Léif Lieserinnen, Léif Lieser,
op der ganzer Welt gëtt un neien Technologien an Apparater gefuerscht, déi nach virun e puer Joel nëmmen als Science-Fiction bezeechent goufen. Dat bescht Beispill dofir ass de Smartphone. E Produkt, dat an der Tëschenzäit eisen Alldag matbestëmmt wéi keen anert a virun net all ze laanger Zäit nach en Objet aus wëllster Fantasie war.