser Zäit erliewen. Ënnerstëtzt duerch Fotoen, Dokumenter an Originalgéigestänn gradewéi duerch Audio-Temoignagë vun Zäitzeie kréien dës Liewensweeër eng lieweg an emouvant Dimensioun.

D’biografesch Nische versetze mech an eng aner Zäit. EEch fille mech bal, wéi wann een d’Leit, deenen hir Geschichten erzielt ginn, perséinlech begéine géif. D’Stëmme vun den Zäitzeien, déi aus de

De Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht empfänkt d’Visiteuren an engem imposanten Éierenhall. Hei setzt schonn dat bedréckend Gefill an, dat mech op menger ganzer Rees duerch d’Ausstellung begleede wäert.

All Raum vum Musée erzielt seng eege Geschicht. Déi mat vill Suergfalt inzenéiert Ausstellungsstécker, vun den ergräifende Fotoe bis hin zu de bedréckenden Originalgéigestänn aus de Konzentratiounslageren, schwätzen eng Sprooch, déi direkt an d’Häerz geet.

Déi architektonesch

Elementer an déi zeenografesch

Duerstellunge vun der Ausstellung stellen de Visiteur ëmmer nees virun de Choix, sech aktiv mat der Geschicht auserneenzesetzen. Besonnesch beandrockend ass den Asaz vu Luucht a Schiet, deen d’Dramatik vun der Ausstellung ënnersträicht.

Déi modern Fassad an der Uelzecht-Strooss hieft sech bewosst vun der Ëmgéigend of. Iwwerteneegetässelt stengen Elementer symboliséieren eng zerrasse Gesellschaft, déi dacks vill Wonne mat sech bréngt an e laangen Heelungsprozess brauch.

Lautsprecher flüsteren, schafen eng intim Atmosphär, déi mir ënnert d’Haut geet. Et ass, wéi wann d’Vergaangenheet duerch dës Stëmme géif an d’Géigewaart trieden a mech direkt uschwätzen.

D’Geschicht huet kee Schlusspunkt. Se fléisst permanent weider. Dës Gedanke komme mer an de Sënn, wéi ech weider biografesch Erzielungen entdecken. Um éischte Stack gi 16 zäitgenëssesch Biografië virgestallt, déi dat haitegt

Lëtzebuerg an d’Erausfuerderungen, mat deene sech Migranten an Affer vu Mënscherechtsverletzunge konfrontéiert gesinn, beliichten. Dës Berichter verdäitlechen, dass d’Léieren aus der Vergaangenheet ëmmer nach relevant sinn an dass d’Verdeedegung vun de Mënscherechter eng dauerhaft Aufgab bleift.

D’Renovatioun vum Muséesgebai, dat ursprénglech 1956 gebaut gouf, respektéiert déi historesch Architektur a kombinéiert se mat modernen Elementer. D’Resultat ass e Raum, deen net nëmmen d’Vergaangenheet éiert, mee och als „Mahnmal“ fir d’Géigewaart a fir d’Zukunft steet. Déi nei Fassaden aus Glas, déi vill Luucht eraloossen, an d’Plaffongspannoen, déi de Schall absorbéieren, verbesseren ouni Zweiwel d’Qualitéit vum Openthalt am Musée. Besonnesch beandrockend ass den Asaz vu Luucht a Schiet, deen d’Dramatik vun der Ausstellung ënnersträicht an d’Emotioune vun de Visiteuren dirigéiert.

Architektur an Ëmbroch

Déi nei Fassad an der UelzechtStrooss ass resolut modern an hieft sech bewosst vun der Ëmgéigend of. Iwwerteneegetässelt stengen Elementer, déi op d’Strooss erausstinn, getrennt duerch e vertikale Rass, thematiséieren déi villschichteg historesch Konfliktsituatioune bannent der Gesellschaft.

D’museografescht Konzept schaaft eng narrativ Struktur, déi d’Erausfuerderungen a Grozone vun der deemoleger Zäit verdäitlecht. D’Ausstellung stellt zentral Froen

D’Mëschung aus gedréckten Texter, Dokumenter an Objeten a Vitrinne loossen een andauchen an eng Zäit, déi gläichzäiteg no a wäit ewech schéngt.

Munch Prisonéier hunn an der Illegalitéit gezeechent, dacks mat selwergebasteltem oder aus den Ateliere geklautem Material. Verschidden Objete ware fir Matgefaangener bestëmmt. Si zeie vun de Frëndschaften a vun der Solidaritéit an de Lageren.

ewéi „Wat ass Resistenz?“ a „Wéi geet en Individuum mat Evenementer ëm, déi him opgezwonge ginn?“ a fuerdert d’Visiteuren op, iwwer hir eege Positiounen nozedenken. Déi architektonesch Elementer an déi zeenografesch Duerstellunge sinn esou gestalt, dass se de Visiteur ëmmer nees virun de Choix stellen, sech aktiv mat der Geschicht auserneenzesetzen.

