D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng
Konsdref wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022
Konsdref
Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Konsdref
Fir is Bierger hu mir 2 Workshoppen mat isem urbanistesche Beroder a mat de Responsabele vun der Asta organiséiert, fir eng Bestëmmung an e Konzept fir is entweite Scheedges Kierch ze entwéckelen.
Is Gemeng huet, dank all isen Acteuren, all di Lett, di fir a mat is schaffen, is Gemengepersonal, ise Service technique, de ganzen Enseignement, ise Feeschter mat senger Ekipp, déi ganz Zäit gutt funktionéiert. Et war een Zesummespill, wat net besser hätt kënne sinn. Ise grousse Chantier an der Route de Luxembourg mat den InfrastrukturAarbechte konnt viru gefouert ginn. De SIDEN-Projet (Kläranlag) an der Rue du Mullerthal geet a seng leste Phas. Di grouss SIDEN-Aarbechten an der Biersbach konnten ofgeschloss ginn. All déi Chantiere waren a sinn nach eng grouss Belaaschtung fir is Awunner. Mir hu Verkéiersberouegungs-Mesuren an der Rue Mélicksheck an an der Rue Hicht realiséiert, esou wi op der Hicht zu Präiteler.
2021 behalen ech als e gutt, awer e ganz schwiert Jar an Erënnerung. D‘Gemengen hunn duerch d’Pandemie manner finanziell Mëttel gehat wi soss. Mir hu musse kucken wi mer is Projete konnte viru féieren.
Je it
z
D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Konsdref den Alldag an der Pandemie ith Ed gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?
82 SAUERZEIDUNG KONSDREF
Positiv Momenter gëtt et der mi, virun allem datt is Veräiner lues mee sécher nees ufänke verschidde Manifestatiounen ze organiséieren. Et ginn nees Prouwen an Trainingen ofgehalen, ënner deene Mesurë wi et dann elo muss sinn! Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen?
Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën? Den Duerf-Zentrum vu Konsdref, d’Route de Luxembourg an d’Route d‘Echternach ginn duerch eng 30er Zon berouegt. Mir wëllen en Duerfkär schafen, deen och d‘Duerfliewe soll frësch opbléie loossen. Mir sinn