Schéi Feierdeeg
Iessen & Drénken
De Butz vum Mount
Mir soe Merci fir dës Foto vum
LenaAll Mount gëtt en neie Butz vum Mount gewielt. Schéckt eis Äre Butz op burton@pt.lu a vläicht ass Är Foto schonn an der nächster Sauerzeidung.
LenaAll Mount gëtt en neie Butz vum Mount gewielt. Schéckt eis Äre Butz op burton@pt.lu a vläicht ass Är Foto schonn an der nächster Sauerzeidung.
Mme Lisa Lippert EPPELDUERF, 88
M. Lucien Kirpach JONGLËNSTER, 85
Mme Anni Hosinger-Versall 25.10. JONGLËNSTER, 96
M. Jean Braun 25.10. BEEFORT, 92
M. Serafim Rocha 26.10. IECHTERNACH, 88
Mme Maisy Genson-Portz 27.10 BÄERDREF, 86
M. Mich Krier 30.10 IECHTERNACH, -
Mme Sanny Mahnke Dienhart 31.10 ROUSPERT, 93
Mme Ketty Kirschten-Schmidt 01.11 HIEFENECH, 91
Mme Marga Thiel-Domas 04.11. SCHEEDGEN, 72
Mir drécken de Famillje vun de Verstuerwenen eist häerzlechst Bäileed aus.
Norbert, Ende 50. Jeder hat es verdient, glücklich zu sein. Ich möchte meine Chance auf Schmetterlinge im Bauch nutzen und dem Bedürfnis nach dem Wir–Sein endlich nachkommen. Ich suche eine Frau, die wie ich unternehmungslustig ist, aber auch häusliche Gemütlichkeit u. miteinander Lachen mag. Tel. 24 87 33 78, www.pv-ensemble.lu
Henri, Anf. 70, e. kultivierter Mann, respektvoll u. romantisch. Ich finde: Man ist so alt, wie man sich fühlt – deshalb gebe ich die Hoffnung nicht auf, noch viele Jahre mit einer netten Partnerin gemeinsam verbringen zu dürfen. Ich gehe gerne auf Reisen, habe schon die ganze Welt gesehen, mag Oldtimer u. gemeinsame Unternehmungen. Ich möchte Liebe bis zum Lebensende finden – vielleicht mit Ihnen? Tel. 24 87 33 78, www.pv-ensemble.lu
Liliane, Anf. 70, attraktiv u. jung geblieben. Ich sehne mich nach dem Tod meines Mannes nach Nähe, lieben Worte, glücklichen Stunden, mit einem Partner, der wie ich Liebe u. Zweisamkeit vermisst. Gemeinsam die Zukunft planen, eine liebe Geste, Zärtlichkeit, Reden, Lachen, ein liebevolles Miteinander. Fehlt Dir das auch? Ruf` an! Tel. 24 87 33 78, www.pv-ensemble.lu
Wenn wir uns gegenseitig wärmen, ist die Energiekrise nur halb so schlimm! Lea, Mitte 60. Gibt es für mich als kinderlose Witwe noch e. neue Liebe? Ich suche e. harmonische Partnerschaft, möchte mit meinem Partner lachen, leben, lieben und glücklich sein. Tel. 24 87 33 78, www.pv-ensemble.lu
Wieder ein Tag alleine? Kein Kuscheln am Morgen, kein gemeinsames Frühstück, niemand, mit dem man reden u. lachen kann! Soll das so weitergehen? Martine, Mitte 50, hübsch, schlank, unkompliziert, humor- u. liebevoll, sehnt sich nach e. Mann mit Herz, der die Liebe ernst nimmt! Tel. 24 87 33 78, www.pv-ensemble.lu
Iechternach Wanderung vun der Millermoaler Schull an d‘Wollefsschlucht, organiséiert vum Tourist Office
Eng Legislaturperiod geet op en Enn. Wéi eng Projete solle bis bei d‘Gemengewalen nach ofgeschloss oder op de Wee bruecht ginn?
E Projet un deem mir laang geschafft hunn a wou d’Aarbechten elo ufänke kënnen, ass d’Vergréisserung vun eiser Schoul mam Neibau vun enger Crèche an der Maison relais. Hei wäert am Fréi joer Spuetestéch sinn a mir hoffen, dass d’Aarbechte bis d’Rentrée 2025 ofgeschloss sinn.
Wéi bléckt Dir op d‘Zäit an Ärem Amt zeréck? Wat wäert Iech besonnesch an Erënnerung bleiwen?
Ganz besonnesch an Erënnerung si mir, wärend der Covid-19-Pan demie, déi speziell Ëmstänn bliwwen, déi dës mat sech bruecht hunn. Mir haten Hochzäiten op der Gemeng, wou just zwee Leit mat Mask konnten empfaange ginn. Ech hoffen, dass mir esou festlech Momenter net méi ënnert dësen Ëmstänn feiere mussen. Et freet mech immens, dass mir mat dem neie Gesetz elo Hoch zäiten och op aneren ëffentleche Plazen an net nëmme just am Gemengenhaus kënnen ofhalen. Ech konnt Ufank November di éischt Koppel am Aquatower bestueden, wann och nach net ganz offiziell, mee mir wëllen dee Wee goen, dass mir den Aquatower als ëffentlech Plaz fir Hochzäiten unerkennen.
Eis Gemeng war awer och di lescht Jore vun den Iwwerschwem munge schlëmm getraff, mee mir hunn eis souwäit erholl an och eis touristesch Infrastrukturen hu mer erëm opgebaut. Positiv di lescht Jore war, dass eis Gemeng an eis Regioun ëmmer méi beléift bäi den Touriste gi sinn. D’Zuel vun den Touristen
di lescht 6 Joer kontinuéierlech an d’Luucht gaangen, dat freet mech immens. Mir hunn an deem Sënn och vill touris tesch Infrastrukturen ausgebaut, fir eis Gemeng nach méi attraktiv ze maachen an den Tourist nach besser bäi eis wëll komm kënnen ze heeschen.
D’Pandemie huet och dozou bäigedroen, dass erëm méi Leit heiheem Vakanz gemaach hunn an esou eis wonnerschéi Regioun hei am Land erëm entdeckt hunn. Dat freet mech besonnesch, dass erëm méi Leit sech bewosst gi sinn, dass eist Land ganz vill ze bidden huet.
De Krich an Europa an di aktuell Energie- a Klima kris maache jidderengem grouss Suergen. Wéi eng Moossnamen huet Är Gemeng geholl, fir d’Bierge rinnen an d’Bierger an dësen Zäiten ze ënnerstëtzen resp. fir Energie anzespueren?
Mir erliewen de Moment eng Energiekris, déi mir sou nach net kannt hunn. Mir si frou, dass mir an de leschte Joren aktiv am Klima- an am Naturpakt un dëser Thematik geschafft hunn. Mir hunn en Deel vun eiser ëffentlecher Beliichtung schonn ëmgestallt, souwéi och verschidden Heizsystemer, dermat mir manner Energie am Alldag benotzen.
Houfreg si mir op eise Quartier Maartbësch mat der Touris teninfo an dem Schoulkomplex, dee mir komplett op en "Nah wärmnetz" konnten ëmstellen.
Aquatower a.s.b.l. 106a,
all senge Betriber an Awunner eng gutt Gesondheet, schéi Chrëschtdeeg an ee gudde Rutsch an d’Joer 2023
Wéi war d’Zesummenaarbecht mam Gemengerot?
Mir haten di 6 Joer eng ganz gutt Stëmmung bäi eis am Gemengerot, mir hu gutt zesumme geschafft a versicht, all eis Decisiounen am Interessi vun eise BiergerInnen ze treffen, fir esou eis Gemeng weiderzebréngen. Ech hoffen, dass dat esou weidergeet a mir d‘Liewensqualitéit zu Bäerdref weider ver bessere kënnen.
Dat ass ganz einfach: meng Liblingsplaz an der Gemeng ass de Point de vue Sieweschloeff.
Do huet een eng wonnerbar Aussiicht iwwert de Mëllerdall, den Ärenzdall fir eriwwer op Beefort.
Wat wënscht oder erhofft Dir Iech fir 2023? An éischter Linn hoffen ech, dass de Krich an der Ukrain op en Enn geet. Ech wënsche mir emol manner Krisen an erëm méi Normalitéit.
Ech wënschen alle Leit schéi Feierdeeg an eng gutt Gesondheet fir d’Joer 2023.
D’Geschäftsan d’Handwierksleit aus der Gemeng
wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2023
Eng Legislaturperiod geet op en Enn. Wéi eng Projete solle bis bei d‘Gemengewalen nach ofgeschloss oder op de Wee bruecht ginn?
D’Gemeng Bech schafft dëst an d’nächst Joer un der Erneierung vun enger Rei gréisseren Infrastrukturen, déi net bis déi nächst Gemengewalen ofgeschloss wäerte sinn. Dat sinn ënner anerem de Chantier vum CR zu Zëtteg mat allem wat dozou gehéiert, d’Aarbechten um “Glasfasernetz” an den Dierfer oder de Centre socioculturel Hanner Bra, deen en neien, flotten Ubau kritt. Och hoffen ech, dass de laangjärege Projet vun enger neier Kläranlag fir d’ Uertschaft Bech endlech ëmgesat gëtt.
Op wéi e Projet wärend Ärer Amtszäit sidd Dir besonn esch houfreg?
Wärend mengen zwou Amtszäiten als Buergermeeschter sinn ech houfreg, datt mir eng ganz Rei Projete realiséiere konnten. Zum Beispill en neit Jugendhaus fir déi jonk Leit aus der Gemeng oder en neien Atelier zu Hemstel fir eisen technesche Service. Mir hunn dann och en zentrale Waassertuerm gebaut, deen d’Waasserver suergung an eiser Gemeng fir déi nächst Generatiounen ofsé chert. Wichteg waren eis Investissementer a Kläranlagen oder an de Stroosseraum, wéi zum Beispill zu Heeschbreg, op der Schanz oder zu Zëtteg. Last but not least stoung dat soziaalt Engage ment ganz uewen op der Agenda vun der Gemeng Bech a mir konnten zwou Wunnechte fir Flüchtlingen a bezuelbare Wunn raum an eiser Gemeng schafen.
Wéi war d’Zesummenaarbecht mam Gemengerot?
D’Zesummenaarbecht mam Gemengerot war oppen, konst ruktiv, vertrauensvoll a frëndschaftlech. Soss hätte mir déi Hellewull vu Projeten net realiséiere kënnen.
Wou ass Är perséinlech Liblingsplaz an Ärer Gemeng?
Eng direkt Liblingsplaz an der Gemeng hunn ech net, mee eis Dierfer sinn ëmgi vun enger wonnerschéiner Natur a bei menge reegelméissege Spadséiergäng entdecken ech ëmmer nees vill schéin an onberéiert Plazen an Ecken, déi mech dann erfreeën.
Wat wënscht oder erhofft Dir Iech fir 2023?
Ech deele sécher mat ville Bierger a Biergerinnen de Wonsch, datt déi wirtschaftlech ugespaante Situatioun an Europa a weltwäit sech berouegt. De Krich an der Ukrain soll ganz séier säin Enn fannen, fir ze evitéieren, datt ëmmer méi Mën schen ëm hir Existenz baange mussen. Fir eis kleng Gemeng wënschen ech mir, datt de sozialen Zesummenhalt bestoe bleift an datt sech jidderee bei ons wuel fillt, gäre wunnt an zefridden ass.
Vill Gléck an eng gutt Gesondheet fir 2023.
STECKBRÉIF
Gemeng Beefort DIERFER Beefort, Déiljen, Grondhaff
Eng Legislaturperiod geet op en Enn. Wéi eng Projete solle bis bei d‘Gemengewalen nach ofgeschloss oder op de Wee bruecht ginn?
