Sauerzeidung 392

Page 92

D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng

Manternach wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022

Manternach

Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Manternach

m

an

n

D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Manternach den Alldag f of an der Pandemie gemeeschtert, wéi H Jempi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng? Ech denken dass mir als Gemeng bis elo insgesamt relativ gutt duerch d´Pandemie komm sinn. Mir hunn och weiderhi probéiert eis Servicer oprecht ze erhalen an d´Leit iwwer all méiglech nei Entwécklungen ze informéieren. Och am Schoulbetrib zu Berbuerg si mir bis dato relativ gutt derduerch komm. Ech hoffen, dass dat esou bleift. Ech soen dofir eisem gesamte Personal vun der Gemeng, der Schoul an der Maison relais e grousse Merci fir hir vill Aarbecht an dëser schwiereger Zäit. Mir hunn och wärend der ganzer Zäit vill un eise Projete geschafft an dës viru gedriwwen. Sou ass weider un de Projete fir eng nei Crèche zu Manternach an e Pompjeesbau zu Berbuerg geschafft ginn, an dës kënnen hoffentlech geschwënn an ëffentleche Versammlunge presentéiert ginn. Mam Ausbau vum Späicher am Gemengenhaus hu mir ugefaangen. Mat méi Bürosfläche kenne mir de Leit e bessere Service bidden. 92 SAUERZEIDUNG MANTERNACH

Positiv Momenter waren, dass mir erëm méi Eventer konnten organiséieren an och erëm Fester vun de Veräiner stattfonnt hunn. Et ass wichteg fir de sozialen Zesummenhalt an der Gesellschaft, fir sech méi kënnen ze gesinn. Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen? Ganz besonnesch an Erënnerung bleift sécherlech, dass d´Liewen duerch de CovidCheck endlech rëm bësse méi Normalitéit kritt huet, och wann nach laang net alles gutt ass. Et ass wichteg, dass d´Sports- a Kulturliewen erëm lues a lues uleeft, zemools fir d´Kanner. Sou war 2021 och déi éischt Participatioun vun der Gemeng bei der „Nuit du Sport“, wat e groussen Erfolleg war. Weiderhi sinn ech houfreg iwwer d´Zertifizéierung am Klimapakt vun de Gemengen. Hei si mir fir eis vill Efforte fir eng méi klimafrëndlech an nohalteg Gemeng an de leschte Jore belount ginn. Des Efforte wëlle mir och an Zukunft weiderféieren. Op der anerer Säit bleiwen awer och d´Héichwaasserkatastrophen an Erënnerung. Och wann eis Gemeng am Verglach zu anere Gemengen net grad sou vill betraff war, sinn et och bei eis vill Schied ginn. Hei well ech dem CGDIS besonnesch Merci soe fir hir vill Asätz. Des Katastrophen hunn eis gewisen, dass mir nach vill Efforte musse maachen, fir dës Héichwaasser an Zukunft besser an de Grëff ze kréien. Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën?


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.