LÉIF LIESERINNEN, LÉIF LIESER,
den Hierscht huet vill Facetten. An hie versteet et groussaarteg, aus dëse Kontraster eng harmonisch Eenheet ze schafen.
D'Dagesliicht gëtt méi duuss, déi éischt Niewelen zéien op an déi kräfteg, awer waarm
Faarwe maache sou richteg Loscht, de Gaart op de Wanter virzebereeden, nach eng Kéier
d'Summerschëss un den Hecken ze stutzen, d'Gaardemiwwel fir de Wanterschlof eranzehuelen an déi lescht Friichte vun der Saison ze plécken.