Eng Plaz vum

Gedenken a vun der Bildung

De Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht ass net nëmmen eng Plaz vun der Erënnerung, mee och e Raum vu Bildung a Reflexioun. E bitt eng déif Ausernanersetzung mat den Theeme Widderstand a Mënscherechter an erënnert eis drun, dass kee Wee dolaanschtféiert, dës Erënnerungen ze erhalen, fir dass d’Vergaangenheet sech net widderhëlt.

Ech gi weider laanscht d’Pannoe mat den Timelinen, liesen hei an do

en Zeitungsartikel aus der Vergaangenheet a kucke mer – ëmmer nees mat engem Kapprëselen – d’Artefakte vun den Tortionnairen un. D’Ausstellung geet op en Enn mat enger beandrockender Installatioun, déi d’Bedeitung vun de Mënscherechter am Kontext vun der haiteger Gesellschaft ervirhieft. Dës Installatioun fuerdert d’Visiteuren op, iwwer déi aktuell Erausfuerderungen a Bezuch op Fräiheet a Gerechtegkeet nozedenken an hir eege Roll bei der Verdeedegung vun dëse Rechter ze erkennen.

De Musée ass eng Plaz, déi d’Visiteuren déif beréiert an hinne weist, wéi wichteg et ass, un d’Vergaangenheet ze erënneren, fir eng besser Zukunft gestalten ze kënnen.

Hei kann een nach méi gewuer ginn:

 Direkt zu Esch-Uelzecht ass d’Place de la Résistance, déi un de Widderstand géint d’NaziBesatzung erënnert. Et ass eng zentral Plaz vum Gedenke mat enger Rei vun Denkmaler. www.esch.lu

 Dat fréiert Konzentratiounslager Hinzert läit ronn 50 Kilometer vun Esch-Uelzecht ewech an Däitschland. Wärend dem Zweete Weltkrich gouf et ë. a. als Stroflager fir politesch Prisonéier a Resistenzler aus Lëtzebuerg genotzt. www.gedenkstaette-hinzert-rlp.de

De Resistenz-Musée zu Esch-Uelzecht ass net nëmmen eng Plaz vun der Erënnerung, mee och e Raum vu Bildung a Reflexioun. Weider Infoe fannt Dir ënnert www.mnr.lu

 D’Schumannseck-Memorial ass eng vun de Plazen, déi un déi batter Kämpf wärend der Ardennenoffensiv am Wanter 1944/45 erënneren. www.landofmemory.eu

 De Musée Dräi Eechelen an der Stad Lëtzebuerg bitt en déiwen Abléck an d’Militärgeschicht vu Lëtzebuerg an thematiséiert och d’Zäit vum Zweete Weltkrich an de Widderstand géint d’NaziBesatzung. www.m3e.public.lu

 Den Nationale Militärmusée zu Dikrech widmet sech der Militärgeschicht vu Lëtzebuerg. Ee vun de Schwéierpunkte läit op der Ardennenoffensiv, et ginn awer och aner Aspekter vum Zweete Weltkrich a vum lëtzebuergesche Widderstand beliicht. www.mnhm.net

FACES OF LUXEMBOURG

CELEBRATING THE POWER OF FREEDOM, BOLDNESS & COMMITMENT.

Dës Campagne stellt eng villfälteg Grupp vu Leit vir, déi sech fir d’Entwécklung vu Lëtzebuerg a Schlësselberäicher wéi der Inklusioun, der Handwierkskonscht, der Kreeslafwirtschaft an der Impact Finance asetzen, a weist, wat Fräiheet, Courage an Engagement bewierke kënnen.

Léiert d’FACES

a Filmer an Texter kennen.

Kulinaresch Traditioun a Modernitéit

Plate wéi Kniddelen oder

Judd mat Gaardeboune

gehéieren zum kulinaresche

Patrimoine vu Lëtzebuerg.

An Zesummenaarbecht

mam Magasinn „KACHEN“ weise mir, wéi lokal Chefkäch
dës op elegant Manéier nei interpretéiere.

„D’Lëtzebuerger Kiche vun haut ass méi wéi traditionellen Hausmannskascht. De moderne Lëtzebuerger kacht international mat Aflëss aus Italien, Portugal, Amerika an Asien“, erkläert d’Bibi Wintersdorf. Si ass d’Grënnerin an d’Chefredaktesch vun der lëtzebuergescher Zäitschrëft KACHEN. D’Bibi Wintersdorf ass selwer begeeschtert Hobbykächen. Ënner anerem huet si et 2007 mat hirer beschter Frëndin an d’Finall vun engem renomméierten däitschen Amateurkachconcours gepackt.

