Léif Lieserinnen,
léif Lieser,
lo hu mer et gepackt! Endlech weist sech de Summer, endlech mol nees Sonn an
endlech ass et mol erëm waarm!
De laange Wanter an dat killt Fréijoer haten eis Gedold nawell ferm op d'Prouf
gestallt. Ma elo ass en do, de Summer 2015 mat e sëllege flotte Fester, schéi
Stonnen a gemittleche Béiergäert a Caféen an natierlech och äerbelweis Akafserliefnesser
am Norden. Et ass gewëss eng Freed, a sou enger flotter Regioun ze
wunnen: den onvergläichleche Flair, e Manifestationskalenner, dee sengesgläiche
sicht, kuerz Weeër an eng Rëtsch Méiglechkeete fir anzekafen, ze flanéieren an
ze genéissen.