Moie léif Lieserinnen...
an natierlech léif Dieser!
Mir freeën eis, Iech eis neist Zäitschrëft virstellen ze dierfen. Dir kënnt eis elo an Ären Hänn halen,
wéi scho vill Lieser vun eisen etabléierten Zäitschrëften, déi mir säit ville Joren zu Lëtzebuerg publizieren. Mir ënnerhalen Iech ëmmer erëm mat villen neien, interessanten Themen. Et ass eis wichteg, dass Dir scho bei eiser éischter Ausgab mierkt, dass mir Iech mat eisen Informationen d'Liewen e wéineg méi einfach, méi schéin a méi raffinéiert maache wëllen.