Léif Lieserinnen a Lieser,
den Hierscht huet vill Facetten, an hie versteet et meeschterhaft, seng Kontraster an enger Eenheet ze presentéieren. Kräfteg, waarm Faarwe maache Loscht op d'Liewen dobaussen, op Shoppen an de Stroossen a Gässelcher vun der Groussregioun an op e schmantege Käffchen an den heemelege Bistroën. Ma dëser Deeg maache sech och erëm déi frësch,
bleechgro Niewelen iwwrem Museldall breet, schwiewen iwwer Gewan an Haiser a kënnegen eng Zäit mat ganz besonnescher Atmosphär un, déi een am léifsten gutt schuckleg doheem genéisst.