Muselzeidung 471

Page 32

SONDERTHEM A RÉIMECHER C AVA LC A DE

Réimecher Cavalcade

De Parcours geet duerch rue de la Gare laanscht Kierch Richtung rue Enz. Vun do geet et erof bis bei Bréck an iwwert Place du Marché laanscht den Eck vun der Aaler Schoul op d‘Esplanade. Déi éischt Ween ginn do um ca. 16:45 Auer bei der Bréck erwaart.

De Comité d’organisation de la Cavalcade de la Ville de Remich, d’Gemeen Réimech, d’Tourist-Info visitRemich, esou ewéi all d’Réimecher heeschen all Fuesgecken häerzlech wëllkomm op hirer grousser traditioneller Cavalcade op Halleffaaschten, de Sonnden 22. Mäerz 2020.

Op der Place Dr. Fernand Kons invitéiert, no der Cavalcade, d’Réimecher Musek am groussen a gehetzten Zelt (fräien Entrée) op d‘Après-Party mat Fues-Musek. Och fir Iessen a Gedrénks ass do gesuergt. Informatiounen zu Parking, Parcours a Programm fannt Dir op www.cavalcade-remich.lu.

De Start vum Ëmzuch mat iwwer 40 Gruppen ass ewéi déi lescht Joren och op der Place Nico Klopp (Rond-Point) um ca. 14:30 Auer. Den Entrée-Ticket kascht 5 € (mat Gratis-Tombola) a Kanner ënner 16 Joer si fräi.

32 MUSELZEIDUNG


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.