CGDIS_Magazine112_N°2

Page 70

DANS NOS RANGS

Wat war den Highlight vun denger Karriäre? Also schéi Momenter goufen et der vill, mee ee ganz besonnesche Moment war lëscht Joer Chrëschtdag, wéi moies em 8:00 Auer de Piipsert gaange war mat follgendem Message: Charel, fir deng läscht Garde als CCIE, soen mir dir Merci an wënschen der alles Guddes fir d’Zukunft. Merci fir déi gudd Zesummenaarbecht. DCO/ CSU112. Ech hunn mech immens iwwert dëse Message gefreet, en huet mech awer och déif beréiert. Wat war däin schéinsten Moment? Fir mech war et ëmmer am schéinsten, wann ech op Asätz gesinn hunn, wéi engagéiert vill Leit do waren a wéi d’Leit ëmmer hiert Bescht ginn hunn fir de Leit dobaussen ze hëllefen.

Portrait : Charles Zanter Op den 31. Dezember 2020 huet den Lt. Col. Charles Zanter, Chef de zone adjoint vun der Zone de secours Nord, seng wuelverdingte Pensioun ugetrueden. –mir hunn d’Geleeënheet genotzt fir dem Charles Merci fir säin Dëngscht ze soen an him e puer Froen ze stellen. Wei bass du an d ‘Pompjeeën komm? Bei eis Doheem war de Blëtz an d’Haus geschloen an d’Scheier niewendrun, déi voll mat Hee war, stoung direkt a Vollbrand. D’Pompjeeë ware séier op der Platz an hunn mat hirer TS, en Tankwon haten si dunn nach net, d’Feier geläscht. Owes war de Brand schonn ënner Kontroll an et war och kee weidere Schued am Haus, sou dass mir owes erëm am Haus konnte schlofen. Ech war esou impressionéiert vun der formidabeler Equipe, dass ech mech dunn an d’Pompjeeë gemellt hunn. Ech hätt deemools net geduecht, dass déi Entscheedung esou en groussen Afloss op mäin Liewe géif hunn.

Wéi hues du den Iwwergang an den CGDIS erlieft? Unsech war et normal mat 60 Joer als Inspekter opzehalen. Wéi dunn de CGDIS gegrënnt gi war, gouf ech gefrot, fir den Alain Weisgerber als CdZ adj. ze ënnerstëtzen an ze begleeden. An ech hunn déi Equipe déi do opgestallt gouf ganz formidabel fonnt an och déi Iddien déi hannendrun stoung, dofir wollt ech gären en Deel dovunner sinn. An ech wollt mir net nosoe loossen, ech hätt d’Chaîne de Commandement mat en Place gesat an da wier ech einfach menger Wee gaangen (laacht).

70

Weien Asaz ass dir am Gediechtnes bliwwen? Als jonke Kantonalinspekter vu Veianen, hunn ech zesumme mam Kantonalinspekter vum Klierf en grousse Bëschbrand geleet. An dunn ass eppes geschitt, wat ech bis den Dag just vu Filmer kannt hunn. Den Dag waren och baussen héich Temperaturen an dunn ass en Sog entstanen an ier ee verstanen hat wat do grad géif geschéien, do koum eng Feierwand, mat meeterhéich Flamen op eis duer, esou wéi am Film. Glécklecherweis konnte mir eis all mat Zäite wäit genuch zréckzéien, sou dass kengem eppes geschitt ass. Gefiller vis-à-vis vun der Pensioun? Also et fält mir scho schwéier meng Platz als Chef de Zone adjoint opzeginn, well et huet mir ëmmer ganz vill Spaass gemaach, mee natierlech bleiwen ech dem CGDIS och weiderhin trei. Mir hunn am CIS Weller/Pëtschent eng ganz jonk a motivéiert Equipe, wou ech weiderhin als Pompjee a First Responder aktiv bleiwen. En plus kréie mir geschwënn en neie LF, dat dierf ech natierlech net verpassen. Wat sinn deng Pläng fir deng Pensioun? Also Pläng hunn ech der méi wéi genuch. Ech hunn vill kreativ Projeten, ech schaffen zum Beispill immens gäre mat Holz. Ech hunn mäin Haus selwer gebaut an do gëtt et och ëmmer eppes ze dinn. Ech hunn och selwer Bëscher, em déi ech mech këmmere muss. An ech kann endlech vu menger fräier Zäit profitéiere fir mol rëm méi ze liesen.


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.