LÉIF LIESERINNEN, LÉIF LIESER,
wann d’Sonn Haus a Gaard endléch erëm an e waarmt Liicht daucht, ass fir vill den idealen
Zäitpunkt, fir kléng Wënsch a grouss Pläng an d’Dot ëmzesetzen: Endlech soll dat Stéck
Wiss hannert dem Garage dem mediterrane Kräiderschleek mat Lavendel, Rosmarin a Salbei
eng Heemecht ginn, ënner dem Daach wäichen d’Floumaartkëschten der scho laang
gewënschte Galerie, an den ofgewetzte Parquet am Gank gëtt nei oppoléiert a kritt seng
wuelverdéngte Politur erëm zréck.