An der Gemengerotssëtzung virun der leschter Sëtzung mam Budget steet d’Geneemegung vum Avant-projet detaillé vun der Vergréisserung/Neibau vum Schoulgebai fir de Cycle 1 um Ordre du jour. Obwuel zanter dem leschte Schouljoer ee kompletten Nei bau fir am Ganzen 108 Kanner aus dem Cycle 1 an 83 Kanner aus der Maison relais a Betrib ass, weisen d’Previsioune fir déi nächst Joren, datt dëst neit Schoulgebai ze kleng wäert sinn. Ronn 6,5 Milliounen Euro huet dat neit Schoulgebai kascht an elo ginn nach eng Kéier wäit iwwer fënnef Milliounen Euro an d’Ausbil dung vun eise Kanner investéiert.
Eng Rei Projete goufe schonns gestëmmt an déi misste geschwë gebaut ginn. Dozou zielen dräi Sozialwunnengen an der Montée du Château, den Ëmbau vun der Distellerie Dussier an den Nei bau vum “Centre d’accueil Natur- a Geopark Mëllerdall”, deen hei zu Beefort säi Sëtz huet an zanter dësem Joer zum offiziel len “Unesco Global Geopark” zielt.
Wéi bléckt Dir op d‘Zäit an Ärem Amt zeréck? Wat wäert Iech besonnesch an Erënnerung bleiwen?
Kuerz a knapp gesot - d’Pandemie. Si huet et fäerdegbruecht d’Liewen a kierzter Zäit zum Stëllstand ze bréngen. Eng schrecklech Zäit, déi viru knapp dräi Joer ugefaangen huet an haut nach ëmmer net eriwwer ass. Wochelaang war ee praktesch a senge véier Wänn agespaart a sämtlech Manifestatiounen an der Gemeng an iwwert d’Grenzen eraus ware verbueden. Souguer d’Grenze mat den Nopeschlänner goufen zougemeet.
Des Weidere gëtt et nach ee batteren Nogeschmaach: d’Augmen tatioun vun de Käschten op all de Projeten an déi extrem laang Liwwerzäiten. Zemools bei spezielle Fabrikatiounen a Materialie sinn doduercher vill Projeten a Verzuch geroden. Nieft dësen negativen Aspekter däerf een d’Solidaritéit ënnert de Leit net vergiessen. Vill Leit hu sech ugebueden, fir een dem aneren ze hëllefen a bei dëse Geleeënheeten huet een d’Nopere besser kennegeléiert. Net nëmmen d’Noperen, mee och d’Natur, d’Regioun a Lëtzebuerg hu vill Leit nei entdeckt. Zéngdausende Leit hu Weekend fir Weekend de Wee an de Mëllerdall fonnt an ee gudden Deel vun hinnen huet souguer hei an der Géigend seng Summervakanz verbruecht.
Op wéi e Projet wärend Ärer Amtszäit sidd Dir besonn esch houfreg?
Op dës Fro kann een e puer Projeten ervirhiewen. Eng Saach bleift awer a besonnescher Erënnerung: d’gëllen Auszeech nung beim “European Energy Award” am Kader vum Klimapakt 1.0. Beim éischten Audit fir Sëlwer goufen 2018 op den éischte Schlag 80,3 Prozentpunkten erreecht. Dat huet keng Gemeng virdru fäerdegbruecht. Bei der nächster Etapp fir Gold huet eng international Jury d’Gemeng Beefort mat 85,9 Prozentpunkte bewäert. Dës Zuel ass den héchste Wäert am Kader vum Klima pakt 1.0 hei zu Lëtzebuerg. Natierlech war et ee grousst Erlief nes a Freed dëse wichtegen europäesche Präis zesumme mat anere Gemengen aus Lëtzebuerg an europäesche Groussstied zu Ravensburg entgéintzehuelen. Lo heescht et sech rëm dru ginn fir en änlecht gutt Resultat beim Klimapakt 2.0 ze erreechen. Den Neibau vum Gebai vum Cycle 1 an och d’Tat saach, datt den 31. Dezember 2023 d’Gemenge schold quasi op null gesat gëtt, wat allerdéngs duerch nei Projeten net vu laanger Dauer wäert sinn, si vu besonnescher Bedeitung.
Wéi bléckt Dir op d‘Zäit an Ärem Amt zeréck? Wat wäert Iech besonnesch an Erënnerung bleiwen?
Eng flott Experienz ass et, datt esou vill a flott Projete, virun allem am Wunnengsbau, ugestouss goufen. D‘Gemeng huet erkannt, datt de Wunnengsbau de Besoin N° 1 zu Lëtzebuerg ass a stellt sech deem Problem mam Bau vun 100 neie Wunnen gen. Ech denke mat vill Freed un d’Plange vum Lotissementspro jet “Zesumme Wunnen zu Betzder” zeréck. En intergenerationelle Projet, dee mir mat engem “Kümmerer” wëlle beliewen. Dës Per soun huet d’Missioun, d’Zesummeliewe vun de neien Awunner ze begleeden, Mediateur ze sinn, wann et néideg ass, an duerch Akti vitéiten an d’Organisatioun vun engem reegelméissege Bedreiwe vum Duerfcafé an der Aler Scheier, d’Zesummeliewen an d’Integ ratioun ze fërderen an ze ënnerstëtzen. Ganz flott Erënnerungen hunn ech un den deemolegen Architekt, dee vill ze vill fréi ufanks des Joers onerwaart vun eis gaangen ass. Him e ganz spezielle Merci un dëser Plaz fir säin Engagement an dësem Projet.
Mam Projet vun der neier Crèche zu Rued-Sir si mir houf reg déi gesondste Crèche aus dem Land ze bauen. Dat ass eng immens grouss Erausfuerderung an ech soen elo schonn alle Partner déi mat eis un dësem Projet schaffen, villmools Merci fir hire Support an datt si all mat eis un engem Strang zéien, fir dëse Projet ze verwierklechen. Duerch natierlech Elementer wéi „lokale Leem“ aus de Felder aus der Gemeng selwer, dem Asaz vu lokale Ressourcen an duerch de Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft nodeems dëst neit Gebai gebaut gëtt, wëlle mir en Zeeche setzen, datt et hei zu Lëtzebuerg méiglech ass aneschters ze bauen. Dëst soll als Beispill gëlle fir weider ëffentlech Bauten.
Op wéi e Projet wärend Ärer Amtszäit sidd Dir besonnesch houfreg?
Besonnesch houfreg sinn ech op de Projet vun der „Aler Scheier“ zu Betzder, wou eng „ Place Grand-Duc Jean“ ame nagéiert gëtt als Honoratioun un de Grand-Duc Jean an d‘Liene vun der groussherzoglecher Famill mat der Uert schaft Betzder. Dëst ass eng immens grouss Éier fir eis Gemeng. Mir hoffe bei der Aweiung vun dësem Gebai an där Plaz op d‘Präsenz vum Groussherzog Henri.
Ech sinn houfreg op all Projeten, déi mir an der Gemeng rea liséieren. Alleguerten droe si zu enger gudder Entwécklung vun der Gemeng Betzder bäi a si all hunn een Zil: de Besoi nen an dem Wuel vun eisen Awunner ze entspriechen.
Wéi war d’Zesummenaarbecht mam Gemengerot?
rebekka marx personal trainer Ihre Expertin für Fitness, Ernährung und Gesundheit wünscht Ihnen schöne Feiertage! Investieren Sie jetzt in sich und Ihre Gesundheit und fragen Sie mich nach einem kostenlosen Beratungstermin.
oder Training in Kleingruppen
Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech 2023 d‘Bierger an Ärer Gemeng freeën?
Dëst Joer huet am September di éischt Editioun vum Betzfield Open Air stattfonnt. 3 Deeg mat flotter a familiärer Ambiance, gudder Musek a flottem Kader. Et waren 3 Deeg mam Highlight samsch des owes, enger Queen Cover Band, déi e grousse Succès war a vill Leit ugezunn huet. D’Iddi vun de Picknickconcerte war gutt ukomm op deem flotten eemolegen natierlechen Amphitheater an d’Ge meng huet vill d'Luef fir di gutt Organisatioun kritt. Dëse flot ten Event wëlle mer d'nächst Joer nees ubidden an och ausschaffen.
Dës Veranstaltung war sécherlech net nëmme fir eis Gemeng eng Plus-value, mee och fir eis ganz Regioun en Highlight, fir mat der Famill an/oder Frënn ze genéissen op engem eemolege Site. Dofir freeë mir eis schonn op di nächst Editioun.
Och an eisem Kulturzentrum, dem Syr kus, si mir nees frou, fir kënne flott Veran staltungen unzebidden. No dem bannent e puer Deeg ausverkaafte Familljemusical “Dschungelbuch” wäerte mer och d’nächst Joer e flotten, ofwiesslungsräichen, kulturellen a fir all Goût entspriechende Programm proposéieren.
Wat wënscht oder erhofft Dir Iech fir 2023?
Ech hoffe fir eis all, datt erëm eenegermoossen „normal Zäi ten“ antrieden. No der Corona-Pandemie a -Kris koum direkt de Krich an der Ukrain. Dëse Krich, deen esou no ass, huet bei eis all negativ Auswierkungen an ass fir jiddereen eng Belaaschtung, déi sech an eiser Gesellschaft erëmspigelt.
De Krich huet eng Energiekris mat sech bruecht, déi vill Prä isser a verschiddene Beräicher an d’Luucht gedriwwen huet an esou eng kollektiv Belaaschtung mat sech bruecht huet. Op der Gemeng goufen et doduerch Materialknappheet, Enk päss an de Liwwerzäiten an och Problemer wat den Timing oder d‘Käschte vu ville Projete mat sech bruecht huet. Dofir konnte verschidde Projeten net esou weidergefouert ginn, wéi et am Vir feld geplangt war. Ech hoffe fir 2023, datt mer alleguerte kënnen opootmen an nees e relatiivt „normaalt“ Liewe kënne féieren.
Eng Legislaturperiod geet op en Enn. Wéi eng Pro jete solle bis bei d‘Gemengewalen nach ofgeschloss oder op de Wee bruecht ginn?
Eng ganz Rei Projete sinn an der Endphas a wäerten am Fréijoer 2023 fäerdeg ginn.
D’Erfaassung vun der Quell zu Bruch ass ofgeschloss a mir sinn optimistesch, datt mir déi geschwënn an eisen Drénk waasserreseau kënnen aspeisen, fir esou eis eege Ressour cen optimal ze notzen.
D’Renovatioun vum Gemengenhaus zu Biwer geet och gutt virun a mir wäerte virum nächste Summer eisen Awunner eis Servicer an eisen neie Raimlechkeete kënnen ubidden.
Ofgeronnt gëtt dëse Projet mat enger neier Duerfplaz virum Gemengenhaus, mat engem „shared-space”. Esou wëlle mir
méi Gesellegkeet an eist Duerfliewe kréien an och de Ver äiner d’Méiglechkeet bidden, fir kleng Fester op dëser Plaz ze organiséieren.
Op wirtschaftlechem Niveau si mir optimistesch, datt an deenen nächste Méint all d’Parzellen aus eiser kommuna ler Gewerbezon ‘Grousswiss’ wäerte besat sinn. An deene leschte Jare si vill Aarbechtsplazen an eiser Gemeng ent stanen an déi vill Betriber bréngen eis interessant finanziell Recetten.
Dann hoffen ech awer och, datt mir an deenen nächste Méint eisen neie Bebauungsplang an dréchenen Dicher hunn.
Wéi bléckt Dir op d‘Zäit an Ärem Amt zeréck? Wat wäert Iech besonnesch an Erënnerung bleiwen? D’Amt als Buergermeeschter, dat ech mat voller Freed aus üben, ass en éierevollt Mandat am Déngscht vun all den Awunner aus eiser Gemeng!
