Sauerzeidung 388

Page 9

©Layout: marcwilmesdesign / Fotoen: Oliver Götz Fotografie

AN DER REGIOUN

ll, De Mëllerda eng Regioun mat Gout!

Rezept vum hunneg vun der dieschbourger millen

Hunnegséisse Geessekéis 2 Portiounen

JONGLËNSTER Fir d‘Feierlechkeete vun Nationalfeierdag war nieft dem Gemengerot och d‘Lënster Musek an de CIS vu Jonglënster dobäi

15 Minutten

De Geessekéis (125 g Geessekéisrullen) gëtt an de Speck (4 Tranchen) agerullt, an an enger waarmer Pan mat Olivenueleg béidsäiteg ugebroden. Uschléissend gëtt de Kéis liicht mat Hunneg (1 TL) iwwergoss an op niddereger Flam schmëlze gelooss. D’ Mauséiercherszalot (100 g) wäschen an ofdrëpse loossen. Fir d’ Vinaigrette gëtt Mayonnaise (1 IL), mëttelschaarfe Moschtert (1 TL), Hunneg (1 TL), Äppelesseg (2 IL), Äppeljus (2 IL), Oliven-ueleg (2 IL) zesumme geréiert a mat Salz a Peffer ofgeschmaacht. E klenge Schoss Zitrounejus verfeinert den Aroma. Beim Zerwéieren dierf e feine Balsamicocrèmerand um Teller net feelen.

Produkter: Hunnegprodukter Philosophie: Fir eis, wéi och fir d’Planzen an d’Déiere sinn d’Beie liewesnoutwenneg. Si droen zu engem groussen Deel zum Erhale vun eise Kraider, Kulturplanzen an Uebstzorte bäi. Dobäi wëll awer keen déi lecker Naturprodukter, déi eis d’Liewe verséissen, vergiessen. Den Hunneg, allsäits bekannt, awer och de Pollen, Propolis a Gelee Royal, hëllefen eis op natierlech Aart a Weis kräfteg a gesond ze bleiwen. All des Produkter fannen de Wee an eis Rezepter, an domadder op den Teller, an droen zu enger Beräicherung eiser Geschmaachswelt bäi. 3, Lauterborn-Halte L – 6562 Iechternach

+352 26 71 19 84 claude.hansen@education.lu

Loscht kritt? Fir weider Rezepter a Produzenten, besicht eis op eisem Site: www.mellerdaller-produzenten.lu Europäischer Landwirtschaftsfonds für die Entwicklung des ländlichen Raumes: Hier investiert SAUERZEIDUNG Europa in die ländlichen Gebiete.9


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.