Muselzeidung mz480

Page 110

STADBRIEDEMES Interview mam Buergermeeschter

MARCO ALBERT

Mir erliewen de Moment iwwerall op der Welt eng schwéier Zäit. De Coronavirus huet d’ganz Gesellschaft fest am Grëff a ganz vill Leit maache sech Suergen, wéi alles weidergeet. Wat ass fir Iech an dëser Zäit dat Wichtegst, wéieng Roll spillen an dëser schwiereger Zäit d’Gemengen? Dat Wichtegst ass sécherlech, dass mir alleguer probéieren eis selwer an eis Matbierger beschtméiglech ze schützen. Vu Gemengesäit aus war an ass et wichteg d’Richtlinne vu der Santé, der Regierung an anere Ministèren an Institutioune séier a beschtméiglech ëmzesetzen, och wann dat heiansdo mat gréisseren Efforte verbonnen ass. Wéi gesäit de Moment d‘Veräinsliewe bäi Iech an der Gemeng aus? Bei de Sportsveräiner haten se d’Saison ugefaangen, konnten dunn awer nëmmen nach ënner ganz spezielle Konditioune weiderfueren. E puer Veräiner hu sech kreativ gewisen a verschidden Aktiounen op d’Been gestallt, natierlech ëmmer am Respekt mat den néidegen Hygiènesmesuren, wéi zum Beispill Take-out, Drive-in, … Dës schwiereg Situatioun, déi elo schonns esou laang dauert, wäert e signifikanten Afloss op d’Finanze vun de meeschte Veräiner hunn oder kréien, speziell bei deenen, déi mat héije Fixkaeschte bei hiren Aktivitéite konfrontéiert sinn. D’Veräinsliewen ass a bléift e wichtegen Deel vum Duerf a vum sozialen Zesummeliewen, de Gemengerot ass sech däers bewosst an an dëser spezieller Situatioun kéinte speziell Ënnerstëtzungen neideg ginn. Ginn et Geleeënheeten an Ärer Gemeng wou d’Leit sech, trotz der schwiereger Situatioun, ënnert deene virgeschriwwenen Hygiènesmesurë begéine kënnen an hir sozial Kontakter fleege kënnen? Där Geleeënheete goufen et vu Gemengesäit net ganz vil, just e puer. Eis normal Aktivitéiten op der Gemeng hu mir ënnert den néidege Virsichtsmoossname, beibehalen. Et ass eis bei dësen Aktivitéite wichteg gewiescht d’Ustiechungsgefor net onnéideg ze erhéijen. Ass de Moment eppes an Ärer Gemeng wärend der Adventszäit geplangt? Nee, net wierklech. No der rezenter Entwécklung zënter Mëtt Oktober ass et néideg, d‘Ustiechungsgefor esou kleng wéi méiglech ze halen, an dobäi ass d’Reduzéiere vun de Kontakter e wesentleche Faktor. Domat sinn dann och all eventuell Aktiounen an/oder Festivitéiten, wou et Rassemblementer vu Leit gëtt, ofgesot.

110 MUSELZEIDUNG

Vill Betriber haten et wärend dem Lockdown net einfach oder hunn elo nach Schwieregkeete mat der aktueller Situatioun iwwert d’Ronnen ze kommen. Wéieen Impakt hat de Lockdown op d’Gemengefinanzen, wäerte geplangte Projeten an der Gemeng net kënnen ëmgesat ginn? Den Impakt vun der Corona Situatioun op d’Gemengefinanzen ass substantiell, an dat net nëmme fir 2020, mee och wei et ausgesäit, fir 2021. Well mir awer eng gutt finanziell Situatioun schonn zënter enger Rei Joren hunn, lafen all eis Projete weider, och wann der e puer, bedéngt duerch Covid-19, Verspéidung kritt hunn. Mir hunn also net wëlles Projete wéinst Covid net ëmzesetzen. Och wann di Zäit vun der Pandemie net einfach ass, goufen et awer och positiv Aspekter. War hei eppes Extraes an Ärer Gemeng wat een erwäne kann? Do kann ee vläicht soen, dass mir frou sinn, dass d’Bierger aus der Gemeng, an zwar alleguer, sech wierklech gutt un déi veraennert Reegelen a Richtlinne gehal hunn. Och wann d’Reegelen an d’Verhalensrichtlinnen ëfters geännert gi sinn, heiansdo schwéier nozevollzéien, an dach hunn d’Leit sech esou gutt wéi méiglech drugehalen a vill Versteesdemech gewisen. Konnten trotz der Pandemie Projeten an Ärer Gemeng fäerdeggestallt ginn? Natierlech hu bal all eis Projeten am Infrastruktur- a Bauberäich méi oder manner Verspéidung duerch de Confinement an den uschléissende Congé collectif kritt, trotzdeem konnten eng Rei vu méi klenge Projete fäerdeg ginn. E puer méi grousser wäerten dann awer och geschwë kënne realiséiert ginn. Duerch d’Pandemie war de Summer dëst Joer anescht. Vill Leit hu Vakanz Doheem gemaach. Wéi war den Zoulaf un Touristen dëst Joer bäi Iech an der Gemeng? Ouni dass mir do detailléiert Zuelen hunn, wor et däitlech ze gesinn, dass méi Leit, an dovun e grous-


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.