Et ass leider net ëmmer méiglech fir jidderengem et gerecht ze maachen, mee zesumme mat menge Kol leeginnen a Kolleegen aus dem Schäffen- a Gemen gerot siche mir ëmmer déi beschte Léisung fir eis Matbierger.
Markéiert waren déi lescht Jaren natierlech duerch d’Corona-Pandemie, déi villes méi komplizéiert gemaach huet.
Déi positiv Momenter an haaptsächlech déi vill perséinlech Kontakter mat eise Bierger, wéi ënner anerem bei Hochzäiten, ronne Gebuertsdeeg oder op de Fester vun eise Veräiner, sinn eng richteg Beräi cherung.
Ech sinn op jidder Fall motivéiert fir och no 2023 weider als Buergermeeschter am Déngscht vun eise Bierger ze sinn!
Op wéi eng Projete wärend Ärer Amtszäit sidd Dir besonnesch houfreg?
Datt mir, no ronn 40 Joer, ënner déi quasi never-ending Story vun der Cité Syrdall zu Wecker, déi eng traureg Berüümtheet am ganze Land hat, endlech kënnen e Schluss stréch zéien, ass e grousse Schrëtt fir eis Gemeng. Hei hu mir eis Verant wortung geholl fir d’Erschafe vun erschwénglechem Wunnraum.
D’GeschäftsGemeng Biwer Haus- und Umwelttechnik Bad und Sanitär ww w . r eis-ne u m a nn . c o m Tel. 73 50 90
Allgemeng wäerte mir op e qualitative Wuesstem an eiser Gemeng oppassen.
Et sinn awer och oft méi kleng Projeten déi d’Lie wensqualitéit verbesseren. Ech denken do z. B. un d’Aféierung vun Tempo-30 Zonen, de Bau vun eiser Adventurespillplaz an anere Fräizäitinfrastrukturen.
De Krich an Europa an di aktuell Energie- a Klimakris maache jidderengem grouss Suergen. Wéi eng Moossnamen huet Är Gemeng geholl, fir d’Biergerinnen a Bierger an dësen Zäiten ze ënnerstëtzen resp. fir Energie anze spueren?
Mir haten eise Klimaberoder zesumme mat eisem tech nesche Service beoptraagt, fir eng Bestandsopnam vun all eisen ëffentleche Gebaier an Infrastrukture ze maachen a Mesuren auszeschaffen, déi kuerz- a mëttelfristeg kënnen ëmgesat ginn, fir Energie ze spueren. Heizou gehéiere kleng Gesten, déi een och bei sech doheem ka maachen, wéi z. B. d’Temperatur erofsetzen oder d’Luuchten an de Gebaier aus maachen, wann een erausgeet.
Mir wäerten an Zukunft als Gemeng selwer nach méi op alter nativ Energie setzen a subsidéieren och weiderhi privat Projete vun energetesche Sanéierungen.
Jidderee muss hei mat abezu ginn. Esou sinn och eis Veräiner e wichtegen Acteur, déi et gëllt mat anzebannen: eist Klimateam huet eng Ëmweltcharta fir d'Veräiner ausgeschafft, duerch déi eis Clibb sech engagéieren hir Manifestatioune méi ëmweltfrëndlech a méi nohalteg ze maachen.
wënsche Energie Öl - Gas - Pellets Heizen Wasser
Bodenlegearbeiten Exklusive Spachtel- und Effekttechniken Individuelles Raumkonzept Maler-, Tapezier- und Lackierarbeiten Spachtelarbeiten Trockenbau
Wasserschäden Beseitigung Renovierung/Umbau
Die kalte Jahreszeit auf warmen Böden genießen. Bodenbeläge von Parquet Böhm. Edle Materialien und hochwertiges Design.
Eng Legislaturperiod geet op en Enn. Wéi eng Projete solle bis bei d‘Gemengewalen nach ofgeschloss oder op de Wee bruecht ginn?
Verschidden Infrastrukturaarbechten, zum Beispill an der „Rue Boland“ oder an der „Gehaansbaach“ an der Schaffmill wäerten an den nächste Méint ofgeschloss ginn. Ausserdeem gëtt eng Bike-Wash Statioun opgeriicht. Mir sinn amgaang eng Bolzplaz bei der Spillplaz op der Laangwiss ze plangen, zesumme mat der Schwämm, dem Outdoor-Fitness, de Vëlosweeër, dem Skatepark mat Basketsterrain an der Maacher Plage ass d’Muselpromenad eng Visittekaart vum „Miseler Way of Life“.
Fir den neie Wunnquartier PAP Pietert wou ca. 250 Leit wunne kënnen, lafen déi éischt Bauaarbechten deemnächst un. Donieft ginn nach vill kleng Projete realiséiert, déi d’Liewensqualitéit vun de BiergerInne weider verbesseren.
Wéi bléckt Dir op d‘Zäit an Ärem Amt zeréck? Wat wäert Iech besonnesch an Erënnerung bleiwen?
Et ass vill an der Muselmetropol geschitt. Gréiwemaacher konnt am leschte Joer säi 5000. Bierger begréissen, eis Stad ass am per manente Wuesstum. Et goufen och soss ganz vill flott Momenter wéi eis etlech Fester, de Wäimoart op der Moartplaz an dat tradi tionellt Drauwen- a Wäifest sinn ëmmer en Highlight zu Maacher. Awer och manner schéi Momenter, wéi d’Covid-Kris an domat och d’Grenzschléissungen, déi ech als Europäer net akzeptéiere wollt,
si mir an Erënnerung bliwwen. Wärend der Kris huet d’Ge meng reegelméisseg Maske verdeelt an en Akafsservice fir d’BiergerInnen agefouert. Als Reaktioun op de Krich an der Ukraine huet Gréiwemaacher sech eemol méi solidaresch gewisen, et gouf vill gespent, vill Maacher hu Flüchtlinge bei sech opgeholl, an eis Liichterketten op der Grenzbréck war e kloert Zeeche fir de Fridden an Europa. Zu Maacher liewe Mënschen aus méi wéi 80 Natiounen, et ass schéin ze gesinn, datt si sech all mat enger Stëmm géint den Terror gewiert hunn.
Et war och spannend, eiser Stad eng nei Corporate Identity ze ginn, déi de „Miseler Way of Life“ zeréck spigelt.
Op wéi e Projet wärend Ärer Amtszäit sidd Dir besonnesch houfreg?
Besonnesch houfreg sinn ech iwwer d’Ouverture vum Centre médical mat IRM um Potaschbierg. Et huet zwar eng Zäit gedauert, bis all d’Barrièren aus dem Wee geraumt waren, awer mir hunn eis dofir agesat, datt den Osten déi selwecht Qualitéit u medezinescher Versuergung kritt, wéi den Zent rum oder de Süden.
Donieft freeën ech mech op eisen neie Kulturzentrum, e Boos ter fir d’Kulturszeen zu Maacher an d’Regioun. Dat komplett erneiert Osburg-Haus mat sengem Gaart ass e besonnesche Bijou am Häerz vun eiser Stad ginn, an den neien ënnerier desche Parking „Réngmauer“ am Zentrum huet d’Parksitua tioun zu Maacher verbessert.
Houfreg sinn ech, datt mir den neie PAG am Dialog mat de Biergerinnen a Bierger realiséiere konnten.
Wéi war d’Zesummenaarbecht mam Gemengerot? D’Zesummenaarbecht mam Gemengerot zu Gréiwemaacher ass gepräägt vun enger grousser Motivatioun d’Liewens qualitéit vun de Biergerinnen a Bierger weider ze ver besseren. Och wann een net ëmmer enger Meenung mat der Oppositioun ass, eis Diskussioune verlafen am respektvollen Ëmgang mate neen a sinn ëmmer konstruktiv. Ech soen eise Gemengeréit op dëser Plaz och Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht.
De Krich an Europa an di aktuell Energie- a Klimakris maache jidde rengem grouss Suergen. Wéi eng Moossnamen huet Är Gemeng geholl, fir d’Biergerinnen an d'Bier ger an dësen Zäiten ze ënnerstët zen resp. fir Energie anzespueren?
Gréiwemaacher war eng vun den éischte Gemengen, déi opgrond vun der Energiekris Spuermoossnamen ëmgesat huet. D’Gemeng huet deci déiert, d’Maacher Schwämm éischter zouzemaachen, an domat de Joresverbrauch u Gas vu 5 duerchschnëttlechen Haushalten anzespueren, beim Stroum konnt de Jores verbrauch vun 10 Haushalten a beim Waasser dee vun 19 Haushalten agespuert ginn. Ausserdeem huet d’Stad Gréi wemaacher beschloss, ëffentlech Gebaier nach just bis 10 Auer owes ze beliichten an d’Ëmstellung op LED-Stroos seluuchte weider ëmzesetzen. Bei verschiddene Luuchte gouf d’Hellegkeet ëm 30% gesenkt an d’Heizungen an net genotzten ëffentleche Gebaier goufen ugepasst.
Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2023 freeën?
An der Muselmetropol gëtt et och 2023 vill z’erliewen. Nieft den traditionelle Manifestatioune wéi de Wäimoart, deen
erëm „Open-Air“ op der Moartplaz organiséiert gëtt, an d’Drauwen- a Wäifest, ass de Kulturprogramm gutt gefëllt. Den Europadag, den 9. Mee, feiere mir fir d’éischte Kéier zesumme mat eise Frënn vun der Stad Tréier. Freet Iech op e flotte Programm aus béide Regiounen. Donieft gëtt et och am nächste Joer eng weider Editioun vum Oldtimer-Dag an dem Moudendéfilé an der Foussgängerzon. Am Mee fënnt e Festival mat lëtzebuergesche Gruppen um Parking Laang wiss statt. Fir den Nationalfeierdag hu mir e ganz besonnesche Programm geplangt, deen de Biergerinnen a Bierger bestëmmt gefält.
Wou ass Är perséinlech Liblingsplaz an Ärer Gemeng? Ech gi gär laanscht d’Musel an duerch d’Wéngerte lafen. Donieft sinn déi kleng Moartplaz an den Osburg-Gaart am Zentrum mat déi schéinste Plazen an der Musel metropol. Bei eise ville Festivitéiten, wéi zum Bei spill eise Chrëstmoart, den 10. an 11. Dezem ber, kann een de „Miseler Way of Life“ op dëse Plazen erliewen. Op eiser Muselpromenad, déi dëst Joer hiert 100-järegt Bestoe gefeiert huet, ass d’Stufeplaz beim Soen- a Legendepad eng vun de flottste Plaze fir ze raschten an d’Aussiicht op d’Musel ze genéissen.
D’Geschäftsan d’Handwierksleit aus der Stad
wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2023
Wählen Sie individuell zwischen den Werten 5, 10, 20 oder 50 €.
Sie können die Gutscheine bestellen per Mail an samantha@gmg.lu und sie anschließend in der Galerie Moderne in Grevenmacher abholen.
Muskelau bau und Fettverbrennung ohne Mühe
Revolutionierte, wissenscha tlich bewiesene FEM-Technologie (High-Intensity Focused Electromagnetic) macht dies möglich
Die weltweit erste Technik, die ohne OP Po-Li ting, BauchStra ung, Winkearm-Straf fung, Ober- und Unterschen keloptimierung möglich macht
D’Integratiounskommissioun um Drauwen- a Wäifest
D'Spillschoul um Maacher Drauwen- a Wäifest
Mir freeën is drop Eech virun de Feierdeeg an der Copal ze begréissen. Maacht Är Akeef fir dës besonnesch Zäit bäi is a verbréngt gemittlech Stonne mat Frënn a Famill am Restaurant „La Familia“.
