Leif Lieserinnen a Dieser,
den Hierscht huet vill Facetten, an hie versteet et meeschterhaft, seng Kontraster an enger Eenheet ze presentéieren. Kräfteg, waarm Faarwe maache Loscht op d'Liewen dobaussen, op Shoppen an de Stroossen a Gässelcher aus dem Norden an op e schmantege Käffchen an
den heemelege Bistroën. Ma dëser Deeg maache sech och erëm déi fresco, bleechgro Niewelen iwwer den Däller breet, schwiewen iwwer Gewan an Kaiser a kënnegen eng Zäit mat ganz besonnescher Atmosphär un, déi een am léefsten gutt schuckleg doheem genéisst.