Léif Lieserinnen,
léif Lieser,
eemol am Joer ass alles wéi fréier. Da richt et no knusperege Kanéilwäffelcher, gebrannte
Mandelen a wierzegem Wanterpunch. An den Haiser gëtt et gemittlech, 't geet héich hier an
de Bakstuwwen an d'Leit tommele sech gutt agebokelt an de Stroossen op der Sich no Cadeauen.