D'Highlights vum Joer 2022 an der Stad Gréiwemaacher
100 Joer-Feier a Schoulkiermes
D’Ministesch Taina Bofferding op der Porte Ouverte vun der Maacher Gemeen
“Maacher Gedenksteng a Monumenter mat Geschicht”, en interessante Rondgang mam André Ney
Eng Legislaturperiod geet op en Enn. Wéi eng Projete solle bis bei d‘Gemengewalen nach ofgeschloss oder op de Wee bruecht ginn?
Mir hunn hei zu Iechternach ganz vill Projeten ugefaangen, déi mir lo geschwënn ofschléissen. Fir Bauland ze erschléissen, hu mir eng ganz Rei Lotissements-Projeten op de Wee bruecht, wéi zum Beispill de ganz grousse Projet „Oachtergäert“, dee bal fäerdeg ass, soudatt dann an den nächste Wochen oder Méint Baugenee megunge kënnen ausgi ginn, wat extrem wichteg ass fir Iechter nach. Fir weider ze wuessen, musse mir och d’Infrastrukture prett maache fir d’Zukunft. Besonnesch ernimme wëll ech do de Mas terplang „Gare“, dee mir schonn an der leschter Legislaturperiod op d’Schinn gesat hunn: Dat sinn eng 7 Gebaier, dat wichtegst dovunner ass eis nei Grondschoul mat Maison relais a mat CDI fir Kanner mat Behënnerung. Dat ass e ganz flotten, integrative Projet, wou Kanner mat an ouni Handicap zesummen d’Raim lechkeete kënnen notzen. D’Gebai (mat enger Kantin) ass ganz nohalteg am Holz gebaut a wäert deemnächst fäerdeg gestallt ginn, wouriwwer mir ganz frou sinn. Ganz innovativ um Cam pus ass, dass mir duerch déi nei Heizzentral CO₂-neutral hëtzen, an zwar mat Holz aus eisen eegene Bëscher (Holzhackschnitzel). Och d’Sportshal vum Lycée ass am Kader vun dësem Master plang Gare gebaut ginn a gëtt och iwwer dës Heizzentral gehëtzt. D’nächst Joer kréie mir och d’Parkhaus fäerdeg. Dëst war e relativ
komplexe Projet, wëll do fir d’éischt Kanalaarbechten an Héichwasserschutzmoossnamen ze maache ware mat engem „Regenüberlaufbecken“ tëscht der neier Schoul an dem Parkhaus.
Nieft dëse Baumoossname si mir och am Gaangen weider Projeten ze plangen, wéi z. B. eis Sportshal an eis Schwämm, déi duerch d’Héichwaasser komplett zerstéiert gi sinn an di lo ofgerappt an nei gebaut musse ginn. E leschte Step um Campus Gare ass d’Vergréisserung vum bestoende Schoul gebai duerch en neit Gebai, fir do Plaz fir jee 300 Schüler ze schafen. Ech mengen, dann hu mir net wéineg geschafft.
Wéi bléckt Dir op d‘Zäit an Ärem Amt zeréck? Wat wäert Iech besonnesch an Erënnerung bleiwen?
Mir hate ganz vill Aarbecht, wéi dat warscheinlech bei all de Buergermeeschterkolleegen de Fall ass. D‘Pandemie war eng extrem schwiereg Situatioun, an där mir hu misste kucken, wéi mir z. B. och am Lockdown d’Servicer vun der Gemeng konnten oprechterhalen a grouss Suergen haten, wéi et fir d‘Geschäftsleit weidergeet. Da koum och nach dat Joerhon nerthéichwaasser, wat fir d’Stad Iechternach extrem nega tiv Repercussiounen huet, souwuel fir d’Privatleit wéi och fir d’Geschäftsleit an och fir d’Gemeng. Ech schätzen d’Ge samtkäschte vun dësem Héichwaaser alleng fir d’Gemeng op iwwer 20 Mio. Euro. Mir wäerten nach e puer Joer brau chen, fir nees op dee Stand ze kommen, dee mir virun dem Héichwaasser haten. Duerch di Problemer vun der Pandemie a vum Héichwaasser war et insgesamt eng extrem schwie reg an ustrengend Legislaturperiod.
Op wéi e Projet wärend Ärer Amtszäit sidd Dir besonnesch houfreg?
Besonnesch houfreg sinn ech op eis Schoul, déi mir lo bauen! Normalerweis ginn esou Gebaier jo fir 40-50 Joer gebaut, soudass een dat net esou oft mécht an enger Gemeng. Bei deem Projet hu mir fir d’éischt mat de Leit geschwat, fir eng Raumplanung ze maachen an zwar mat alle Bedee legten, och vun der Maison relais a vum CDI a mam Léierpersonal. Eréischt wéi d’Konzept stoung, ass di eigentlech Planungsphas mat engem Architekt lassgaangen. D’Chance war, dass mir vun der leschter op di aktuell Legis laturperiod kee Wiessel haten, wou duerch mir gutt zesumme plangen an „nahtlos“ weiderschaffe konnten.
Wéi war d’Zesummenaarbecht mam Gemengerot?
Mat der Majoritéit ganz gutt a kolle gial, mat der Oppositioun ganz schwie reg. Ech ka mech op mäi Koalitiounspartner verloossen, mir maache keng Kampfofstëmmungen an et ass e ganz gutt Zesummeschaffen, wat Spaass mécht.
De Krich an Europa an di aktuell Energie- a Klimakris maache jidderengem grouss Suergen. Wéi eng Moossnamen huet Är Gemeng geholl, fir d’Biergerinnen an d’Bierger an dësen Zäiten ze ënnerstëtzen resp. fir Energie anzespueren?
Aktuell musse mir natierlech reagéieren, och wann et méi symbolesch ass: mir hunn eng Note de service an eise Mai sons publiques gemaach, fir Energie ze spueren, z. B. fir d’Heizung erofzesetzen. Eis automatesch Stroossebeliich tung hu mir lo esou agestallt, dass si eréischt 1 Stonn no der Dämmerung ugeet an och 1 Stonn méi spéit moies. An der Nuet tëscht 1 a 5 maache mir d’Luuchte souguer kom plett aus, fir Energie ze spueren. A fir d’Gromperegeld (allocation de vie chère) fir Leit, déi manner verdéngen, huet eis Finanzkommissioun eng Propos ausgeschafft, fir de Leit substanziell méi Sue kënnen ze ginn.
Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2023 freeën?
Natierlech op d‘Aweiunge vun de Gebaier vum Campus Gare (warscheinlech am Mäerz/Abrëll 2023). Mir hunn all
Joer ëmmer flott Eventer wéi d’Sprangpressessioun, op déi mir eis ëmmer freeën, grad no der Pandemie, wou esou vil les net méiglech war. Mir hunn awer och soss ganz vill kul turell Angebot wat z. B. den Trifolion ubelaangt, wéi z. B. de Festival vum Trifolion oder och de Festival vum E-Lake oder eisen Autokino. Mir hu vill Veräiner, déi flott Eventer organiséieren, wou mir als Gemeng ganz frou driwwer sinn. Enn des Jores kënnt dann eise Chrëschtmaart, deen ëmmer ganz gutt besicht gëtt. Ech hoffen, dass d’Pande mie eis do kee Stréch méi doduerch mécht. Schliisslech ass zu Iechternach, wann d’Wieder matspillt, ëmmer e bësse Vakanzestëmmung mat flotten Eventer, eisen Terrassen an de Restauranten.
Wou ass Är perséinlech Liblingsplaz an Ärer Gemeng?
Ganz Iechternach. Ech trëppele gären duerch d’Stad a setze mech gären op eng Terrass fir e Kaffi ze drénken, do hu mir ganz vill flott Plazen an der Stad, wéi zum Beispill op der Maartplaz oder och an der Haler Gaass an och um Séi, do wies selen ech gären of. Et muss een sech d’Zäit dofir huelen!
Wat wënscht oder erhofft Dir Iech fir 2023?
E rouegt an normaalt Joer, e Joer ouni Katastrophen an och e klimagemäs segt Joer.
D’Geschäftsan d’Handwierksleit aus der Stad Iechternach wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2023
Mir wënschen all eise Clienten schéi Chrëschtdeeg an e glécklecht Neit Joer 2023.
Zutaten für 4 Personen
2 1/2 TL gemahlener Koriander 1 TL gemahlener Kreuzkümmel 2 TL gemahlene Kurkuma 1 Prise gemahlene Nelken 1 Prise frisch geriebene Muskatnuss 4 EL Olivenöl 1 Zwiebel, fein gehackt 4 Knoblauchzehen, fein gehackt 1 1/2 EL Ingwer, fein gehackt 1 rote Chili, fein geschnitten 1 Prise Meersalz 1 Stange Ceylon-Zimt 2 Sternanis 400 ml Kokosmilch 300 g Kartoffeln, geschält und in Würfel (2 cm) geschnitten 800 g Kichererbsen (aus der Dose mit Flüssigkeit) 1 TL Meersalz 1 Prise Rohrohrzucker
Zum Bestreuen
4 EL Korianderblätter, frisch gehackt
In einer kleinen Schüssel den Koriander, den Kreuzkümmel, die Kurkuma, die Nelken und die Muskatnuss mischen und mit 3 EL Wasser vermengen.
Das Olivenöl in einem Topf erhitzen. Die Zwiebel, den Knoblauch, den Ingwer, den Chili und das Salz hinzugeben und alles ca. 5 Minuten dünsten. Wenn die Zutaten anfan gen sich golden zu färben, die Gewürzmischung, die Zimt stange und den Sternanis hinzufügen. Alles 1 Minute aufkochen lassen und dann für ca. 30 Minuten ruhen lassen.
Danach die Kokosmilch, die Kartoffeln und die Kichererbsen (inklusive Flüssigkeit) unterrühren. Das Salz und den Zucker hinzufügen und alles für 15-20 Minuten bei mittlerer Hitze köcheln lassen. Falls die Kartoffeln noch nicht gar sind, die Kochzeit verlängern.
Zum Schluss das Curry noch einmal abschmecken und mit dem Koriander bestreuen.
ISBN: 978-3-7106-0654-0 196 Seiten
100 g Kürbiskerne 150 g Dinkelmehl, Type 630 50 g heller Rohrohrzucker
1 Prise Meersalz 120 g kalte Butter
ZUM BESTÄUBEN etwas Puderzucker
etwas Dinkelmehl für die Arbeitsfläche Backpapier für das Backblech
Für den Kipferlteig zuerst die Kürbiskerne fein mah len und in eine Rührschüssel geben. Das Mehl, den Rohrohrzucker und das Salz hinzufügen. Die Butter in Würfel schneiden, dazugeben und alles mit der Hand fein zerkrümeln. Danach alle Zutaten rasch zu einem Teig zusammenkneten.
Auf einer bemehlten Arbeitsfläche den Teig halbie ren und jeweils zu einer 3 cm dicken Rolle formen. Etwa 1 cm breite Scheiben abschneiden. Mit den Fingerspitzen die Scheiben zusammendrücken und
zu halbrunden Kipferln formen. Ein Backblech mit Backpapier auslegen. Die Kipferl auf das Blech setzen und 15 Minuten kühlen.
Den Backofen auf 160 °C (Umluft) vorheizen und die Kipferl etwa 15 Minuten backen. Danach auf einem Gitter auskühlen lassen und dann weitere 5 Minuten bei 160 °C backen. So werden sie schön knusprig. Zum Schluss mit einem winzigen Hauch Puderzu cker bestäuben.
Herbsttrüffel
Zutaten
500 g Maronen, geschält 100 g Schalotten, grob geschnitten 2 Knoblauchzehen
30 g Butter 100 ml Portwein weiß 200 ml Weißwein
1 l Gemüse oder Geflügelfond 250 ml Sahne
etwas Trüffelöl oder Trüffelbutter nach Belieben zum Verfeinern
20 g frischer Trüffel
Schalotten und Knoblauch in Butter glasig anschwitzen, anschließend die Maronen zugeben und ebenfalls mit anbraten.
