D'Sauerzeidung ënnerwee
Am Gespréich mam Tessy Gonderinger An eiser neier Serie „D’Sauerzeidung ënnerwee“ hu mir dës Kéier d’Dëschtennisspillerin Tessy Gonderinger am Interview, déi virun e puer Woche mat hirem Veräin, dem DT Rued-Sir, d’Coupe de Luxembourg gewonnen huet.
Tessy, fir déi, déi dech nach net kennen, kanns du dech kuerz virstellen?
TG Mäin Numm ass Tessy Gonderinger, ech hunn 28 Joer a spille säit 5 Joer zu Rued-Sir Dëschtennis. Meng sportlech Karriär hunn ech scho mat 7 Joer ugefaangen, deemools hunn ech um Houwald Dëschtennis geléiert spillen. Schnell gouf den Dëschtennis zu menger grousser Passioun, déi mech säitdeem net méi lassgelooss huet. Ech
si mat 15 Joer op Saarbrécke gewiesselt, fir virun allem Erfarung am Damme Championnat ze sammelen. Viru 5 Joer huet mäi sportleche Wee mech erëm zeréckgefouert op Lëtzebuerg, ech spille säitdeem fir de Veräin DT Rued-Sir. Gebierteg sinn ech vu Conter a wunnen elo an der Fielser Gemeng. Meng zwou Frëndinnen, d’Danielle Konsbruck an d‘Annick Stammet, hu mech deemools, wéi ech vu Saarbrécken erëm op Lëtzebuerg komm
Sauerzeidung 46
sinn, motivéiert fir an hire Club op Rued spillen ze kommen. Ech sinn do ganz frou, mir sinn eng ganz gutt Ekipp um Terrain an och am Veräin versti mir eis all ganz gutt! Wéi kriss du de Sport mat dengem Beruff ënnert een Hutt?
TG Ech si keng haaptberufflech Sportlerin. Nom Sportslycée wollt ech studéiere goen an net de Sport zu mengem Beruff maachen.