Muselzeidung 492

Page 72

D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng

Jonglënster wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022

Jonglënster Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Jonglënster

Re

itz

D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d‘Gemeng Jonglënster den Alln ai dag an der Pandemie gemeeschtert, m Ro wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng? Mir sinn op eiser Gemeng an Zesummenaarbecht mam ganze Personal wärend der ganzer Zäit vun der Pandemie ganz gutt eens ginn a mat enger grousser Disziplin hu mir et gepackt erëm an den normalen Aarbechtsbetrib iwwer ze wiesselen. E grousse Rendez-vous war de Lënster Maart, dee wärend zwee Deeg am September an enger neier Form mat flotte Concerten a ville verschiddene Stänn stattfonnt huet. Do krute mir en immens gudde Feedback a mir schaffe schonn drun, fir et am nächste Joer nach besser ze maachen. Mir hunn de Pakt vum Zesummeliewen ënnerschriwwen, well Integratioun an eiser Gemeng e ganz wichtegt Thema ass. Den neie Klimapakt wäert eis an den nächste Joren an alle Beräicher alles ofverlaangen. Donieft hu mir e Vëloskonzept ausgeschafft, dat all eis Dierfer an iwwer 40 km Vëlosweeër duerch d’Gemeng Jonglënster

72 MUSELZEIDUNG JONGLËNSTER

matenee verbënnt. An op de méi wéi 25 Wanderweeër an eiser Gemeng hänken elo Schëlder mat QR-Coden. Wann een déi scannt, kritt een e ganze Koup Informatiounen iwwert déi Plaz, op där ee grad dee Moment ass. Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen? Eent vun de markantsten Erliefnisser am Summer waren di grouss Iwwerschwemmungen, déi net nëmmen d’Uertschafte laanscht déi grouss Flëss aus dem Land gepräägt hunn, mee och dat villt Waasser, dat eisen Awunner aus der Gemeng grouss Problemer a Schied bruecht huet. Immens grouss war di geliefte Solidaritéit ënnert de Leit, an dat huet een houfreg gemaach. De Leit vum CGDIS an eisem Regiebetrib soen ech e grousse Merci, dass si an Zesummenaarbecht dës oft schwéier Situatiounen exzellent geléist hunn. Mir sinn amgaangen e Konzept auszeschaffe géint de Staarkreen an hoffen domat den Auswierkunge vum schnelle Klimawiessel entgéintzewierken. Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën? Eise Gemengebuet, de Lënster MAG, kënnt an engem ganz neie Format eraus an an engem Layout, deen der haiteger Zäit entsprécht. E wäert nëmmen nach all zwee Méint publizéiert ginn, dofir awer méi e spannende Contenu wéi Reportagen an Interviewen enthalen. Och den Internetsite gëtt un déi haiteg Bedierfnisser ugepasst:


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook

Articles inside

KLEINANZEIGEN Bitte, danke

8min
pages 160-161

FOTOSZALOT

2min
pages 158-159

GESCHMORTE URKAROTTEN

2min
pages 156-157

MARONEN-APFEL-BROT

4min
pages 154-155

SÜSSE KRÄNZE

2min
pages 148-149

LEBKUCHENMOUSSE

1min
pages 150-151

WORMER

5min
pages 140-145

KIERMESCRÈME

2min
pages 146-147

STADBRIEDEMES

5min
pages 136-139

SCHËTTER

9min
pages 130-135

ROUSPERT-MOMPECH

3min
pages 118-119

SAARBURG

3min
pages 120-121

NIDDERAANWEN

7min
pages 100-103

MÄERTERT

5min
pages 80-83

MANTERNACH

7min
pages 88-93

KAISERSCHMARRN

4min
pages 112-117

JONGLËNSTER

8min
pages 72-79

GRÉIWEMAACHER

10min
pages 42-53

FLUESSWEILER

5min
pages 34-37

BETZDER

8min
pages 26-29

LEBKUCHEN

1min
pages 62-63

PROST OP IECH

1min
pages 8-11

BIWER

7min
pages 30-33

EXPO DUBAI

1min
pages 12-13

SPORTLECH ËNNERWEE

0
pages 14-15
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.