Danach mit Portwein und Weißwein ablöschen, einreduzieren lassen, mit Fond und Sahne auffüllen, mit Salz und Pfeffer würzen und bei kleiner Hitze 30 Minuten weich köcheln.
Im Anschluss in einen Mixer fein mixen, gegebenenfalls nachschmecken und mit etwas Trüffelöl aromatisieren.
Die Velouté in einer Schale oder Tasse servieren und mit Trüffel garnieren.
LuxemburgFreitag 9.12. Chrëstmoart 17-0h: Wir laden Sie ab 17h auf unseren Chrëstmoart 2022 auf dem Parking A Kack ein. Weihnachtsinsel im Hihof. 17h30 - 18h15: Jazz Vocal Band an Latin Percussion Klass vum Eric Durrer vun der Regionaler Museksschoul Iechternach 19h30 | Konzert Kelly Decker
Samstag 10.12. Chrëstmoart 10-0h:
Weihnachtskino im Ciné Sura: Familienprogramm jeweils um 14, 16 und 18 Uhr. Weihnachtsinsel im Hihof. 14h00-14h30 : Cor Ensembel vun der Regionaler Museksschoul Iechternach ennert der Leedung vum Eszther Szathmary 15h00 | Basilika Weihnachtskonzert der Echternacher Regionalen Musikschule 18h30 | Konzert Leila Vallio
Sonntag 11.12. Chrëstmoart 10-20h: Weihnachtskino im Ciné Sura: Familienprogramm jeweils um 13h30 und 15h30. Weihnachtsinsel im Hihof. 12h15 bis 12h45: Carillonconcert vum Steve Lamesch, Schüler vun der Regionaler Museksschoul Iechternach 15h00 | „Sing Glöckchen“ – Weih nachtliches Kinderprogramm mit Jennifer Waack
Eng Legislaturperiod geet op en Enn. Wéi eng Projete solle nach bis d‘Gemengewalen ofgeschloss oder op de Wee bruecht ginn? Mir sinn am Laf vun de leschte Jore vill grouss Projeten ugaangen an elo zum Schluss vun der Legislaturperiod léisst sech d’Resultat weisen:
1. D’Traversée vu Gonnereng mat der Erneierung vun allen Infrastrukturen an de Stroossen rue de Wor meldange, rue d’Ernster a bei der Bréck. D’Erweide rung vun der Gemeng mat 17 neie Büroe war néideg ginn, well mir d’Personal op der Gemeng den aktuelle Bedürfnisser ugepasst hunn. Dës Projete wäerten am Fréijoer fäerdeg sinn. Zu Allënster an zu Eescheler sinn nei Veräinshaiser gebaut ginn.
2. D’Projete vun der neier Maison relais zu Lënster (384 Kanner), den Ausbau vun der Grondschoul zu Lënster (10 Klassesäll), der neier Museksschoul (fir 500 Schü ler) an d‘Naturcrèche (fir 100 Kanner) tëschent Lënster a Gonnereng, d’Erneierung vun den Infrastrukture vun den Dierfer Beidler an Amber sinn an der Realisatioun.
3. Eng nei zentral Plaz zu Lënster, de Réckbau vun der Traversée vu Lënster an d’Ausschaffe vum neie Cam pus scolaire mat Duerfplaz an der Buerg si Projete mat engem groussen Challenge fir d’Bierger an d’Ge meng. Bei dëse Projete ginn d’Bierger aus der Gemeng a Workshoppen ëm hir Meenung gefrot, fir esou méi e grousse Konsens zesumme mat de Leit ze fannen.
DIERFER Allënster, Amber, Beidler, Blummendall, Buerglënster, Eescheler, Eesebuer, Gonnereng, Grolënster, Guedber, Jonglënster, Roudemer
AWUNNER 8.550
NATIONALITÉITEN 96
Wéi bléckt Dir op d‘Zäit an Ärem Amt zeréck? Wat wäert Iech besonnesch an Erënnerung bleiwen?
Et war eng schéin Zäit mat villen Erausfuerderunge mam Ofschloss vum neie PAG an all deene Projeten, déi ech virdrun opgelëscht hunn, souwéi déi vill Kon ventioune mam Staat wéi Klima-, Natur-, Zesummeliewen-, Logement- an Integratiounspakt.
Op wéi e Projet wärend Ärer Amtszäit sidd Dir besonnesch houfreg?
D’Aféierung vum neie Maart zu Lënster war e besonnescht Erliefnis, wou no schwéierer Corona zäit erëm huet missen eppes aneschtes geschéien an dat mat vollem Erfolleg. Iwwert 5000 Leit hate sech op der 1. Editioun vum nei gestalte Maart zu Lëns ter afonnt.
Wéi war d’Zesummenaarbecht mam Gemengerot?
Am Gemengerot war iwwert déi ganz Legislaturperiod e gutt Zesummeschaf fen an der Koalitioun an och mat der Oppositioun. All grouss Projete sinn zesumme gestëmmt ginn a sou mat ouni gréisser Problemer op d’Schinn gesat ginn.
De Krich an Europa an di aktuell Energie- a Klima kris maache jidderen gem grouss Suergen. Wéi eng Moossnamen huet Är
Gemeng geholl, fir d’Biergerinnen an d'Bierger an dësen Zäiten ze ënnerstëtzen resp. fir Energie anzespueren?
Als Gemeng hu mir Moossname geholl, fir Stroum an och Energie anzespueren. De Bierger muss een net och nach Virschrëfte säitens der Gemeng maachen. Jidderee weess wat en ze maachen huet an esou soll och de mën dege Bierger seng eege Verantwortung iwwerhuelen.
Wou ass Är perséinlech Liblingsplaz an Ärer Gemeng?
Meng perséinlech Liblingsplaz ass doheem. An eiser schéiner Natur ronderëm eis Dierfer an haaptsächlech an eise Bëscher fillen ech mech beim Wanderen op eise ville Weeër ebenfalls wuel.
Vu lénks no riets, 1. Rei: Raymond Schintgen, Tom Weber 2. Rei: Michèle Goedert, Anne Schroeder, Christiane Degraux, Ben Ries, Romain Reitz, Mike Hagen 3. Rei: Tarik Chergui, Gilles Baum, Jean Boden, Raphaël Schmitz, Philippe Trierweiler
Wat wënscht oder erhofft Dir Iech fir 2023? Ech wënsche mir fir 2023, dass mir virun allem vu gréissere Pandemien oder Katastrophe verschount bleiwen. 2023 ass e Waljoer, wou d’Kaarten eventuell erëm nei gemëscht ginn an do wënschen ech den neien an al Gewielten eng glécklech Hand an hiren Entscheedungen. Ech wënsche mir, dass d’Leit erëm méi matenee schwätzen an net hiren Ierger oder Frust iwwert d’sozial Medie matdeelen.
Eng Awunnerin vun der Gemeng hat eng Aktioun fir d’Ukrain gestart. D’Gemeng huet sech dobäi bedeelegt, fir Spenden ze sammelen an d’Gemeng huet och dës Aktioun mat Infrastrukturen a Camionnetten ënnerstëtzt
D'Highlights vum Joer 2022 an der Gemeng Jonglënster
Jonglënster
Grondsteeleeung fir déi nei “Jong Mëtt”. D’Gemeng baut 9 Appartementer, 1 Zweefamilljenhaus a 6 Eefamilljenhaiser zu erschwéngleche Präisser
Jonglënster Tour de Luxembourg Jonglënster 2022
Projet vun der neier Maison relais zu Lënster
D'Highlights vum Joer 2022 an der Gemeng Jonglënster
Fréijoersconcert vun der Lënster Musek an der Kierch. Den Erléis ass un d'“Mil asbl” gaang
Grouss Botz an der Gemeng Jonglënster
Wéi bléckt Dir op d‘Zäit an Ärem Amt zeréck? Wat wäert Iech besonnesch an Erënnerung bleiwen? Am Mäerz 2020 si mir vum Covid-Virus iwwerrannt ginn. Mir hunn den 13. Mäerz is Gemeng fir de Public zougemaach, mir hunn is musse schnell ëmstellen, fir den Homeoffice ze organiséieren.
An der Schoul ass de Facetime installéiert ginn, fir mat de Kanner kënnen ze léieren.
Dat war eng ganz intensiv an ustrengend Zäit, et war een ëmmer am Standby, mee et huet alles wonnerbar fonctionéiert. Dat huet mech schonns markéiert.
Op wéi e Projet wärend Ärer Amtszäit sidd Dir besonnesch houfreg?
Ee ganz wichtege Projet, deem seng Realisatioun eis besonn esch um Häerz läit, ass dee vun der Ëmgestaltung vun der Scheedges Kierch zesumme mam Veräinsbau als kulturelle Lieu de rencontre. Dës Planung ass mat de Bierger zesum men a participative Workshops realiséiert ginn. Elo gëtt et endlech konkret, andeems mir ganz geschwënn dëse Projet ausschreiwe wëllen.
D’ëffentlech Plaze louchen eis och um Häerz, dohier hu mer sämtlech Spillplazen ënnert d’Lupp geholl, erneiert, ofge séchert a verbessert. Et si vill nei Spiller bäikomm an aler si gefléckt, respektiv ersat ginn. Op der Gare ass d’Neigestaltung vun der Spillplaz als Generatiouns-Spillplaz och geschwë fäer deg, mat neie Spiller fir déi Kleng, engem Sportsgerüst fir déi mi gruuss Kanner an enger Petanque Pist fir di Gruuss.
Mir hunn och eng griisser Spillplaz fir de Burgkapp geplangt di ise Schoulkanner, de Kanner aus dem Duerf an och den Tou risten zeguttkënnt, wéinst der Proximitéit zum Camping. Dëse Projet geet elo och endlech an d’Ausschreiwung. Um Kuerzwénkel ass een neie Multisports gebaut ginn, wou d’Kanner an di Jonk sech austobe kënnen.
Dat fir just e puer vun de realiséierte Projeten ze ernimmen, déi d’Wunnen an eisen Dierfer nach méi frëndlech solle gestalten.
De Krich an Europa an di aktuell Energie- a Klima kris maache jidderengem grouss Suergen. Wéi eng Moossnamen huet Är Gemeng geholl, fir d’Bierge rinnen an d’Bierger an dësen Zäiten ze ënnerstëtzen resp. fir Energie anzespueren?
A Saache Klima si mir ganz engagéiert a schaffe fläisseg am Klimapakt an am Naturpakt mat. Do hu mer zimmlech vill kleng awer och gruuss Projeten ëmgesat, wéi z. B. an Zesum menaarbecht mat iser Energiekooperativ, d’Photovoltaikan lag op iser Sportshal oder och nach d'Bedeelegung um Bau vun enger Eolienne op eisem Terrain an nach weiderer am Natur- a Geopark Mëllerdall.
Ee wichtegen Aspekt, dee mir säit e puer Joer schonn appli zéieren, ass d’Sensibiliséiere vun iser Populatioun a Saache Klimaschutz an Energiespuermesurë via is sozial Medien an isen Internetsite. Is Ressourcë musse geschount ginn, dat huet sech di lescht Mint ganz klar gewisen an dëst Jar huet iist (klengt) Lëtzebuerg den “Overshoot Day” schonn de 14. Februar begaangen!
Mir kucken zesumme mat den Natur-a Geopark-Gemenge fir en eenheetlecht Konzept ze erstellen.
Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech 2023 d’Bierger an Ärer Gemeng freeën?
D’Ëmnotzung vun der Scheedges Kierch. D‘Viruplange vun iser neier Schoul. Di gruuss nei Spillplaz um Burgkapp. D‘Weiderplange vun iser Duerfplaz zu Konsdref. Nach verschidde Verkéiersberouegungs-Moossnamen an iiser Gemeng.
