Muselzeidung 492

Page 30

Biwer

Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Biwer

Le

nt

z

D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Biwer den Alldag an der Pandemie rc a gemeeschtert, wéi eng Aarbechte M konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng? E grousse Schrëtt fir d’Zukunft vun eiser Gemeng war d’Prozedur fir d’Neifaassung vun eisem Allgemenge Bebauungsplang (PAG). Am Mäerz vun dësem Jar hat de Gemengerot déi offiziell Prozedur lancéiert an esou de Kader gesat, wéi eis Gemeng sech an deene kommende Jare wäert entwéckelen. Mir wëlle weider eng héich Liewens- a Wunnqualitéit an eiser Gemeng erméiglechen, de ländleche Charakter vun eisen Uertschaften erhalen a gläichzäiteg abordabele Wunnraum schafen.

30 MUSELZEIDUNG BIWER

Trotz Corona ass et an eiser Gemeng zu kengem Stëllstand komm a wichteg Projete konnte weider geplangt an duerchgefouert ginn. Et freet een ze gesinn, datt eis Veräiner hir Aktivitéiten nees konnten ulafe loossen an och ganz gutt besicht sinn. Am Respekt mat de jeeweilege Coronamesuren duerfte mir als Schäfferot och nees eisen Awunner fir hir Gebuertsdeeg (85ten) oder Hochzäitsjubiläen (Gëllen- oder Diamantenhochzäit) gratuléiere goen an eis iwwerzeegen, datt d’Moral bei eisen Awunner gutt ass. Als Buergermeeschter hunn ech mech dann och iwwer déi vill Hochzäite gefreet déi ech duerft zelebréieren: dat sinn ëmmer flott a perséinlech Momenter mat eisen Awunner! Ech freeë mech och iwwer déi dësjäreg Ausgab vun der Aktioun ‘Adventsfënsteren’, déi eis Integratiounskommissioun nees organiséiert: vum 1. bis 24. Dezember wäerte rëm flott dekoréiert Fënsteren d’Wanterzäit an eisen Uertschafte verschéineren.


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.