Eng besonnesch beléift KACHENRubrik ass „Mein Luxemburg“. Aus dëser Rubrik goufen eis zwee traditionell Rezepter zur Verfügung gestallt, déi vu Lëtzebuerger Käch nei interpretéiert gi sinn.

Aflëss aus allerlee Natiounen

D’Saache ginn nei interpretéiert an Traditioun a Modernitéit ginn Hand an Hand – dat mécht de Reiz vu Lëtzebuerg aus. Datt d’Kultur an och d’Iessenszeen hei am Land esou lieweg sinn, läit ënner anerem dorun, datt hei vill Natioune beieneefannen an datt d’Leit ëmmer nees nei kulinaresch Andréck an Ureegungen aus hirer Heemecht mat op Lëtzebuerg bréngen.

Et ass och ze erkennen, datt sech eng méi nohalteg Approche a puncto Produktioun a Verschaffe vun Zutaten duerchsetzt. Esou ass de Choix och zu Lëtzebuerg dacks séier gemaach: D’Leit setzen op regional.

Wëllkarkniddele mat Léifstackcrème a Fréijoersgeméis

No sengem Ofschloss als Kach an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg (EHTL) am Joer 2009 huet de Steve Lentz weider Beruffserfarung zu Lëtzebuerg, an der Schwäiz an an Däitschland gesammelt. 2017 huet hien als Enseignant de Wee zeréck op Dikrech fonnt, mat engem Masterdiplom an der Täsch a mat duebeler Motivatioun: Hie wollt seng Leidenschaft a seng Freed um Kachen deelen a säi Wësse vermëttelen. „Et ass wichteg, déi Jonk am Kachhandwierk ze forméieren, well et an der Gastronomie en akute Mangel u qualifizéiertem Personal gëtt“, erkläert de Steve Lentz, deem seng kulinaresch Rees schonn als Kand mat de Kachkënscht vu senger Bomi ugefaangen huet. Säi Rezept ass eng Neiinterpretatioun vun de berüümten traditionelle Kniddelen.

Fir 4 Persounen

Preparatiounszäit: 30 Minutten

Kachzäit: 30 Minutten

600 g Fréijoersgeméis no Choix: Wuerzelgeméis, Réidercher ...

4 Tranchë réi Ham

50 g Botter

80 g Déck Nëss

100 g Sauerram

Kraider an/oder Bléien als Dekoratioun

Fir d’Kniddelen

150 g aalt Brout

50 g Wëllkarmiel

20 g Weessmiel

20 g gerappte Parmesan

1/2 Schallott

1 Zéif Knuewelek

2 Eeër

150 g Mëllech

100 g Sauerram

Salz, Peffer a Muskotnoss

Fir d’Léifstackcrème

150 g neutralen Ueleg

40 g frësche Léifstack

20 g Eewäiss

2 g Salz

8 g Räisesseg

25 g Äiswierfelen

D’Kniddelen

1. D’Schallotten an de Knuewelek kuerz ubroden a mam Rescht vun den Zutaten an engem Standmixer vermëschen. Mat zwee Läffele kleng längelzeg Kniddelen aus dem Deeg formen an a gesalztem Waasser pochéieren. Alternativ kënnt Dir d’Mëschung a Formen opdeelen an am Dampfgarer bei 75 °C wärend 15 Minutte kachen.

2. D’Geméis wäschen, schielen an an déi gewënscht Form schneiden. Uschléissend an engem Dëppe mat kache Waasser blanchéieren an duerno an Äiswaasser ofschrecken.

3. Déi réi Ham op engem Bakblech mat Bakpabeier verdeelen. Mat engem zweete Blat Bakpabeier an engem zweete Blech bedecken. Dat Ganzt 25 Minutte laang bei 160 °C am Schäffche baken. D’Nëss an enger Pan liicht réischteren.

D’Léifstackcrème

1. De Léifstack mam Ueleg an engem Standmixer zerklengeren, bis d’Mass duerch d’Reiwung +/- 65 °C erreecht. Duerch eng reng Passett schëdden an am Frigo ofkille loossen. De Rescht vun den Zutaten an de Mixer maachen. Dat Ganzt mixen, bis duerch d’Eewäiss Schaum entsteet. Dann no an no 100 g vum LéifstackUeleg derbäimaachen an d’Crème wärenddeems weidermixen. D’Crème an eng Sprëtztut fëllen.

2. Ier Der alles zerwéiert, d’Kniddelen an e bësse geschmoltem Botter erhëtzen an d’Geméis ubroden. E bësse Léifstackcrème um Teller verdeelen an d’Kniddelen an d’Geméis drop uriichten. Mat der Ham, den Nëss, der Sauerram, dem Rescht Léifstackcrème an de Kraider/Bléie garnéieren.