Wat wënscht oder erhofft Dir Iech fir 2023? Fir 2023 wënschen ech mir Fridden an Europa, an no Covid, Krich an Energiekris een Zeréckkom men an eng gewëssen Normalitéit.
D’Geschäftsan d’Handwierksleit aus der Gemeng
wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2023
Eng Legislaturperiod geet op en Enn. Wéi eng Projete sollen nach bis d’Gemengewalen ofgeschloss oder op de Wee bruecht ginn?
Bis zu de Wale soll nach den Ausbau vum Späicher am Gemen genhaus fäerdeg gestallt ginn. Doduerch kënne mir de Service fir d'Bierger weider verbesseren. Weiderhi soll och de Stroossebau projet zu Mënjecker ofgeschloss ginn, wouduerch mir do rëm e modernt a performant Reen- an Ofwaassernetz wäerten hunn. Ech ginn dervun aus, dass mir am Laf vum nächste Joer d'Proje ten vun eisem Pompjeesbau zu Berbuerg a vun der Crèche zu Berbuerg kënnen ufänken. Mir hunn u béiden Initiative vill geschafft a si sinn immens wichteg fir d'Gemeng. De Pompjeesbau brauche mir fir eise CIS, deen eng enorm wäertvoll Aarbecht fir all d'Leit leescht an deemno och endlech adequat Gebailechkeete brauch. D'Crèche ass noutwendeg, well mir aktuell net genuch Plazen hunn fir déi vill jonk Famille mat hire Kanner, déi bei eis an der Gemeng wunnen. Dat wäerte mir änneren. Doniewent wäerte mir och nach en Infrastruktur-Projet fir Reen-an Ofwaasser zu Lelleg starten, bei deem et leider vill Retarde gi sinn.
Wéi bléckt Dir op d‘Zäit an Ärem Amt zeréck? Wat wäert Iech besonnesch an Erënnerung bleiwen?
Et war eng ganz schéin an intensiv Zäit. Dat schéint un der Gemengepolitik ass, dass ee ganz no bei de Bierger ass an domat de Leit ganz oft séier hëllefe kann. Engersäits kann een um Gemengenniveau vill konkret ëmsetzen, anerersäits ass een och ëmmer vu verschiddene Ministèren a Verwaltungen ofhängeg
a gëtt deelweis vun hinne gebremst. Dofir daueren d'Proje ten deelweis enorm laang, wat enervant ka sinn. Do ass et da wichteg, um Ball ze bleiwen an d'Nerven net ze verléieren. A gudder Erënnerung bleift mir och déi konstruktiv Zesum menaarbecht mam Schäffen- a Gemengerot, a virun allem och mam Gemengepersonal. Op si konnte mir och a schwie regen Zäiten ëmmer zielen. Flott ze gesi war och d'Hëllefsbe reetschaft ënnert de Gemengen aus der Regioun. Déi Solida ritéit, déi ënnert de Responsabelen aus de Gemenge gelieft gëtt, hëlleft eis alleguer, fir besser am Sënn vun de Biergerin nen a Bierger ze schaffen.
Et ginn eng Rei Projeten, op déi mir kënnen houfreg sinn. Besonnesch frou sinn ech awer, dass mir d'Problematik an d'Polemik, déi virun de leschte Wale ronderëm de Parking virun der Schoul zu Berbuerg waren, mat engem neie Par kingskonzept konnte léisen. Dëst Konzept dréit enorm zu der Sécherheet vun alle Schoulkanner bei an ass deemno och e wichtege Pilier am Schoulalldag. D'Sécherheet vun de Kan ner muss eist Haaptuleies sinn. Mir hunn domat eise flotte Schoulsite, deen immens flott fir all d’Kanner aus den zwou Gemengen ass, weider opgewäert. An deem Kontext hu mir och mam „Séchere Schoulwee“ e Projet ëmgesat, deen et de Kanner erlabe soll, op engem séchere Wee kënnen zu Fouss an d'Schoul oder op de Bus ze goen. Bei dësem Projet bleift awer an den nächste Joren nach vill ze doen. Houfreg sinn ech awer och iwwer eis vill Projeten am Kader vum Klima pakt, déi eis Gemeng nach méi nohalteg a liewenswäert maachen.
De Krich an Europa an di aktuell Energie- a Klima kris maache jidderengem grouss Suergen. Wéi eng Moossnamen huet Är Gemeng geholl, fir d’Bierge rinnen an d’Bierger an dësen Zäiten ze ënnerstëtzen resp. fir Energie anzespueren?
Mir hu scho virun e puer Joer eng Allocation de solidarité + agefouert, mat där mir deene Stéit, déi finanziell net sou gutt opgestallt sinn, eng Hëllef zoukomme loossen. Dës Mesure ass an der aktueller Situatioun natierlech nach méi wich teg. Doniewent konnten d'Biergerinnen an d’Bierger och een Energiespuerkit bei eis op d'Gemeng siche kommen. Leit, déi nohalteg an energiespuerend Projete bei sech doheem reali séieren, kënnen dofir e Subsid bei der Gemeng ufroen. D'Gemeng selwer versicht natierlech mam gudde Beispill virzegoen, a souvill Energie wéi méiglech anze spueren. Mir hu scho virun e puer Joer ugefaan gen, all eis Stroosseluuchten op LED ëmze rüsten. Mir hu bis elo knapp 90% gepackt. An der Nuecht ginn dës Luuchten och bis op 30% rofgefuer. Verschidden Aussebeliichtungen, wéi déi vum Gemengenhaus an der Kierch, loosse mir an der Nuecht ganz ewech.
D’Gemeng Manternach wënscht schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer!
D´Chrëschtdagsbeliichtung, déi komplett LED ass, reduzéiere mir och. Mir sensibiliséieren och d´Personal an de Gemengege baier besser opzepassen a keng Energie onnéideg ze verbëtzen. Mir wäerten och an den nächste Jore verstäerkt op de Wee goen, fir onofhängeg vu fossile Brennstoffer ze ginn a méi erneierbar Energien ze notzen.
Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech 2023 d’Bierger an Ärer Gemeng freeën?
Mir wäerten och d’nächst Joer erëm eis flott Mäert zu Berbuerg organiséieren. Mir wäer ten och erëm bei der Nuit du Sport matmaa chen. Doniewent sinn et awer virun allem eis Veräiner, déi dat ganzt Joer iwwer flott Evenementer organiséieren a sou aktiv zum Duerfliewe bäidroen. E grousse Merci dofir.
Niewent de scho genannte Projete wäerte mir och nach weider dru plangen, d’Maison Relais auszebauen; et si weider Infras trukturprojeten um Programm – wéi beispillsweis d’Strooss um Eier an d’Syrdallstrooss zu Manternach. Dës an nach vill aner Projete wëlle mir d’nächst Joer nach weider virundreiwen.
Wat wënscht oder erhofft Dir Iech fir 2023? Ech wënschen alle Leit schéi Feierdeeg, e gudde Rutsch an e gesond a glécklecht Joer 2023.
D’Geschäftsan d’Handwierksleit aus der Gemeng
wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2023
Eng Legislaturperiod geet op en Enn. Wéi eng Pro jete solle nach bis d‘Gemengewalen nach ofge schloss oder op de Wee bruecht ginn?
Mir schaffe weider u Konzepter fir d’Schoulsitte Waasserbëlleg a Mäertert auszebauen an ze moderniséieren. Och a Punkto Héichwaasserschutz hu mir eng 1. Phas op de schwieregen Instanzewee bruecht. No de ville Projeten déi mir realiséiert hunn, wäert sécher d’Fäerdegstellung vun eiser Waasserspillplaz am Park zu Mäertert ee flotten Ofschloss an Highlight vun dëser Legislaturperiod ginn.
Wéi bléckt Dir op d‘Zäit an Ärem Amt zeréck? Wat wäert Iech besonnesch an Erënnerung bleiwen? Positiv, trotz kenger einfacher Legislaturperiod mat Corona an engem onnéidege Krich. Besonnesch an Erën nerung bleiwe selbstverständlech den Ausbau vun eise schouleschen a gesellschaftlechen Infrastrukturen zu Mäertert an zu Waasserbëlleg. Spektakulär war d’Awei
ung vun eiser neier elektrobedriwwener Fär a Presenz vum Ierfgroussherzog Guillaume.
Op wéi e Projet wärend Ärer Amtszäit sidd Dir besonnesch houfreg? Ganz kloer déi 2 nei Schoulen.
Wéi war d’Zesummenaarbecht mam Gemengerot? Et ass wéi am normale Privatliewen. Mat deem enge gëtt ee besser eens wéi mat dem aneren. An de seelenste Fäll gëtt ee guer net eens, an da kënnt et zu Majoritéitsent scheedungen.
De Krich an Europa an di aktuell Energie- a Klima kris maache jidderengem grouss Suergen. Wéi eng Moossnamen huet Är Gemeng geholl, fir d’Biergerinnen an d’Bierger an dësen Zäiten ze ënners tëtze resp. fir Energie anzespueren? D’Gemeng ënnerstëtzt zanter Joren hir Bierger, andeems se Subside fir d’rationell Notzung vun Energie ausbezuelt.
Iwwert de Pacte Climat 1.0 respektiv 2.0 hu mir vill Wäert op Opklärung geluecht. Mir schaffen enk mat der Klima-Agence zesummen, déi d’Bierger bei Renovatiounsprojeten a punkto Energiespuere beréit. Des Basis berodung ass gratis a fir d’Detailberodung mam Energie pass kréien d’Bierger 50% Subsid. Mir sinn amgaang eist kommunal Subsidreglement unzepassen, fir d’Bierger nach méi ze ënnerstëtzen.
Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënnen sech 2023 d’Bierger an Ärer Gemeng freeën?
Eis Gemeng ass eng lieweg Gemeng, mat villen Evene menter a mat neie Quartieren, déi an dëst Liewen integréiert ginn. Fir d’Kanner: d’Waasserspillplaz wäert am waarme Summer vill Freed maachen, besonnesch deene Kanner, déi sech et net leeschte kënnen, an d’Vakanz ze fueren.
Wou ass Är perséinlech Liblingsplaz an Ärer Gemeng?
Eist Gemengenhaus “Um Prënz” zu Waasserbëlleg.
Wat wënscht oder erhofft Dir Iech fir 2023?
Dass de Krich an d’Leed dat domat verbonnen ass endlech eriwwer geet an d’Léit erëm an Normalitéit liewe kënnen. Awer och dass déi ganz wirtschaftlech respektiv energe tesch Situatioun sech net nach verschlëmmert. Dorënner leide besonnesch déi Léit mat klengem Akommes. D’Geschäftsan d’Handwierksleit aus der Gemeng
wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2023
D'Highlights vum Joer 2022 an der Gemeng Mäertert
Waasserbëlleg Aweiung vun der neier Schoul a Presenz vum Educatiounsminister Claude Meisch
Mäertert Gutt Stëmmung um Eastcoast Festival zu Mäertert am Park
vun der neier rollstullgerechter Tennisanlag a Presenz vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert
Für die Honigcreme die Sahne und den Honig in einem Topf auf etwa 40 Grad erwärmen, 3-4 Esslöffel davon entnehmen und mit dem Eigelb glatt rüh ren, danach die Eigelb Masse in die warme Sahne geben und unter ständigem rühren auf 85 Grad erhitzen, nun die weiße Kuvertüre dazu geben und zu einer glatten Creme verarbei ten, in ein kaltes Gefäß umfül len, mit Frischhaltefolie direkt auf der Oberfläche bedecken und im Kühlschrank erkalten lassen.
Zucker, Glukosepulver und Milchpulver vermischen, Milch und Sauerrahm hinzufügen und zuletzt den Zitronensaft unter mengen, alles glatt rühren und in der Eismaschine gefrieren.
