Sauerzeidung 392

Page 28

D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng

Betzder wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022

Betzder

a

Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Betzder

war e ganz schéine Moment, wéi verdéngschtvoll Bierger an Associatiounen aus eiser Gemeng fir besonnesch Leeschtungen ausgezeechent goufen. Mir krute vill positive Feedback iwwert dës gelongen Nationalfeierdag-Zeremonie. Eis Bierger hu sech gefreet, och wann et eng begrenzten Zuel u Bierger waren, nees hunn dierfen zesummenzekommen, an all eis aner Bierger konnten d’Zeremonie doheem live matverfollegen, jidderee konnt un dësem Owend deelhuelen.

D’Gemeng Betzder huet sech un déi allgemeng sanitär Reegele gehalen a weider och keng Manifestatiounen organiséiert fir eben d’Verbreede vum Virus net weider ze fërderen. Sou wéi schonn am Joer 2020 hu mir weider probéiert eisen Awunner eis flott Wanderweeër a Landschafte schmackhaft ze maachen a si ze begeeschteren, dobaussen eis schéin Natur ronderëm de Widdebierg ze genéissen. Dat ass eis zimmlech gutt gelonge mat eisen neie Bewunner am Menster Brill, der Naturschutzzon d’Schlammwiss, wou zënter dem 1. Abrëll (a vill Leit hate gemengt et wier en Abrëllsgeck) Waasserbüffelen eng nei Heemecht fonnt hunn. Et war einfach e Genoss de Büffelen nozekucken, wa si wärend de waarme Summerdeeg an de Weier agetaucht sinn a just nach mam Kapp an de groussen Haren aus dem Waasser gekuckt hunn. Vill Famillen hunn et sech net huele gelooss, en Tour duerch de Menster Brill ze maachen. Safari-Feeling doheem.

Besonnesch freet et mech, datt mir am Gemengerot vill vun eise Projeten, déi eis Gemeng weiderhi fit fir d’Zukunft maachen, gestëmmt hunn: Sief et de Bau vun der neier Crèche, déi nom Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft gebaut gëtt, d’Realisatioun vun engem Restaurant mat Bed&Breakfest a Bed&Bike Facilitéiten zu Ouljen oder eis Wunnengsbauprojeten, wou mir nei Weeër wëlle goen, andeems eis beim intergenerationelle Wunnengsbauprojet zu Betzder e Kümmerer zur Säit steet, fir datt dëse Projet, zesumme mat deem vun der Betzder Scheier, eng flott Platz vun Zesummeliewe gëtt. Natierlech war et och e ganz besonnesche Moment, den éischte gréissere Projet, de Bau vun der neier Pompjeeskasär, kierzlech ënnert dem Regime vum CovidCheck mat ville Frënn vun hei an aus den Nopeschgemenge kënnen anzeweien.

W

irt

z

D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Betzder den Alldag s an der Pandemie gemeeschtert, i o Jean-Franç wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?

Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen? Besonnesch an Erënnerung bleift mir eis Zeremonie vun Nationalfeierdag, déi mir ënnert dem Respekt vun den deemolege sanitäre Mesuren am Kultursall Syrkus ofgehalen haten a live iwwert eis sozial Medien iwwerdroen haten. Et

28 SAUERZEIDUNG BETZDER

Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën?

Wat wënscht Dir Iech fir 2022? Ech wënsche mir, datt mir d’nächst Joer all nees en Alldag ouni Covid-Aschränkunge kënne liewen, wou d’Schoul nees normal funktionéiert, keng Klasse méi à l’Ecart oder a Quarantaine musse gesat ginn, wou mir eis all nees fräi kënne beweegen a begéinen, an datt mir weiderhin eis Projete weider realiséieren zum Wuel vun der Allgemengheet.


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook

Articles inside

LEBKUCHEN

1min
pages 110-111

SÜSSE KRÄNZE

1min
pages 112-113

TOPINAMBURSCHAUMSUPPE

2min
pages 108-109

KIERMESCRÈME

1min
pages 106-107

BÛCHE

2min
pages 104-105

LEBKUCHENMOUSSE

1min
pages 102-103

KLEINANZEIGEN Bitte, danke

6min
pages 100-101

ROUSPERT-MOMPECH

3min
pages 96-99

MANTERNACH

7min
pages 92-95

MÄERTERT

5min
pages 86-91

KONSDREF

6min
pages 82-85

JONGLËNSTER

8min
pages 74-81

MARONEN-APFEL-BROT

2min
pages 72-73

KASTANIEN-GNOCCHI

2min
pages 68-69

GRÉIWEMAACHER

12min
pages 36-47

BIWER

7min
pages 32-35

BETZDER

9min
pages 28-31

BEEFORT

3min
pages 26-27

BECH

8min
pages 22-25

BÄERDREF

5min
pages 18-21

FEIERLECHKEETEN

1min
pages 10-11

PROST OP IECH

1min
pages 8-9
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.