D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng
Bech wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022
Bech
Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Bech
Am Respekt vun de sanitäre Moossname ware Membere vu verschiddene Veräiner nees present an hir Generalversammlungen, esouweéi och Hochzäite goufe nogeholl, kleng Fester goufe gefeiert an d’Becher Jugend konnt hir beléiften Tunneldisco ofhalen. Et ass mir an dësem Joer nach eng Kéier bewosst ginn, wéi wichteg de sozialen Zesummenhalt an d’Zesummeliewe vun enger klenger Gemeng am ländleche Raum ass.
An der éischter Hallschent vun 2021 blouf den Alldag vun de Bierger a Biergerinne vun der Gemeng Bech duerch d‘Covid-19 Pandemie nach ëmmer staark ageschränkt. Vill geplangte Fester, Concerten an aner flott Initiative vun eisen Associatiounen oder vu Privatleit konnte leider net stattfannen oder nëmme begrenzt. D’Administratioun sou wéi och den techneschen Déngscht hunn awer wéi ëmmer gutt funktionéiert. D’Aarbechten déi geplangt ware, konnten ëmgesat a fäerdeg gemaach ginn, ech denken do spontan un d’Ënnerféierung op der Kräizenhéicht fir Foussgänger a Vëlosfuerer. Mir konnten och weider un de Projete fir 2022 plangen an hunn an dem Kader eng Rei Informatiounsversammlunge mat eise Bierger a Biergerinnen ofgehalen. Och 2021 konnte vill positiv Aktiounen an der Gemeng Bech verzeechent ginn, ënner anerem d’Hëllefsbereetschaft vun de Veräiner géintiwwer ville Leit aus eisen Dierfer.
Grouss Verännerunge stinn 2022 an der Gemeng Bech net un. Déi Projeten, déi souwäit fäerdeg geplangt sinn, ginn ëmgesat, ech denken do un den neie Sall am Centre culturel Hanner Bra zu Bech, deen et erméigleche wäert kulturell a sozial Projete méi optimal ze erliewen. Den Ausbau ass awer och dofir wichteg well et ons an enger zweeter Phase erlabe wäert, eist Gemengenhaus ze moderniséieren a fir jiddereen zougänglech ze maachen. Natierlech hoffen ech, dass mir d’nächst Joer villes nohuele kënnen a wéi gewinnt flott Manifestatioune spontan an ouni Aschränkungen an der Gemeng Bech zesummen erliewen.
Ko
hn
D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Bech den Alldag an der Pandemie e gemeeschtert, wéi eng Aarbechte l il Ca m konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?
Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen? 2021 bleift dat zweet Joer wou d’Pandemie eis nach ëmmer am Grëff huet. Duerch d’Impfen ass et zwar méiglech ginn, lues a lues e bësschen Normalitéit an den Alldag ze loossen.
22 SAUERZEIDUNG BECH
Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën?
Wat wënscht Dir Iech fir 2022? Ech hunn et schonns an der virleschter Äntwert ugedeit, onbeschwéiert a spontan zesummenzekommen ouni 3G-Tester, Masken oder Distanzen. Besonnesch fir d’Kanner an déi Jugendlech ass dëst ganz wichteg. Natierlech hoffen ech och, dass ons nei Projete geléngen an dat zur Zefriddenheet vun de Leit aus der Gemeng Bech. 2022 soll e flott a liewegt Joer fir d’Gemeng ginn, wou mir onbeschwéiert vill schéi Momenter zesummen erliewe kënnen!