Milch mit Agar Agar aufkochen und für 1 Minuten leicht köcheln lassen, anschließend dünn auf ein Backblech oder eine andere flache Form ausgießen und im Kühlschrank erkalten lassen, vor dem Servieren in einer beliebi gen Form ausstechen.
Den Zucker in einer Pfanne leicht karamelli sieren und die Mandeln darin wälzen, zum auskühlen auf einem Backpapier verteilen.
Alle Komponenten auf einem Teller anrichten und nach Belieben garnieren.
Ech wënschen Iech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer! Agence Laurent Haas 7, rue du Port, L-6685 Mertert laurent.haas@baloise.lu
Eng Legislaturperiod geet op en Enn. Wéi eng Projete sollen nach bis d’Gemengewalen ofgeschloss oder op de Wee bruecht ginn?
Et sinn nach eng ganz Partie Projeten ënnerwee an et ass lei der onméiglech all eenzelnen hei opzezielen. Ech hunn der e puer erausgepickt.
Duerch d’Héichwaasserkatastroph vum Juli 2021 hu mir eis politesch Prioritéite missen upassen, well essentiell Gemengeninfrastrukturen zerstéiert goufen. Mir schaffe grad intensiv un de Pläng fir den Neibau vum Centre polyvalent zu Bur, mat Sportshal, Musekssall, Maison relais, Klassesäll fir de Cycle 1, souwéi d’Schafung vun zousätzleche Klassesäll fir d’Cyclen 2 bis 4.
Des Weideren entsteet grad um Site vum Schoulcampus “am Bongert” zu Rouspert e Modulbau fir d’Kapazitéiten vun der Maison relais ze erweideren. Sou soll weiderhinn all Kand aus der Gemeng vun den néidege Betreiungsinfrastrukturen pro fitéiere kënnen.
Fir eis Matbierger ab 50 Joer schaffe mir aktuell zesumme mat de Gemengen Iechternach a Ralingen (DE) un engem grenziw werschreidenden Club Aktiv +. Hei wäerte kreativ, sportlech a kulturell Aktivitéite fir jonk a manner jonk Matbierger/innen ugebuede ginn, déi et hinnen erméiglechen nei Kontakter ze knëppen a flott Momenter zesummen ze verbréngen.
Zu Rouspert un der Sauer entsteet grad en neit Clubhaus fir eise lokale Waasserschiveräin.
Op wéie Projet wärend Ärer Amtszäit sidd Dir besonn esch houfreg?
Datt mir ganz vill Kanner mat neie Spillplazen uechter d’Ge meng konnte frou maachen: Mompech, Uesweller, Dickweiler an Hierber.
Wéi war d’Zesummenaarbecht mam Gemengerot?
Mir kënnen houfreg sinn op eng flott a konstruktiv Zesum menaarbecht am Gemengerot.
Wou ass Är perséinlech Liblingsplaz an Ärer Gemeng?
Giischterklaus – e klengt, idyllescht Dierfchen ëmgi vu Bëscher a Felder am Häerz vun eiser Gemeen. Et ass déi rich teg Plaz fir “rof” ze kommen.
Wat wënscht oder erhofft Dir Iech fir 2023?
Ech wënsche mir fir 2023, datt deen onsënnege Krich an der Ukrain endlech op en Enn geet. Et ass wichteg, datt mir och d’Energiepräisbrems an eisem Portmonni spieren an net an der Mëtt vum Mount musse fäerten, datt et net méi duer geet bis déi nächst Pai/Rent.
Ech wënschen Iech all schéi Chrëschtdeeg, e gudde Rutsch an d’Joer 2023, eng gutt Gesondheet an Zefriddenheet.
D’Geschäftsan d’Handwierksleit aus der Gemeng
wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2023
D'Highlights vum Joer 2022 an der Gemeng Rouspert-Mompech
Aweiung vun den neien Infrastrukturen um Camping du Barrage
Visitt vum Grand-Duc Henri am Geopark Mëllerdall
Iechternach
Generalversammlung vun der Lokalsektioun vum Roude Kräiz a Presenz vum Direkter vum Roude Kräiz
An enger Statistik iwwer d’Zuel vun den Dokteren op dausend Awunner rangéiert Lëtzebuerg wäit ënnert dem Weltduerchschnëtt an ënnert dem EU-Duerchschnëtt, wat och mat dem onkontrolléierte/staarke Bevëlkerungswuess tem vun eisem Land zesummenhänkt.
D’ADR Osten fuerdert Efforte vun der Regierung:
• fir de Medezinstudium allgemeng ze promouvéieren;
• fir den Dokterberuff an eisem Land erëm méi attraktiv ze maachen;
• fir datt eis Medezin-Studenten no hirem Studium zeréck an eist Land kommen;
• fir datt et an all Regioun vum Land, och am Osten, genuch Doktere gëtt;
• fir datt den Osten eng Maison médicale kritt;
• fir datt all Patient d’Wiel huet, a wat fir enger Verwal tungssprooch d’Gespréich mam Dokter stattfënnt.
Dir wëllt d’Chamberwalen 2023 zesumme mat der ADR Osten gestalten? Mellt Iech iwwert info@adr.lu oder um Telefon 26 20 37 06.
Crémants POLL-FABAIRE Quality Crémants exclusively grown and produced in Luxembourg's Moselle region since 1991 pollfabaire.lu pollfabaire
A Domaines Vinsmoselle brandAlcohol abuse is dangerous for your health, drink in moderationDir hutt doheem geraumt a vill schéi Saachen, déi Dir net méi braucht? Da setzt si an eng Annonce a maacht en anere glécklech domat. Oder sidd Dir op der Sich no eppes?
Hei fannt Dir vläicht dat passent. Privat Annonce kënnt Dir eis per E-Mail op burton@pt.lu mailen.
Z. verk. Kinderpousette Marke Quinny, sehr guter Zust. sehr wenig gebraucht, 200€; Babylauflernge stell 30€. +352 80 92 96
+352 621 554 044
Z. verk. Akkustabheckenschere Black&Decker, Winkelstellung+ Heckenkronen 2 m Länge möglich mit 2 Akkus + Ladegerät. 75€. +352 80 92 96
+352 621 554 044
Z. verk. 2 Teichpumpen + Aussen filter neuwertig. 80€; Kärcherlanze ausziehbar bis 2 m L. 50€. +352 80 92 96
+352 621 554 044
Z. verk. Babybett + hochwerti ge Matraze in sehr gutem Zust. (verstellbar zum Kinderbett) 80x80x145cm, 75€. +352 80 92 96
+352 621 554 044
Z. verk. Einmachgläser komplett mit Gummiringe+ Deckel: 12x 0,75. 5x 1ltr: 25€. +352 80 92 96
+352 621 554 044
Z. verk. Flohmarktartikel Weih nachtsdeko, Gläser, Porzellan, Holz schaukelpferd, Stofftiere Steif uv +352 691 847 249
Z. verk. Uraal Kannerpoussette aus Eisen Setz a Reck aus Lieder. +352 71 00 04
Z. verk. Kärcher K4 Premium full control 170€, wenig gebraucht, fast neuw. mit allem Zub. Nur Abholung. +352 691 252 720
Z. verk. neuw. Babybjörn Wippe hellgrau mit Orginal Spielzeug, we nig gebraucht wie neu. Abholpreis 90€. Foto auf Anfrage +352 621 716 388
Z. verk. Husqvarna Rider 94 cm 13 C guter Zust. u. Heckenschere 65 cm / 600 W, wenig gebraucht. Preis VS. +352 691 705 421
Z. verk. Gülle Pumpfaß Marchner 6000 Ltr. Bereifung 550/60 - 22,5, sowie Holzöfen, Feldschmiede, Schmiedefeuer u. Schraubstöcke. 4 Winterreifen 205/60R16 96H, +49 06561/8008 +49 0160 96551409
Z. verk. Rollator für Männer, nie im Gebrauch, 50€ +352 621 510 844
Z. verk. preiswert 5 neue Hosen, wegen Sterbefall, nicht getragen; schöne Weste beige, alles neu. +352 83 71 89
Z. verk. 2 Paar Schuhe schwarz und beige, Gr. 41. +352 83 71 89
Z. verk. 6 Tëntenpatrounen Brother 225XL, 50 € +352 621 271 652
Z. verk. neue Babykleider Marken ware für Jungs und Mädchen, Herbst-Winter Gr. 68-98. +352 691 847 249
Z. verk. Damen E-BIKE Gazelle C310, Bosch KM-Zähler LCD Display, Bosch Batterie extra Power plus 500 Wh, integr Schlass, Fousstänner, ganz gudden Zoust. 2000 €. +352 621 185 574
Z. verk. E-Bike Focus Jarifa 3.9. XL von 2019. 2 Batterien 400 WH. Neue Kette/Sitz. 1200€. +352 621 190 966
Kaufe alte Postkarten, Fotos, Bücher, alte Armbanduhren u. Omaschmuck, sowie alles aus dem 2. Weltkrieg. +352 691 645 207
Suche Hitch für John Deere Lanz 300er oder 310er Serie. +49 065847384 oder +49 157 8535 7643
Kaufe alte Münzen, alte Geldschei ne, aller Art und Medaillen +352 691 645 207
Z. verk. Dachgepäckdréier fir Volvo V90 oder V70 (3x gebraucht), 100 €. +352 621 271 652
A v. 2 bons pneus d’hiver d’oc casion/Z. verk. 2 gute Winterrei fen Bridgestone Blizzak LM005. 235/50R/101 V, (DOT 3319) Sans jantes, 70€ +352 661 196 991
Z. verk. 4 Felgen Diewe Wheels Trina Platin matt 8.5x19 ET31 (5/110) [Radtyp:D1191 - Radgröße nach Norm: 8 1/2 J X 19 H2] mit 4 Reifen Pirelli Scorpion Winter (235/ 55/R19 101V) [DOT 33 19] mit RDKS-Ventilen. 16.000 Km gelaufen. 550€. +352 661 196 991
Z. verk. Plaken fir de Plakespiller, Klassisch Modern Schlager. +352 71 00 04
Z. verk. antiker Eichentisch halbrund mit 3 Tischbeinen B1.30 x H0.70, Ab holpreis 75€. +352 691 847 249
Z. verk. Spiegel Goldfassetener Rahmen L1.10 x H0.50, Abholpr. 30€; Waschschüssel mit Krug weiß/blau es Muster, 32€; antike Holzbank hell Laage gedrängt, 220€. +352 691 847 249
Z. verk. sehr gut erh. luxemb. Massivholztisch aus Kirschenholz 250€, ø 1,24 m, 0.74 m hoch. Nur Abholung. +352 691 252 720
Z. verk. Esstisch Kirschbaum Massiv holz mit 2 Einlagen von Trotel inkl 4 Stühle und 2 Sessel alle stoff bezogen. Mit Zertifikat, 300€. Nur Abholung. +352 691 252 720
Z. verk. Dänischer Designer LederSessel und Fussablage von Boel Jensen, fast neuwertig, 600€. Nur Abholung.
352 691 252 720
Z. verk. Büroeinrichtung Triolog in hellgrauem Design, sehr gut erh. 350€; Wohnzimmer Ledergarnitur Musterring 700€, alles sehr gut erh. Nur Abholung.
+352 691 252 720
Z. verk. Kirschbaum Konsole Louis XV 85x76x34 von Trotel mit Zertifikat und facettierter Goldwandspiegel 80x105 von DeKnuth, sehr gut erh. 700 €.Abholung.
