ies
W
Em
ile
En Tourist, deen an Är Gemeng kënnt, kann um touristeschen a kulturelle Plang villes entdecken, wéi eng Plazen däerf en op kee Fall verpassen, fir sech unzekucken? Hutt Dir eng perséinlech Liblingsplaz an der Gemeng?
Als Gemeng Beefort kënnt een net laanscht d’Schlass, dat iwwert d’Grenzen eraus bekannt ass. Am Summer gouf et ee klenge Schreckmoment ewéi eng Baussemauer duerch de ville Reen agefall ass. Wa mer schonns beim Schlass sinn, dann dierf een net vergiessen, datt um Parking den Depart vun e sëllege Wanderweeër ass, déi zum Mëllerdall-Trail gehéieren a vu villen Touristen entdeckt ginn. Nei ass zanter dësem Summer een néng Kilometer laange Vëloswee um Beeforter Plateau. Hei kann ee Beefort mam Vëlo entdecken: op de Spuere vum Beeforter Ritter, queesch duerch den Duerfkär, laanscht d’Buerg an dem Schlass an een Ausfluch an déi herrlech Natur.
26 SAUERZEIDUNG BEEFORT
Bei guddem a waarme Wieder kann ee sech an der oppener Schwämm ofkillen oder mat engem Kanutour op der Sauer mam Depart zu Déiljen sportlech aktiv sinn. An de Wanterméint huet d’Gemeng mat der iwwerdaachter Äispist ee weidert Aushängeschëld. Bei schlechtem Wieder lount et sech iwweregens och déi nei Ausstellung vum Natur- a Geopark an der fréierer Jugendherberg ze besichen. Net vergiessen dierf een de Generatiounsgaart nieft der Kierch, deen zu all Joreszäit ee Besuch wäert ass a wou reegelméisseg Workshoppen organiséiert ginn. Eng flott Saach ass d’Beeforter App, déi sech souwuel un den Tourist wéi och un d’Bierger aus der Gemeng riicht. Déi aktuell Versioun mat ënner anerem engem Eventkalenner, Wander- a Vëlosweeër, Restauranten an aner Highlights ass schonns villverspriechend an d’App wäert an Zukunft nach ausgebaut ginn.