Tipp: Fir eng vegetaresch Alternativ einfach d’Ham ewechloossen.

Steve Lentz

Risotto façon „Judd mat Gaardebounen“

De Fränk Manes an de Jeff Lux kenne sech zënter hirer gemeinsamer Zäit am EHTL. Mëttlerweil bedreiwen déi zwee zesummen de Restaurant Wax zu Péiteng. De Fränk, deen 2013 als beschte jonke Kach ausgezeechent gouf, geet beim Goût keng Kompromësser an. „Natierlech ësst d’A mat“, esou de Patron, „mee virun allem muss et gutt schmaachen.“

Am Restaurant Wax ginn aus Gäscht séier Stammclienten. Dofir suergen déi frësch Produiten an dat kulinarescht Kënnen. Zemools beim Fränk senger Interpretatioun vum typesch lëtzebuergesche Judd mat Gaardeboune glucksen d’Gourmethäerzer!

Fir 4 Persounen

Preparatiounszäit: 40 Minutten

Kachzäit: 25 Minutten

400 g Risottoräis

1 Ënn

1 l Héngerbritt

120 ml Wäisse Wäin, dréchen

90 g Botter

100 g Parmesan

200 g Gaardebounen aus der Tru

200 g gekachte Judd (Stéck vum Schwéngshals)

8 Tranchë gereecherte Speck

2 Iessläffele Lëtzebuerger Moschter

5 g frëscht Bounekraitchen

1 frëscht Lorberblat Olivenueleg

Salz a Peffer

1. D’Ënn schielen, a kleng Wierfele schneiden an am Olivenueleg ubroden.

2. De Risottoräis an d’Lorberblat derbäimaachen, mat Salz a Peffer wierzen a mam Wäisse Wäin ofläschen.

3. Wann de Wäi liicht reduzéiert ass, no an no déi waarm Britt derbäischëdden a gutt réieren.

4. An der Tëschenzäit de Speck am Uewe baken, bis en eng gëlle-giel Faarf huet, an op Kichepabeier ofdrëpse loossen.

5. D’Gaardebounen a gesalztem Waasser kachen an an Äiswaasser ofschrecken.

6. De Judd a kleng Stécker schneiden an am Olivenueleg liicht ubroden. Duerno d’Blieder vum Bounekraitche reng schneiden an derbäimaachen. De gebrodene Judd an d’Bounen an de Risotto réieren.

7. Wann de Risottoräis bal al dente ass, de Botter a Wierfele schneiden an an de Risotto réieren.

8. Zum Schluss de Parmesan ënnerréieren a mat Salz a Peffer wierzen. De Risotto waarm an engem déiwen Teller mat gebakene Specktranchen zerwéieren.

Virwëlzeg ginn?

 Weider Rezepter fannt Dir op www.kachen.lu. Kulinaresch Reesinspiratioune ginn et op www.visitluxembourg.com an der Rubrik „Genuss“.

Jeff Lux a Fränk Manes

Luci

EDITIOUN 7

Editeur

Luxembourg for Tourism

BP 1001, L-1010 Luxemburg

Tel. +352 42 82 82 1 info@visitluxembourg.com

VisitLuxembourg visit_luxembourg www.visitluxembourg.com

© LFT 2025

All Rechter reservéiert.

All Notzung, Kopie, Reproduktioun, Publikatioun, Iwwerdroung oder Distributioun an iergendenger Form, ob ganz oder deelweis, ass just erlaabt, wann den LFT seng schrëftlech Geneemegung am Viraus ginn huet.

ISSN 2716-7356

Redaktiounsleitung

Birgit Pfaus-Ravida

Kreativdirektioun & Editorial Design

Guido Kröger/ ampersand.studio

Redaktioun

Natalie A. Gerhardstein

Salomé Jeko

Tom Jutzler

Eleftheria Koufogeorgou/ TravelMatKanner

Birgit Pfaus-Ravida

Alfonso Salgueiro

Carole Theisen

Fotoen

Pancake! Photographie (cover)

Tom Jutzler

KACHEN

Pierre Matgé / CAPSULE

Alfonso Salgueiro

André Schösser

Aner Fotoe mat frëndlecher

Geneemegung vun de Partner

Iwwersetzungen & Lektorat

Cécile Balavoine

Fiona Gray

Hélène Rybol

Lara Schroeder

Carole Theisen

Translatores

Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch

Sproochen

Lëtzebuergesch

Englesch

Franséisch

Däitsch

Oplo

Gesamtoplo: 40.000

Lëtzebuergesch Editioun: 4.000

Print Imprimerie Centrale

Publicitéit brain&more brain@brain.lu

If you are looking for the best way to explore Luxembourg, sightseeing.lu is your go to! Find activities for every taste.

E-Bike Tours Day Tours Audio Guides

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.