+352 691 252 720
Z. verk. Gemälde vom Luxemb. Maler Neumans (Vase mit Flieder) 130×100cm, 980€ à disc. +352 621 482 984
Z. verk. Gemälde vom holländischen Maler Steen, (Landschaft über 100 Jahre Alt) 80×57cm. 880€ à disc. +352 621 482 984
A v. chaise ( Louis Xvi) 850 € à disc. +352 621 482 984
A v. 4 pneus d'hiver A/jantes (Con tinental) 185×65 R 15T (90%Profil ) 280€ à disc. +352 621 482 984
Z. verk. 2 alte Öfen/2 fours en fer anciens (1x Marke Godin), 50 resp. 80 € Abholpreis.
+352 621 763 745
Z. verk. 2 alte Spiegel/2 miroirs an ciens. Dunkler Rahmen/cadre foncé. Abholpreis: 40 € +352 621 763 745
A v. salon Windsor en cuir Bordeaux, 1er choix, bois teinté acajou brillant. Etat neuf. 2500 € +352 621 763 745
Z. verk. Relaxsessel bordeauxrot , elektr., neuwertig, sehr guter Zust. Abholpr.:500 € + Relaxsessel dun kelbraun elektr. 80€. +352 621 763 745
Z. verk. versch. Bilder mit Rahmen, Humpengläser der Brauerei Boffer ding, versch. Gläser von V & B in der Verpackung, neuwertig; Enzyklo pedie von Brockhaus, Jg 1997, 24 Bände neuw., 75€ pro Band. +352 621 368 737
Z. verk. 3-teilige Sitzgarnitur Nappa leder, Farbe anthrazit + Glasesstisch mit 4 Stühlen günstig wegen Umzug abzugeben.
+49 01520 1953 805
Gratis abzuholen: Tischtennisplatte mit Netzgarnitur (Donic, Indoor)
+352 661 810 309
Zu verschenken grosser Trampolin +352 621 269 146
Zu verm. Rosport, Studio 50m2 neuf, cave park. cuis. équip. 700€, auch als Büro geeignet, Internetanschluss.
+352 621 502 221
Haus in Echternach gesucht, Einfamilienhaus oder größer, renovierungsbedürftig oder exklusiver oder Grundstück, kein Makler, privater Nutzer, Diskre tion ist gewährleistet.
+352 621 314 058
Unterstellplatz für WohnmobileWohnwagen,KFZ aller Art zu ver mieten Irrel, 0651/354
+49 151 44647339
3 Zimmer Küche Bad in D-Bollen dorf ab sofort frei, keine Haustiere 680€ inkl. Nebenkosten.
+49 170 9328 980
Fir méi Infoen iwwer privat Annoncen scannt dëse QR-Code
Bitte alles von A bis Z anbieten
Kostenlose Wertschätzung
Gerne mit Vorlage meines Personalausweises
3 Tage Preisgarantie
Abwicklung seriös, fair & diskret
Bronzefiguren, Teppiche, Porzellan, Kristall, Möbel, Wand-/ Stand-/ Tischuhren, Musikdosen, alle Weine, Champagner & Cognac, Elfenbein, alter Modeschmuck, Schallplatten, Musikinstrum., Puppen, Perücken, Zinn, Näh- & Schreibmaschinen, Schreibmaterial, Werkzeuge, Münzen, Briefmarken, Bücher, Bibeln, Orden, Militaria, ...
Omega, Breitling, Rolex, AP, TAG Heuer, Patek Philippe, Glashütte, IWC, Tudor, Cartier, uvm. Schmuck
Alles aus Gold & Silber (auch beschädigt), Gelb- & Weißgold, Goldschmuck, Münzen, Barren, Platin, Rhodium, Diamanten, Altgold jeglicher Art, auch Dental-/Zahngold
Pelzbekleidung, Handtaschen, Krokotaschen, Reiseko er, alles von Hermès, Louis Vuitton, Gucci, Armani, Cartier u. Montblanc.
Oldtimer, Youngtimer, Wohnmobile, Autos, Unfallfahrzeuge. Bitte alles anbieten!
www.auktionen-gross.com Tel.: (+352) 621 649 191
Sidd Dir op der Sich no enger neier berufflecher Erausfuerderung?
Hei fannt Dir eng Rei interessant Aarbechtsplazen an eiser Regioun! Kuckt eran! Är Firma sicht Verstäerkung?
Kontaktéiert eis gären op burton@pt.lu fir Är Annonce op dëser Säit ze reservéieren.
Iechternach
Maacht och Dir mat a schéckt eis Är Terminer vu Maniffen an der Regioun fir an déi nächst Ausgab vun der Muselzeidung op burton@pt.lu
Sa 26
So 18.12
IECHTERNACH Ausstellung
Esou ginn Helde gebuer Trifolion Org. Lëtzebuerg City Museum & Gemeng Iechternach
Fr 23.12
BÄERDREF Ausstellung
Galerie Pascale Seil Annick Mersch, Christophe Poissonnier, Pascale Seil
Fr 25 So 11.12
BUERGLËNSTER Ausstellung Schlass
Lidia Markiewicz, Lily Scholtes, Carmen Dieschbourg-Weber, Thierry Hahn Fr 18 - 21 Auer Sa & So 12 - 18 Auer
BEEFORT Wantermaart
alen Duerfkär 12 - 20 Auer
BUR Wanterconcert
Kierch. Fräien Entrée Org. Burer Musik 19 Auer
IECHTERNACH Concert
Rita Payés, Luisa Sobral Trifolion Org. Echter'World Festival 20 Auer
REISDUERF Chrëschtmaart bei der Gemeng
26 & 27
IECHTERNACH Echter'World Festival Trifolion
So 27
BOLLENDUERFER BRÉCK Advents-Concert
Akkordeons Frënn Esch/Alzette Kierch Org. Oeuvres St. Jean Bäerdref & Duerfgemeinschaft Bollendorf-Bréck 15 Auer
BUERGLËNSTER Concert
Trio Koch Org. d'Frënn vum Bierger Schlass 17 Auer
FIELS Hierkefest Kleederfabrik Org. Amis de la Fleur Fiels/Iernzen 11.30 Auer
HIERBER Chrëschtmaart Brennerei 10 - 18 Auer
IECHTERNACH Concert Misia Trifolion Org. Echter'World Festival 20 Auer
SCHOUS Schluechtfest Org. Senioreveräin
Dë 29
IECHTERNACH Konferenz
D'Gräfin Ermesinde: liberal, fromm an national Trifolion, mam Dr. Pit Péporté Fräien Entrée 20 Auer
Do 01
IECHTERNACH Concert
Wiener Sängerknaben Trifolion 20 Auer
Do 01 Sa 24
FËSCHBECH Adventsfënster
Org. Kultur- a Veräinskommissioun
Fr 02 & Sa 03
IRREL XMAS Party
Gemeindehalle „Neue Mitte“ Org. Musikverein Lyra Irrel Fr 19 Uhr & Sa 16 Uhr
Fr 02 So 04
MÉISCHDREF Chrëschtmaart Org. Frënn vum Méischdrefer Chrëschtmaart
MËLLERDALL Chrëschtmaart Touristcenter Heringer Millen Fr 17 - 22 Auer, Sa 12 - 22 Auer & So 11 - 18 Auer
Sa 03
JONGLËNSTER Wëldowend
Info/Umeldung: fcjj.lu/weld Org. FC Jeunesse Jonglënster
BUERGLËNSTER
D'Pabeierscheier beim Schlass ass op Org. Lëtzebuerger Bicherfrënn 14 - 18 Auer
JONGLËNSTER Bicherbazar
Centre Polyvalent Gaston Stein Org. Lënster Bicherclub Luxemburgensia asbl 10 - 16 Auer
Mé 05
FËSCHBECH
De Kleeschen fiert duerch d'Gemeng Org. Club des Jeunes
IECHTERNACH
Trifo littéraire Liesung mam Florence Sunnen & Lambert Schlechter Trifolion 20 Auer
NOUMER De Kleeschen kënnt Org. Amicale Pompjeeën Gemeng Noumer
Do 08
IECHTERNACH
Live Sketching
mam Dr. Michel Summer „En ass et!“ Fräien Entrée Trifolion 19 Auer
IECHTERNACH Sanges Plus Kammerata Luxembourg Trifolion 20 Auer
Fr 09
FËSCHBECH Wanterfest Fëschber Nopeschfest
IECHTERNACH Rhythm of the Dance Trifolion 20 Auer
Sa 10
NOUMER Chrëschtfeier Amiperas NOUMER Chrëschtconcert Kierch Org. Museksfrënn Gemeng Noumer
So 11
BUERGLËNSTER Concert Schlass
Org. d'Frënn vum Bierger Schlass 17 Auer
Më 14 IECHTERNACH Maart Maartplaz
Fr 16 & Sa 17
REISDUERF Theater
„Muerges Fango, Owes Mord“ Centre polyvalent Rés. 621 318 281 (18-20.30 Auer) oder tfbigelbach@web.de Org. Theaterfrënn Bigelbach
Sa 17
BECH Wanterconcert Kierch Fräien Entrée Org. Bech-Berbuerger Musek 20 Auer
IECHTERNACH Chrëschtconcert Europae Concentus Basilika 20 Auer
So 18
HIEFENECH Benefizconcert Kierch Org. Musikensembel Divertimento 17 Auer
IECHTERNACH Kannermusical
Kanner vun der Iechternacher Museksschoul Trifolion 11 Auer
IECHTERNACH Chrëschtconcert Basilika Org. Basilikachouer 17 Auer
KONSDREF Chrëschtconcert Muselfénkelcher, Kanner- a Jugendchouer Konsdref Centre polyvalent Kuerzwénkel 17 Auer
Fr 23 IRREL
Weihnachtskonzert
Pfarrkirche St. Ambrosius Org. Musikverein „Lyra“ 19.30 Uhr
NOUMER Chrëschtfeier Keller Org. Elterevereenegung
So 25
HIERBER Bal IceBreaker Hierber Scheier
Da freet Iech op di nächst Ausgab, déi Dir den 29. Dezember an Ärer Boîte fannt!
An der nächster Ausgab erwaarden Iech d'Sonderthemen:
Wéi ëmmer vill Infoen, Fotoen a Reportagen aus der Regioun, déi mir mat Iech zesumme verëffentlechen.
Maacht och Dir mat a schéckt eis Är Fotoen, Maniffen oder privat Annoncë fir an di nächst Ausgab eran!
Oder kontaktéiert eis an eise Fotograf kënnt bäi Iech op d’Plaz.
Wëllt Dir als Betrib eng Annonce an der nächster Ausgab vun der Sauerzeidung reservéieren?
Eis Mediadaten fannt Dir op presss.lu oder Dir scannt direkt dëse QR-Code
Eis Ekipp ass fir Iech do!
Rufft eis un ënner Tel. 75 87 47 oder schreift eis op burton@pt.lu
All d’Infoe fir di nächst Zeidung kënnt Dir bis den 9. Dezember eraschécken!
D'Sauerzeidung huet eng Oplo vun 21.700 Exemplairen, si gëtt eemol de Mount publizéiert a gratis un all Haushalt am Kanton Iechternach verdeelt souwéi an de Gemenge Fëschbech, Hiefenech, Jonglënster, Fiels, Noumer, Reisduerf an an der Ärenzdallgemeng souwéi am däitsche Grenzgebitt laanscht d'Sauer.
Sauerzeidung
Editeur : presss s.à r.l.
Adress: 30, rue de Trèves L-6793 Grevenmacher
Web: www.presss.lu
Dréckerei: Est-Imprimerie
Titelsäit: AdobeStock / shangarey
Illustratiounen: S. 4 lénks, AdobeStock / VectorBerry
S. 4 riets, AdobeStock / Konovalov Pavel
S. 7, AdobeStock / Maria Nenogliadova
S. 110, vu lénks no riets (1./3./4.):
AdobeStock / Production Perig, Worytko Pawel, Arsel
S. 110 lénks, AdobeStock / nikiteev
S. 110 riets, AdobeStock / devitaayu