Muselzeidung 492

Page 42

Gréiwemaacher Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Stad Gréiwemaacher

lo

de

n

D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Stad Gréiwemaacher den Alldag G an der Pandemie gemeeschtert, wéi n Léo eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Stad? Fir d’éischt huet d’Stad Gréiwemaacher sech dëst Joar eng nei Corporate Identity ginn. Den neie Logo representéiert d’Eegeschafte vun der Muselmetropol; méi faarweg, awer modern a prett fir d’Zukunft. A punkto Covid-Gestioun hu mir de vulnerable Leit weider en Akafsservice ugebueden, eis administrativ Servicer, souwäit et méiglech war, iwwer Telefon an Email erleedegt. Selbstverständlech hu mir fir d’Maacher Bierger zertifizéiert Schnelltester ausgestallt a scho fréi gratis Maske verdeelt. Zu Maacher war och eent vu véier Verdeelungszentren am Land, déi Schnelltester fir Betriber verdeelt hunn. D‘Stad Gréiwemaacher huet hire Biergerinnen a Bierger Akafsbonge geschenkt, a fir Nationalfeierdag huet jiddereen e besonnesche Kaddo kritt. D’Maacher Geschäftsleit si finanziell ënnerstëtzt ginn an d’Taxe fir Terrasse si wärend der Pandemie ausgesaat ginn. D’Maacher Schwämm konnt trotz ville Restriktiounen hir Dieren dëse Summer opmaachen. Wéinst dem gudde Wie 42 MUSELZEIDUNG GRÉIWEMAACHER

der am September ass d’Schwämm dann dëst Joar och méi laang opbliwwen. D’Baustelle, wéi zum Beispill d‘Clubheem op Flohr, d’Infrastrukturaarbechten an der Rue Leitschbaach an an der Rue des Tisserands, konnten ofgeschloss ginn. De Parking Réngmauer wäert Enn November opgoen an d’Parksituatioun zu Maacher nach eng Kéier verbesseren. Dës Weidere goufe Borne fir d’Opluede vun E-Bikes opgeriicht, d’Beliichtung fir d’Foussgänger verbessert an eng fonkelnei Spillplaz am Weier gouf gebaut. D’Baustell vum Centre culturel, dee komplett erneiert gëtt, mat neier Busgare a Parking ass dëst Joar gutt viru komm. 2021 ass och de PAG fir Maacher gestëmmt ginn, ënnert aanerem wäert am Pietert e komplett neie Wunnquartier fir ca. 250 Leit entstoen. Och fir de Schluss vum Joar huet d’Stad Gréiwemaacher nach vill vir; de Kleesche kënnt nees, wéi gewinnt, bei d’Kanner op d’Moartplaz, a mir organiséieren dëst Joar e besonnesche Chrëstmoart. Domat goufen a ginn et dëst Joar zu Maacher vill Highlights, déi op en Neits weisen, datt d‘Muselmetropol d‘Heemecht vum „Miseler Way of Life“ ass. Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen? Den traditionnelle Wäimoart hu mir dëst Joar mol anescht gemaach. All Wënzer huet sech per Video virgestallt, an et konnt ee sech “Wäimoart in the box” mat enger Auswiel u lëtzebuerger Wäiner a Cremante bestellen. Fir d’Aweiung vun eisem neie Comptoir op der kleener Moartplaz hu mir zesumme mat der Maacher Musek e Summerfest organiséiert.


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.