Sauerzeidung 392

Page 18

D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng

Bäerdref wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022

Bäerdref

Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Bäerdref

Mir waren immens frou, dass no engem Joer Paus d’Haupeschfest vun de Fraen a Mammen no all de sanitäre Virschrëfte konnt organiséiert ginn. An engem normale Joer konnte mer soss iwwer 7.500 Leit begréissen, mee dëst Joer haten trotz der Situatioun 5.500 Leit de Wee op Bäerdref fonnt.

N ill

es

D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Bäerdref den Alldag an der Pandemie gemeeschtert, é Jo wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng? Eis Servicer op der Gemeng hu wärend der ganzer Pandemie weidergeschafft a mir konnten och mat eise Projete virufueren. Gelidden huet haaptsächlech d’Veräinsliewen, d’Leit konnten net zesumme kommen, keng Fester oder Concerte konnten organiséiert ginn an domat sinn d’Keese bei de Veräiner och eidel bliwwen. Positiv war zum Beispill, dass dëst Joer vill Touristen de Wee op Bäerdref an d’Häerz vum Mëllerdall fonnt hunn. Eise Camping Maartbësch konnt d‘lescht Joer 40.000 Iwwernuechtungen zielen an dëst Joer si mir bis wëll scho bäi 45.000 Iwwernuechtungen, wat rëm en neie Rekord ass! Am Joer 2020 gouf et am Mëllerdall 400.000 Iwwernuechtungen an 150.000 alleng an der Gemeng Bäerdref. Den Tourismus bei eis an der Regioun entwéckelt sech gutt, dofir waren d‘Investiounen an eng nei Touristinfo och sou wichteg: Am September goufen d’Infrastrukturaarbechten op eisem neie Site Maartbësch ofgeschloss, di nei Tourist Info konnt ageweit ginn an och den neie Restaurant ass säitdeem op. 18 SAUERZEIDUNG BÄERDREF

Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën? Mir freeën eis drop, dass eise grousse Projet vum Bau vun enger neier Grondschoul, enger neier Maison relais an enger neier Crèche an di nächst Phas ka goen. Des Weideren hu mir dëst Joer am Gemengerot den Accord ënnerschriwwen, dass mir zesumme mat der Gemeng Konsdref Terraine wäerten tauschen, soudass dann d’Awunner vu Kalkesbaach alleguer an der selwechter Gemeng wunnen. Mir waarden elo, dass d’Gesetz an der Chamber gestëmmt gëtt, dass dësen Tosch dann och offiziell ass. Wat wënscht Dir Iech fir 2022? Ech hoffen, dass mir am nächste Joer nees méi Normalitéit kréien an d’Pandemie hannert eis loosse kënnen. Dat mir mat all eise wichtegen Infrastukturaarbechten hei uewen, mee awer och op der Kalkesbaach an och op der Bollenduerfer Bréck gutt a schnell virukommen. An natierlech hoffen ech, dass mir erëm vill Touriste bei eis am Häerz vum Mëllerdall kënnen empfänken. Eise Matbiergerinnen a Matbierger wënschen ech alles Gutts am neie Joer, virun allem Gesondheet.


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.